Jean-Pierre Jeunet
Ausgesinn
Jean-Pierre Jeunet | |
---|---|
Gebuer |
3. September 1953 Le Coteau |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmediteur, Regisseur |
Member vun | WGA West |
De Jean-Pierre Jeunet, gebuer den 3. September 1953 zu Roanne, (Loire), ass e franséische Filmregisseur a Dréibuchauteur.
Mam Marc Caro zesummen huet de Jean-Pierre Jeunet seng éischt Erfolleger am Kino gefeiert. Delicatessen a La Cité des enfants perdus sinn duerch hire Stil an hir Geschicht opgefall. Déi Filmer hunn aus dem Alldeeglechen eppes fantastesches gemaach.
D'Weeër vum Caro a Jeunet hu sech getrennt, wéi Hollywood dem Jeunet ugebueden hat, eng Suite zu Alien ze dréien.
Mat Le fabuleux destin d'Amélie Poulain huet de Jeunet e Film gedréint, deen net nëmmen originell ass, deen awer och nach e ganz grousse Succès am Kino hat.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- 2002 César vum franséische Film fir déi bescht Regie: Jean-Pierre Jeunet: Le fabuleux destin d'Amélie Poulain.
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]Regisseur
[änneren | Quelltext änneren]- 1978: L'évasion (Regie zesumme mam Marc Caro)
- 1980: Le manège (Regie zesumme mam Marc Caro)
- 1981: Le bunker de la dernière rafale (Kuerzfilm vu 26 Min.) (Regie zesumme mam Marc Caro)
- 1984: Pas de repos pour Billy Brakko (Kuerzfilm vu 5 Minutten)
- 1989: Foutaises (Kuerzfilm vun 8 Minutten)
- 1991: Delicatessen (Regie zesumme mam Marc Caro)
- 1995: La cité des enfants perdus (Regie zesumme mam Marc Caro)
- 1997: Alien: Resurrection
- 2001: Le fabuleux destin d'Amélie Poulain
- 2004: Un long dimanche de fiançailles
- 2010: Micmacs à tire-larigot
- 2013: L'extravagant voyage du jeune et prodigieux T.S. Spivet
Dréibuchauteur
[änneren | Quelltext änneren]- 1981: Le bunker de la derniere rafale (zesumme mam Gilles Adrien a Marc Caro)
- 1984: Pas de repos pour Billy Brakko
- 1989: Foutaises (zesumme mam Bruno Delbonnel)
- 1991: Delicatessen (zesumme mam Gilles Adrien a Marc Caro)
- 1995: La cité des enfants perdus (zesumme mam Gilles Adrien a Marc Caro)
- 2001: Le fabuleux destin d'Amélie Poulain (zesumme mam Guillaume Laurant)
- 2004: Un long dimanche de fiançailles (zesumme mam Guillaume Laurant no engem Roman vum Sébastien Japrisot)
- 2010: Micmacs à tire-larigot
- 2013: L'extravagant voyage du jeune et prodigieux T.S. Spivet
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jean-Pierre Jeunet – Biller, Videoen oder Audiodateien |