Alien (Film)

Vu Wikipedia
Alien
Film
Produktiounsland USA
Groussbritannien
Produktiounsjoer 1979
Première 25. Mee 1979
Dauer 117 min
Faarf Faarweg
  Eastmancolor
Format 2,35:1 - 35 mm
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Ridley Scott
Dréibuch Dan O'Bannon
Fotografie Derek Vanlint
Musek Jerry Goldsmith
Schnëtt Terry Rawlings
David Crowther
Peter Weatherley
Dekoren Michael Seymour
Produzent Gordon Carroll
David Giler
Walter Hill
Produktiouns-
gesellschaft
20th Century Fox,
Brandywine Productions
Schauspiller
Tom Skerritt als Dallas
Sigourney Weaver als Ripley
Veronica Cartwright als Lambert
Harry Dean Stanton als Brett
John Hurt als Kane
Ian Holm als Ash
Yaphet Kotto als Parker
Bolaji Badejo als Alien
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Alien ass en US-amerikanesch-brittesche Film vum Ridley Scott aus dem Joer 1979 no enger Geschicht vum Dan O'Bannon a Ronald Shusett.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2122 flitt d'Raumschëff Nostromo no engem laangen Openthalt am Weltall zeréck op d'Äerd. Ënnerwee fänkt den Equipage e Signal op, dat vun engem onbewunnte Planetoid kënnt. Si huelen un datt et e Noutruff ass. Um Planetoid fanne s'awer nëmmen en zerstéiert Raumschëff. Vun do schleefe si en onbekannt Wiese mat an hiert Raumschëff, dat sech um Kapp vun engem vun hinne festgekrallt huet. Séier mierke se datt dat e fatale Feeler war,…

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De grousse Succès vum Film, eng Mëschung aus Horror- an Actionfilm, deen an engem Science-Fiction-Kader spillt, huet zu e puer Suitë gefouert. Verschidden Dekoren an och dat friemt Wiese goufe vum Hansruedi Giger entworf.

Alien ass deen éischten Actionfilm, an deem eng Fra d'Haaptroll spillt, an um Enn an engem Duell ëm Liewen an Doud dem Géigner géintiwwer steet. En huet der Sigourney Weaver hirer Karriär zum Erfolleg verhollef.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]