Suspicion (Film 1941)
Ausgesinn
![]() | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1941 |
Première | 1941 |
Dauer | 99 min |
Faarf | Schwaarz-Wäiss |
Format | 1,37:1 - |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Alfred Hitchcock |
Dréibuch |
Samson Raphaelson Joan Harrison Alma Reville no engem Roman vum Anthony Berkeley |
Fotografie | Harry Stradling |
Musek | Franz Waxman |
Schnëtt | William Hamilton |
Dekoren | Van Nest Polglase |
Produzent |
Harry E. Edington RKO Radio Pictures |
Produktiouns- gesellschaft | RKO Pictures |
Schauspiller | |
Cary Grant als Johnnie Aysgarth Joan Fontaine als Lina Cedric Hardwicke als Generol McLaidlaw Nigel Bruce als Beaky May Whitty als Mrs. McLaidlaw Isabel Jeans als Mrs. Newsham Heather Angel als Ethel Leo G. Carroll als Melbeck Alfred Hitchcock | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre ![]() |
Suspicion ass en US-amerikanesche Film vum Regisseur Alfred Hitchcock aus dem Joer 1941 nom Roman Before the Fact vum Anthony Berkeley.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Den Johnny Aysgarth e charmante jonken Här léiert am Zuch déi jonk schei Lina kennen. Den Johnny bestit sech mam Lina. Nom Bestietnes mierkt si, datt de Johnny e Spiller ass, dee Geld léint an dat bei Wetten op Päerdscoursse verspillt. Nodeems dem Johnny säi Geschäftsfrënd op eng mysteriéis Manéier ëm d'Liewe koum, verdächtegt d'Lina den Johnny, de Frënd ermuert ze hunn. Si fänkt un dem Johnny seng Post opzemaachen an ze liesen, doduerch mengt se och nach den Johnny hätt wëlles si ze vergëften…
Cameo-Optrëtt vum Hitchcock
[änneren | Quelltext änneren]Den Hitchcock wërft e Bréif op der Post an.