Bruce Willis

Vu Wikipedia
Bruce Willis
op der Comic Con vu San Diego 2010
Gebuertsnumm Walter Bruce Willis
Gebuer 19. Mäerz 1955
Idar-Oberstein
Nationalitéit USA
Educatioun Montclair State University
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Sänger, Schauspiller, Synchronspriecher, Delegéierte Produzent, Filmproduzent, Dréibuchauteur
Famill
Bestuet mat Emma Heming
Geschwëster David Willis
Kanner Rumer Willis, Scout Willis, Talulah Willis

De Walter Bruce Willis, gebuer den 19. Mäerz 1955 zu Idar-Oberstein (Rheinland-Pfalz), ass en US-amerikanesche Schauspiller, Filmproduzent a Sänger.

De Bruce Willis ass an Däitschland op d'Welt komm, wou seng Elteren op enger Militärbasis geschafft hunn. Seng Jugend huet hien am New Jersey verbruecht. Duerno ass hien op New York gaangen, fir Schauspiller ze ginn. Am Ufank huet hie virun allem an Theaterstécker gespillt, an huet bis 1987 och als Sänger (Under the Boardwalk) eng Karriär probéiert.

Bekannt gouf en duerch seng Roll an der TV-Serie Moonlighting (1985-1989); den Duerchbroch als international bekannte Schauspiller hat en 1988 als John McClane an der Haaptroll vum Film Die Hard.

Enn Mäerz 2022 huet dem Bruce Willis seng Famill matgedeelt, datt den Acteur seng Karriär aus gesondheetleche Grënn un den Nol hänkt[1].

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bruce Willis – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Wéinst Krankheet: Filmstar Bruce Willis zitt e Schlussstréch ënnert seng Karriär. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-03-31.