Film noir

Vu Wikipedia

De Film noir ass e Filmgenre, bei deem d'Haaptfigur meeschtens en desillusionnéierten Detektiv, en Eenzelgänger ass. An dee gëtt duerch eng Femme fatale an eng Situatioun bruecht, aus där en net méi erauskënnt. De Film noir spillt an der Reegel bannent Stied, an däischtere Géigenden.

De Robert Sklar huet en essou definéiert:

"De Film noir kennt een erëm u sengem Sënn fir e Mënsch, deen an der Fal ass - gefaangen an engem Netz vu Paranoia an Angscht, e Mënsch, deen net ëmstand ass Schold vun Onschold an echt Identitéit vu falscher z'ënnerscheeden. Die Béis si lackeleg a sympathesch ... . Seng Helde si schwaach a duercherneen. D'Ëmwelt ass däischter an zou, an d'Plazë si gro. Um Enn gëtt dat Béist opgedeckt, awer et bleift onkloer, wat aus dem Gudde gëtt."[1]

Et fält op, datt de Begrëff, am Géigesaz zum Grujelfilm oder dem Gangsterfilm spéider erfonnt gouf an dann eréischt op d'Filmer iwwerdroe gouf.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

An der Nummer 61 vun der Zäitschrëft L'Écran Français vum 28. August 1946 op der Säit 8 huet de franséische Filmkritiker Nino Frank iwwer en neie Filmgenre geschriwwen. A sengem Artikel "Un Nouveau genre 'policier': l'aventure criminelle" ass en op Filmer agaangen, déi am Zweete Weltkrich gedréit goufen, an 1946 nach net an Europa gewise goufen. Hien huet als Éischten den Ausdrock "Film noir" gebraucht an haaptsächlech un dem John Huston säin The Maltese Falcon mam Humphrey Bogart a Peter Lorre geduecht an un This Gun for Hire aus dem Joer 1942 vum Frank Tuttle mat der Veronica Lake no engem Roman vum Graham Greene.

Wou kënnt de Film noir hier?[änneren | Quelltext änneren]

D'Quelle ginn zeréck op déi englesch Gothic-Romanen iwwer der Daphne du Maurier hir ongeheier Erzielunge bis op d'Detektivgeschichte vum Dashiell Hammett oder Raymond Chandler, déi bekanntst US-amerikanesch Kriminalschrëftsteller. Den Afloss vun europäesche Filmregisseure wéi Alfred Hitchcock, Anatole Litvak oder Julien Duvivier war ganz kloer. Wann een nach méi wäit hannerzeg geet, kënnt e beim däitschen expressionistesche Film vu virum Krich eraus; wéi de Film Das Kabinett des Doktor Caligari vum Rober Wiene vun 1921.

Zum Film noir gi besonnesch Produktioune gezielt, déi tëscht dem Ufank vun de 40er an Enn vun de 50er an den USA gedréint gi sinn. Déi meescht sinn als sougenannte B-Filmer entstanen.

Typesch Vertrieder vum Film noir[änneren | Quelltext änneren]

Film noir no Joer[änneren | Quelltext änneren]

Bicher zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Alan Silver an James Ursini: Der Film noir (Originaltitel: The Noir Style) Köln, 2000, Könemann Verlagsgesellschaft
  • Barbara Steinbauer-Grötsch: Die lange Nacht der Schatten. Film noir und Filmexil, Bertz + Fischer, 2005, ISBN 3-86505-158-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Film noir – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Movie-made America. A Cultural History of American Movies.