B-Movie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) B-Film)
Raw Deal (1948) Bullets! Women!.. Can't hold a man like this!

B-Movie oder B-Picture (seelen och B-Film) gouf fréier dee bëllegste Film vun engem sougenannten Double Feature (d.h zwéi Filmer am Stéck) genannt. Haut versteet een ënner B-Movie meeschtens allgemeng en zweetklassege Film, mat gewéinlech engem niddrege Budget an engem niddrege kënschtlereschen Usproch.

Sou Filmer sinn dacks Horror- resp. Splatter-, Science-Fiction oder Actionfilmer.

Si koumen an der Wirtschaftskris vun den 1930er Joren op, wéi d'Nofro no bëlleger Ënnerhalung grouss war. B-Movie-Studioe waren z. B. Republic Pictures oder Monogram Pictures. Regisseure wéi den Edgar G. Ulmer hu soss näischt wéi B-Movies gedréint a waren drop spezialiséiert, mat engem klenge Budget a wéineg Dréideeg e Film 'an d'Këscht' ze kréien. Net rar gouf dobäi, fir ze spueren, an de Kulisse vu méi grousse Produktione gedréint.

An den 1950er/1960er Jore goufe virun allem de Roger Corman an den Jack Arnold als B-Movie-Regisseure bekannt.

Net wéineg Schauspiller hunn a B-Movien ugefaangen, a sech dann an d'Hollywoodfilmer eropgeschafft, wéi z. B. den Jack Nicholson oder den John Wayne. Ëmgedréint hu fréier Staren, deenen hire Zenit iwwerschratt war, nach a B-Movien en Akommes fonnt (wéi z. B. de Bela Lugosi an de Filmer vum Trashregisseur Ed Wood).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]