Op den Inhalt sprangen

Horrorfilm

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Grujelfilm)
Eng Zeen aus Le Manoir du diable (1896) vum Georges Méliès, engem vun den éischten Horrorfilmer

En Horrorfilm oder Grujelfilm ass a Filmgenre, dee versicht negativ emotional Reaktioune beim Zuschauer ervirzeruffen, andeems e mam Publikum senger Angscht spillt. En enthält dacks makaber oder iwwernatierlech Zeenen, déi iwwer dem Zuschauer seng Albdreem, seng verstoppt Angscht, säin Eekel oder säin Terror virum Onbekannten handelen.