Wayne Morris (Amerikanesche Schauspiller)

Vu Wikipedia
Wayne Morris
Gebuer 17. Februar 1914
Los Angeles
Gestuerwen 14. September 1959
Oakland
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun Los Angeles City College
Aktivitéit Offizéier, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller

De Wayne Morris, gebuer als Bert DeWayne Morris de 17. Februar 1914 zu Brooklyn a gestuerwen de 14. September 1959 zu Oakland, war en US-amerikanesche Film- an Theaterschauspiller a Fligerass.

Nodeem hien 1940 am Fligerfilm Flight Angels matgespillt huet an him d'Fléie richteg gefall huet, huet hien eng Ausbildung als Pilot gemaach.

Am Ufank vum Zweete Weltkrich huet sech bei der Naval Reserve engagéiert an hie gouf Pilot bei der Navy. Vum Fligerdréier USS Essex aus ass hien Asätz mat engem F6F Hellcat geflunn. Dobäi huet hie siwe Japaner erofgeschoss a war beim Versenke vu fënnef japanesche Schëffer bedeelegt. Fir déi Leeschtunge krut e véiermol d'Distinguished Flying Cross an zweemol d'Air Medal.

Nom Krich huet hien an engem ganze Koup low-budget-Westernfilmer a Serië matgespillt.

Filmer (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wayne Morris (Amerikanesche Schauspiller) – Biller, Videoen oder Audiodateien