Phantom of the Opera (Film 1943)

Vu Wikipedia
Phantom of the Opera
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1943
Première 1943
Dauer 92 min
Faarf Faarweg
  Technicolor
Format 1,37:1 -
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Arthur Lubin
Dréibuch Eric Taylor
Samuel Hoffenstein
John Jacoby
no engem Roman vum
Gaston Leroux
Fotografie W. Howard Greene
Hal Mohr
Musek Edward Ward
Schnëtt Russell F. Schoengarth
Dekoren Alexander Golitzen
John B. Goodman
Produzent George Waggner
Universal Pictures
Produktiouns-
gesellschaft
Universal Studios
Schauspiller
Nelson Eddy als Anatole Garron
Susanna Foster als Christine DuBois
Claude Rains als Erique Claudin
Edgar Barrier als Raoul Daubert
Leo Carrillo als Ferretti
Hume Cronyn als Gerard
Frank Puglia als Villeneuve
Miles Mander als Pleyel
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Phantom of the Opera ass en US-amerikanesche Film vum Arthur Lubin aus dem Joer 1943 nom Roman Le Fantôme de L'Opéra vum Gaston Leroux.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

No 20 Joer als Violonist an der Paräisser Oper gëtt den Erique Claudin (Claude Rains) entlooss well hien aus Gesondheetsgrënn keng Gei méi ka spillen. Als anonymme Mäzen huet hie jorelaang d'Ausbildung vun der Sängerin Christine Dubois (Susanna Foster) matfinanzéiert. Elo steet hien ouni Suen do. Seng lescht Hoffnung ass e Concerto deen hie geschriwwen huet a vun deem hien d'Partitur un de Museksverlag Pleyel & Desjardins geschéckt huet. De Verlagsdirekter (Miles Mander) huet keng Loscht d'Partitur ze kucken a seet zum Claudin säi Stéck wier näischt wäert. De Claudin kritt doduerch Sträit mam Direkter an erwiergt hien. Dem Direkter seng Assistentin wëll him hëllefen a geheit dem Claudin eng Saier an d'Gesiicht. De Claudin leeft fort an hält sech duerno am Ënnergrond vun der Oper op. Vun do aus versicht hien dann heemlech der Christine Dubois hir Karriär z'ënnerstëtzen a versicht d'Direktioun vun der Oper z'erpressen…

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]