Op den Inhalt sprangen

Ernest Hemingway

Vu Wikipedia
Ernest Hemingway
Gebuer 21. Juli 1899
Oak Park
Gestuerwen 2. Juli 1961
Ketchum
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit USA
Educatioun Oak Park and River Forest High School
Aktivitéit Krichskorrespondent, Dréibuchauteur, Romancier, Journalist, Dramatiker, Dichter, Schrëftsteller, Novellist, Prosaist, Reporter
Auteursrechter Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt
Gielercher Lëscht Nobelpräis Literatur, Florida Artists Hall of Fame, Medaglia al Valor Militare
Famill
Bestuet mat Hadley Richardson (1921–1.1.1927),
Pauline Pfeiffer (1.1.1927–1.1.1940),
Martha Gellhorn (1.1.1940–1.1.1945),
Mary Welsh Hemingway (1.1.1946–1961)
Kanner Gloria Hemingway
Dem Hemingway seng Ënnerschrëft
Monument fir den Ernest Hemingway zu Roudemer

Den Ernest Miller Hemingway, gebuer den 21. Juli 1899 zu Oak Park, engem Faubourg vu Chicago am US-Staat Illinois, a gestuerwen den 2. Juli 1961 zu Ketchun am Idaho, war en US-amerikanesche Schrëftsteller.

Den Ernest war dat zweet vu sechs Kanner vum Dr Clarence Edmonds Hemingway, engem Dokter, an der Grace Hall, déi hiert ganzt Liewe mat Migrän a Photophobie geplot war. Béid waren déifgleeweg Membere vun der First Congregational Church.

Den Ernest Hemingway ass scho fréi virun den Zwäng vu sengem Elterenhaus an der Schoul fortgelaf an huet een abenteuerlecht Liewe gefouert.

1918 war hie fräiwëllege Sanitäter (Chauffer beim Roude Kräiz) op der italieenescher Front, 1921-27 Korrespondent an Europa, 1936-37 am Spuenesche Biergerkrich op der Säit vun de Republikaner an 1944-45 beim Debarquement vun den Alliéierten a Frankräich als Krichsreporter.

Visitt zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Den Hemingway ass de 17. Dezember 1944 an engem Konvoi vun aacht Journaliste vu Paräis aus, am amerikanesche Quartier général zu Lëtzebuerg ukomm. Hien ass dunn op de Kommandoposte vun der 22. amerikanescher Infanterie-Divisioun ënner dem Colonel Charles T. Lanham virugefuer, deen an enger ëmgebauter fréierer Millen zu Roudemer ënnerbruecht war. Vun den Hiwwele bei Präiteler a Konsdref aus huet hien d'Kämpf vun der amerikanescher Arméi observéiert. Säin Artikel iwwer déi schwéier Kämpf an der Regioun ëm Iechternach, Bäerdref, Lauterbuer, Uesweller an Dickweiler gouf am Januar 1945 am Time & Life-Magasinn publizéiert.[1] Ëm Chrëschtdag 1944 trëfft den Hemingway sech mat senger deemoleger Fra, der Krichsreporterin Martha Gellhorn am Hotel Cravat an der Stad. De Rendez-vous ass schlecht verlaf an d'Koppel ass am Sträit ausernee gaangen. Den Ernest Hemingway hat och säi Brudder Leicester op Lëtzebuerg invitéiert an déi zwéin hu sech an der éischter Woch am Joer 1945 och am Stater Hotel getraff. E puer Deeg nom Treffe mat sengem Brudder ass den Ernest Hemingway op Kuba virugereest.[2][3]

Den Hemingway huet sech mat 61 Joer d'Liewe geholl. Hie konnt am Alter wéinst senger Krankheet säin Ideal vun enger stänneger Bewärung an der Erausfuerderung a Gefor am Krich, beim Stéierkampf a bei der Héichséifëscherei, net méi verwierklechen. Ausserdeem huet hien ugefaange blann ze ginn.

Den Ernest Hemingway krut 1954 den Nobelpräis fir Literatur

„for his mastery of the art of narrative, most recently demonstrated in The Old Man and the Sea, and for the influence that he has exerted on contemporary style. – The Nobel Prize in Literature 1954

Wéinst senger schlechter Gesondheet war hien net mat um Banquet den 10. Dezember 1954 am Stadhaus zu Stockholm. Den amerikanesche Botschafter huet de Präis fir den Auteur entgéintgeholl.

Literarescht Wierk (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
Portrait vum Ernest Hemingway 1950
(1926) The Torrents of Spring: a Romantic Novel in Honor of the Passing of a Great Race, New York, Scribners
(1926) The Sun Also Rises, New York, Scribners. Ënner dem Titel Fiesta 1927 zu London bei Cape
(1929) A Farewell to Arms
(1937) To Have and Have Not
(1940) For Whom the Bell Tolls
(1950) Across the River and Into the Trees
(1952) The Old Man and the Sea
(1970) Islands in the Stream
(1986) The Garden of Eden
(1999) True at First Light: a Fictional Memoir, New York, Simon & Schuster. Ënner dem Titel Under Kilimanjaro ass déi éischt netgekierzten Editioun eréischt 2005 bei Kent State University Press am Ohio eraus.

Kuerzgeschichten

[änneren | Quelltext änneren]
(1923) Three Stories & Ten Poems Paräis, Contact, 1923
(1925) Cat in the Rain
(1925) In Our Time
(1927) Men Without Women
(1933) Winner Take Nothing
(1936) The Snows of Kilimanjaro
(1938) The Fifth Column and the First Forty-Nine Stories, New York, Scribners. Gouf 1954 ënner dem Titel The Short Stories of Ernest Hemingway nees erausginn.
(1969) The Fifth Column and Four Stories of the Spanish Civil War
(1972) The Nick Adams Stories
(1987) The Complete Short Stories of Ernest Hemingway, New York, Scribners, 1987
(1995) Everyman's Library: The Collected Stories

Reportagen an aner Saachen

[änneren | Quelltext änneren]
(1932) Death in the Afternoon
(1935) Green Hills of Africa
(1962) Hemingway, The Wild Years
(1964) A Moveable Feast E Buch mat Erënnerungen u seng Paräisser Zäit, dat seng véiert Fra, d'Mary Hemingway, no sengem Doud erausgouf. Et geet rieds iwwer bekannt Literaten, déi sech an den Zwanzegerjoren zu Paräis erëmgedriwwen hunn, wéi den Ezra Pound, F. Scott Fitzgerald, de Ford Madox Ford, den James Joyce and d'Gertrude Stein
(1967) By-Line: Ernest Hemingway
(1970) Ernest Hemingway: Cub Reporter
(1981) Ernest Hemingway Selected Letters 1917-1961
(1985) The Dangerous Summer
(1985) Dateline: Toronto

Filmer op Basis vun Hemingway-Bicher

[änneren | Quelltext änneren]
(1932) A Farewell to Arms (mam Gary Cooper, der Mary Philips an dem Adolphe Menjou)
(1943) For Whom the Bell Tolls (mam Gary Cooper an der Ingrid Bergman)
(1944) To Have and Have Not (mam Humphrey Bogart an der Lauren Bacall)
(1946) The Killers (mam Burt Lancaster)
(1952) The Snows of Kilimanjaro (mam Gregory Peck)
(1957) A Farewell to Arms (mam Rock Hudson, der Jennifer Jones an dem Vittorio De Sica)
(1957) The Sun Also Rises (mam Tyrone Power)
(1958) The Old Man and the Sea (mam Spencer Tracy)
(1962) Adventures of a Young Man
(1964) The Killers (mam Lee Marvin)
(1965) For Whom the Bell Tolls, en engleschen Tëlee-Episodefilm (45 Minutten) mam John Ronane
(1977) Islands in the Stream (mam George C. Scott)
(1984) The Sun Also Rises
(1990) The Old Man and the Sea (mam Anthony Quinn)
(1996) In Love and War (mam Chris O'Donnnell)
 Commons: Ernest Hemingway – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikisource: Ernest Hemingway – Quellentexter
Wikiquote: Ernest Hemingway – Zitater

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de) Top 5: Berühmte Persönlichkeiten auf der Durchreise in Luxemburg. luxembourg.public.lu (02.06.2025). Gekuckt den 23.08.2025.
  2. (en) Gedenktafeln: Hemingway war auch in Luxemburg. mywort.lu (11.07.2011). Gekuckt den 23.08.2025.
  3. (lb) An d'Mille geroden: Den Ernest Hemingway zu Roudemer (20.02.2022). Gekuckt den 23.08.2025.