Diskussioun:Ernest Hemingway

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

wéint senger Krankheet. Wat hat de Mann dann? --Här Paschtouer 23:13, 21 Februar 2007 (UTC)

Den Ernest Hemingway huet ënnert fr:Trouble bipolaire oder de:Bipolare Störung gelidden. --Pecalux 10:57, 22 Februar 2007 (UTC)


Gudden Owend Här Paschtouer

Just eng kleng Informatioun. Hei schreift jiddreen dat wat e wees. Wann den Artikelschreiwer gewosst hätt watereng Krankheet den Hemmingway hat hätt en et och warscheinlech drageschriwwen.

De Wikipediaprinzip ass drop baséiert fir Wëssen aus allen Ecken erbäi ze kréien. Wann een eppes besser wees soll en dat dra schreiwen. Mat der Zäit solle sech duerch déi Korrekturen, d'Artikele verbesseren an opfëllen.

Froe stellen dingt do net ganz vill. Hei si Leit déi sech vill Méi ginn vir Informatiounen ze sammelen an se op d'Blat ze bréngen. Déi hunn da schonn e Beitrag geleescht. Mer hunn der leider net genuch déi op mannst een Artikel den Daag schreiwen.

All weider pertinent Informatioun ass wellkomm. Les Meloures 00:51, 22 Februar 2007 (UTC)


Moien. Ech war (bis elo) der Meenung, eng Enzyklopedie wier dozou do, fir eppes kënnen nozesichen. Hei schreift jiddreen dat wat e wees. Abee dann. Weess kritt zwéin s. A jiddreen kennt der Madame Derrmann-Loutsch hiert Wierderbuch och net. Wa Froe stellen hei net vill dingt (dat sollt wuel déngt sinn), soen ech dann emol Äddi a villmools Merci. --Här Paschtouer 10:23, 22 Februar 2007 (UTC)

Rebonjour:
Just zur Informatioun : wann der schonns beim Feeleropziele sitt, Dir hutt nach en Eifeler an eng aner falsch Schreifweis iwwersinn. Entweder alles oder näischt. Les Meloures 11:36, 22 Februar 2007 (UTC)

Halli. Dem Hemingway seng Biographie a besonnesch seng Gesondheetsproblemer gehéiere mat zu deem Komplizéiertsten an Ëmstriddenste wat et an der Literaturgeschicht gëtt. Graff gesot, e Liewen tëscht enger "spezieller" Mamm, de Whisky-Fläschen, an der Elektrokonvulsiounstherapie, an e Gefillsliewen am Schraufstack tëscht enger verkraachter Homophobie an engem Macho-Theater ass net einfach ze beschreiwen. --Cornischong 11:06, 22 Februar 2007 (UTC)

"an 1944-45 beim Débarquement vun den Alliéierten a Frankräich." : Watfir een Debarquement ass do gemengt? Dee vum 6. Juni 1944 an der Normandie, oder dee vum 15. August 1944 an der Provence? An, .... den Debarquement huet net vun 1944-45 gedauert. --Cornischong 08:51, 23 Februar 2007 (UTC)