James Joyce

Vu Wikipedia
James Joyce
Gebuertsnumm James Augustine Aloysius Joyce
Gebuer 2. Februar 1882
Rathgar
Gestuerwen 13. Januar 1941
Zürich
Doudesursaach Bauchfellentzündung
Nationalitéit Irland
Educatioun University College Dublin
Aktivitéit Dichter, Romancier, Enseignant, Auteur, Schrëftsteller, Journalist, Literaturkritiker, Prosaist

Den James Augustine Joyce, gebuer den 2. Februar 1882 zu Rathgar a gestuerwen den 13. Januar 1941 zu Zürich, war en iresche Schrëftsteller.

Hie gouf bekannt fir seng Wierker Dubliner, Ulysses a Finnegans Wake. Hie gëlt als ee vun de wichtegste Vertrieder vun der literarescher Modern.

Den James Joyce huet virun allem zu Dublin, Triest, Paräis an Zürich gewunnt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Den Joyce zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Vum 16. bis den 22. August 1934 waren den Joyce a seng Fra Nora am Stater Grand Hôtel Brasseur als Touristen zu Gaascht. Hie schrouf iwwer d'Stad: "This is a lovely quiet rose-growing part of dirty old Europe."[1]

Literaresch Auswierkungen op dës kuerz Presenz sinn a sengen Notebooks ze fannen (haut: Bibliothéik vun der University at Buffalo aus dem Staat New York), wou e sech d'Nimm vu Lëtzebuerger Flëss ("R. Sûre Sauer, R. Wiltz, Our, Attert, Alzette Black White Ernz Semois") notéiert hat, déi dann zum Deel a Finnegan's Wake opdauchen - als "that Luxuumburgher evec cettehis Alzette (...)".[2]

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: James Joyce – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portrait vum James Joyce

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Exposition: ‘This is a lovely quiet rose-growing part of dirty old Europe’. James Joyce à Luxembourg. Communiqué op bnl.public.lu, 22/03/2022.
  2. Marc Thill: "1934 war er in Luxemburg: Was James Joyce alles aus Luxemburg mitgenommen haben könnte." wort.lu [w+], 24.06.2022.