Hotel Brasseur

Vu Wikipedia
De fréieren Hotel Brasseur op enger Postkaart

Den Hotel Brasseur war en Hotel an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. E louch um Boulevard Royal, am Deel tëscht der Groussgaass an der Avenue Amélie; den Terrain ass duerch gaange bis an d'Aldringerstrooss.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Den Hotel deen 1873 seng Dieren opgemaach hat, war den éischten Touristenhotel an der Stad nodeems d'Festung geschleeft gi war. Bis 1896 gouf den Hotel vum Jean-Pierre Brasseur (1840-1929) gefouert ier e vum P. Beyens-Wehrli iwwerholl gouf.

1918 ass aus dem Hotel de „Grand Hotel Brasseur“ ginn an d'Gebai gouf vum Architekt Georges Traus vergréissert. Et hat duerno iwwer 100 Zëmmeren a war ee vun de groussen a wichtegen Hotellen an der Stad.

Am Brasseur si wichteg Perséinlechkeeten empfaange ginn, sou z. B. d'Keeserin Eugénie oder de Kinnek Leopold II.

Den Hotel gouf 1969 ofgerappt an huet Plaz fir d'Gebai vun der Kredietbank gemaach.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]