Groussgaass (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Groussgaass
D'Groussgaass mat Fändele fir den Nationalfeierdag
Lëtzeb. Numm Groussgaass,
Juddegaass
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Deel vun Kiem
Postcode L-1661
Koordinaten 49°36'43"N, 6°7'46"O, 49°36'43,45"N, 6°7'43,68"O
Morphologie
Längt 420 m
Héicht i. M. 306 m
Geschicht
Genannt 1648, 16. Mee 1925
D'Groussgaass, vum Roude Pëtz a westlecher Richtung gekuckt, 2006.
E Strooseschëld am Deel dee Juddegaass genannt gouf, ëm 1960.

D'Groussgaass (offiziell: Grand-Rue) an der Stad Lëtzebuerg ass en Deelstéck vun der aler Réimerstrooss Kiem, déi vun Arel op Tréier gefouert huet.

Bannent der zweeter Rankmauer huet een Deelstéck beim Roude Pëtz Aacht, Aachtgaass, Op der Uecht oder Aicht geheescht. Dat huet herrschaftleche Grondbesëtz bedeit. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Großgasse“ geheescht[1].

Den Deel tëscht der Neipuertsgaass an dem Boulevard Royal huet fréier(bis wéini?) zur Arsenalstrooss gehéiert[2][3] a gouf och eng Zäit laang Juddegaass genannt[3], als Erënnerung un de Juddekierfecht, deen an där Géigend existéiert sollt hunn oder well do ronderëm d'Juddepaart vill Judde gewunnt hunn.

Zanter dem 4. August 1979 ass d'Groussgaass fir den Trafic gespaart a se gouf mat e puer Stroossen an der Noperschaft (Lantergässel an Deeler vun der Poststrooss, an der Montereysavenue) Stéck fir Stéck an eng Foussgängerzon verwandelt[4].

Klasséiert Monumenter an der Groussgaass[änneren | Quelltext änneren]

Verschidden Haiser (oder Deeler dovun) an der Groussgaass stinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter. Et sinn dat:

Hausnummer Beschreiwung Niveau klasséiert zanter Bild
3 Ronnen Tiermchen am Hannerhaff MN 28. Juli 1989
3 Eckegen Tuerm an der hënneschter Fassad MN 28. Juli 1989
2, 4, 6 Ensembel vu Gebaier, Deel vum Komplex 'Am Dierfchen' IS 5. Mee 1978
2 Deel vum Komplex 'Am Dierfchen' IS 5. Mee 1978
4 Deel vum Komplex 'Am Dierfchen' IS 5. Mee 1978
6 Deel vum Komplex 'Am Dierfchen' IS 5. Mee 1978
8 fréier Mouerenapdikt: haaptsächlech d'Entrée mat deenen zwéi Panneauën aus Keramik;
 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mouerenapdikt an der Stad Lëtzebuerg.
IS 8. Mee 2009
9-11 Gebai IS 29. November 2012
13-17 Gebai;  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: A la Bourse.
IS 29. November 2012
19 Gebai IS 5. Mee 1978
23 Gebai IS 5. Mee 1978

{{{1}}}

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Groussgaass (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  2. Plan der ehemaligen Festung Luxemburg an: Luxemburger Illustrierte vum 10. Dezember 1926, Fascicule 49 - S. 381, gekuckt op bnl.lu de 16. Februar 2020
  3. 3,0 3,1 Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 29. Mee 1942, S. 3
  4. Diane Lecorsais, Geburtsstunde einer Fußgängerzone op wort.lu den 3. August 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 3. August 2019 ënnert dem Titel Anfänge einer Fußgängerzone S. 26-27