Waassergaass (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Rue de l'Eau
Waassergaass Niklosgaass.jpg
Numm lb: Waassergaass[1]
fr: Rue de l'Eau
Fréieren Numm lb: Niklosgaass
fr: Rue Saint-Nicolas
Längt ca. 215 m
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 1449
Koordinaten 49° 36’ 37.77’’ N
     06° 07’ 59.40’’ O
D'Waassergaass, op de Rouscht hi gekuckt
Paart op Nummer 20

D'Waassergaass (offiziell: Rue de l'Eau) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi vum Eck Ënneschtgaass/Clairefontainesplaz/Gruef fortgeet, laanscht de Krautmaart an de Rouscht leeft an um Fëschmaart, am Ufank vum Breedewee, eraus kënnt.

Den éischten Deel vun der haiteger Waassergaass war bis 1925 d'Niklosgaass (Rue Saint Nicolas)[2][3].

Nimm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Waassergaass geet net ieren op e besonnesch gudden Accès op Waasser zréck, wat an der Uewerstad am Mëttelalter gemenkerhand éischter schwéier ze beschafe war an entweder a Reewaasserzetäre gesammelt oder vu Waasserdréier aus dem Pafendall eropbruecht gouf, mä op d'Wuert wasteler ("Kuch")[4]. An där Zäit war do wuel deen een oder anere Kuchebäcker ze fannen.

Deen als Niklosgaass bekannten Deel leet säin Numm vun der ursprénglecher Nikloskierch of, déi op der Plaz vum haitege Chambersgebai stoung.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1917 bis 1971 stoung an der Waassergaass de Ciné de la Cour.

D'Haiser Printz a Richard, op Nr. 12 a 14, sinn de Sëtz vum Chambersekretariat an iwwer eng Passerelle mam Chambersgebai verbonnen.

Eenzel Haiser an der Waassergaass stinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter:

Haus-
nummer
Beschreiwung Bild
26, 30, 32 (an op der Parzell 558/213) Rue de l'Eau 26-28-30 Luxembourg City 2011-08.JPG

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Waassergaass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. tëscht dem Gruef an der Krautmaart
  2. „Luxembourg en 1907“, Plang vum Jean-Pierre Biermann
  3. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  4. Michel Pauly: "Wohnviertel in der mittelalterlichen Stadt Luxemburg." ons stad Nr.102/2013, S.13.