Tilleschgaass

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Rue Saint-Ulric
Luxembourg Rue St Ulric nom de rue.jpg
Numm lb: Tilleschgaass
fr: Rue Saint-Ulric
Fréieren Numm fr: Rue de Thionville
Rue Saint-Udalric[1]
Längt ca. 220 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gronn
Postcode 2651
Koordinaten 49° 36’ 28.11’’ N
06° 08’ 09.45’’ O

D'Tilleschgaass (offiziell: Rue Saint-Ulric) ass eng Strooss am Gronn an der Stad Lëtzebuerg.

Si huet hiren Ufank Op der Schmëdd bei der Bréck déi am Gronn iwwer d'Uelzecht féiert[2], wou se Uschloss un d'Montée du Grund, d'Plaetisgaass, d'Sosthène-Weis-Strooss an un d'Rue Munster huet, déi da weider an d'Tréierer Strooss féiert. D'Tilleschgaass geet da bis bei d'Bréck wou d'Péitruss an d'Uelzecht leeft a fënnt do den Uschloss un de Berliner Wee[3].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Odonym vun der Strooss wéi mer en haut kennen (Ulrichstraße, -gasse oder Rue Saint-Ulric) gëtt et zanter dem 11. Joerhonnert, wéi deemools d'Ulrich-Klouschter ënnerzeg vum Helleg-Geescht-Plateau gegrënnt gouf, op där Plaz wou d'Péitruss an d'Uelzecht fléisst. De Lëtzebuerger Gebrauchsnumm Tilleschgaass gëllt als Verstümmlung vun deem Numm[4].

Fréier war d'Tilleschgaass e wichtege Wee deen iwwer den ale Kiem vun Diddenuewen aus iwwer Bouneweg an d'Festung Lëtzebuerg gefouert huet[4]; d'Gaass huet deemno och bis 1925 rue de Thionville geheescht[5].

Wéi am Joer 1671 aus strategesche Grënn am Gronn ëmgebaut gouf, goufen an der Tilleschgaass eng Partie Haiser ewechgerappt, an op där Plaz gouf eng Garnisounsbäckerei gebaut déi bis 1807 a Betrib war. Tëscht 1807 an 1809 gouf et komplett ëmgebaut[4] an duerno koum e Prisong dran - dat Gebai, dat haut nach do steet[6]. Wéi deen ze kleng gi war, gouf de Prisong an déi fréier Abtei Neimënster verluecht. An d'Gebai an der Tilleschgaass koumen noeneen eng Schongfabrick, eng Erzéiungsanstalt fir Jongen (déi sougenannt Winnschoul) an Déngschtwunnenge fir d'Prisongspersonal. Um Enn vum 20. Joerhonnert gouf d'Gebai am Fong renovéiert, an zanterhier si Sozialwunnengen dran[7].

E bekannt Haus an der Tilleschgaass ass d'Gebuertshaus vum Johann von Aldringen. Och den Ignaz Millim huet eng Zäit an der Tilleschgaass gewunnt[2].

Um Ufank vun der Tilleschgaass ass den Accès fir de Lift Gronn-Uewerstad, deen op den Helleg-Geescht-Plateau féiert.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tilleschgaass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Archives de la Ville de Luxembourg, gekuckt den 12. Februar 2020
  2. 2,0 2,1 Ons Stad
  3. Neuer Berliner Weg huet d'Strooss fréier geheescht. cf. PDF ons stad Henri Beck
  4. 4,0 4,1 4,2 Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 4. Dezember 1942, S. 3
  5. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  6. Haiser 2-2A
  7. jls: "Ale Prisong." Télécran 34/2013, S.131.