Breedewee (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Breedewee
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Koordinaten 49°36'39,2"N, 6°8'3,8"O
Morphologie
Längt 175 m
Héicht i. M. 293 m
D'Spuenesch Paart (Gronn Paart) um Enn vum Breedewee

De Breedewee, mam offiziellen Numm rue Large, ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi vum Fëschmaart erof a Richtung Gronn féiert.

D'Haiser Nummer 1, 2, 3, 5, 7, 9, 11, 13, 17, 19, 21 an 23 stinn zanter 1961, resp. 1964 op der Lëscht vum inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter. D'Maison de Cassal, déi an där Strooss ass, ass zanter 1940 als Nationaalt Monument klasséiert[1].

D'Haus Nr. 9 war fréier de Sëtz vum Friddensgeriicht.

De Breedewee hält beim Haus Nummer 23 op an d'Strooss ännert den Numm baussent der Spuenescher Paart a "Grënnerbierg", Montée du Grund, déi da bis an de Gronn féiert. Déi "gerued" Säit besteet just aus zwee Haiser, d'Nummeren 2 a 4.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Häll[änneren | Quelltext änneren]

Vum Fëschmaart aus fort, gouf den éischten Deel vum Breedewee, grad ewéi en Haus an deem Deel, fréier och alt emol Hell oder Häll genannt. An Dokumenter aus de Joren 1323 an 1356 geet rieds vun engem Gaart juxta hallam iwwerdeems d'Haus an engem Akt als Helle genannt gouf. Dat Haus war eng Wueren- oder Maarthal vun der Stad a gouf einfach Hal genannt. Aus Hal ((de) Halle) gouf dunn Häll oder Hell ((de) Hölle). Eng Famill déi am 13. Joerhonnert an deem Haus gewunnt huet, krut den Numm de Inferno („aus der Häll“)[2].

Breedewee[änneren | Quelltext änneren]

Ënnerzeg vum Bou ass den eigentleche Breedewee, dee schonn a Schrëftstécker aus dem 14. Joerhonnert als via lata (= breede Wee) genannt gouf. Vergläicht een de Breedewee z. B. mat der Rue de la Loge, déi just uewendru läit, gesäit een direkt, datt déi méi schmuel ass, wat dann och den Numm vum Breedewee erkläert[2].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Breedewee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).
  2. 2,0 2,1 Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 1. November 1942, S. 3