Paschtoueschgaass (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Rue du Curé
Numm lb: Paschtoueschgaass
en Deel: Mamergaass
fr: Rue du Curé
Fréieren Numm fr: Rue Mamer,
Rue Neuve,
Rue de la Constitution
Längt ca. 175 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 1368
Koordinaten 49° 36’ 40.7’’ N
      06° 07’ 51.6’’ O


D'Paschtoueschgaass (op Franséisch Rue du Curé) an der Stad Lëtzebuerg ass eng Strooss an der Alstad, déi südlech vun a parallel zu der Groussgaass, den nërdlechen Deel vum Krautmaart an den Ufank vun der Fleeschiergaass mat der Plëss d'Arem verbënnt. Si ass zanter de spéiden 1980er Joren Deel vun der Foussgängerzon.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Rue Mamer[änneren | Quelltext änneren]

Den eelsten Deel vun der haiteger Paschtoueschgaass deen tëscht dem Gruef (rue du Fossé) an dem Krautmaart läit, heescht am Volleksmond Mamergaass. D'Strooss krut den offiziellen Odonym Rue Mamer den 1. Juni 1854, entweeder als Referenz un den Haffdichter a Krichsschreiwer vum Karel V., Nicolaus Mameranus oder un e gewësse Mamer, Conseiller um Wiener Haff[1].

der Famill vum Mameranus. Dësen Deel vun der Strooss (rue Mamer) gouf 1925 mat an d'Paschtoueschgaass abezunn[2].

Rue du Curé[änneren | Quelltext änneren]

Bis ongeféier 1671 huet déi haiteg Paschtoueschgaass zu der Monterey-Strooss gehéiert[3], duerno gouf se Nei Gaass oder Nei Strooss (Neugasse, Rue Neuve) genannt, a 1795 krut se den Numm Rue de la Constitution. Den Numm Paschtoueschgaass krut d'Strooss eréischt 1854, nom Paschtoueschhaus, dat do steet[4], den alen däitschen Numm ass „Pastorsgasse” [5]. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Pastorengasse” geheescht[6].

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

D'Paschtoueschhaus, haut Nr 30, gouf 1673 vun der Stad als Schoul gebaut, déi et du 1675 dem Antoine Feller, Paschtouer vun Niklos, als Paschtoueschhaus iwwerlooss huet[7]. De Feller huet tëscht 1691 a 1695 an Neibau dru baue gelooss[4].

Dat haitegt Haus Nr 3 ass de fréiere Bëschofspalais. Et gouf 1847 vun der Wittfra Victoire Dieudonné de Geisen der Stad Lëtzebuerg vermaach, mat der Oplo, datt den héchste Geeschtleche vun der Kathoulescher Kierch dra wunne sollt. 1897 huet d'Stad et un de Staat ofgetrueden. 1860 huet de Provikar a spéidere Bëschof Nicolas Adames dra gewunnt, an no him d'Bëscheef Jean Koppes, Pierre Nommesch, Joseph Philippe a Léon Lommel. D'Haus geet duerch bis an d'Lantergässel (Nr.3)[4].

Am Haus dat haut op der Nr 5 ass, hat den Drécker a Libraire André Chevalier zanter 1693 säi Betrib, et war déi éischt Dréckerei an der Stad[7]. Se gouf vu sengen Ierwen a duerno vun anere Familljememberen (Perle, Peter Brück, J. F. Schmit-Brück, Bück) iwwer e puer Generatioune weiderverierft a -gefouert gouf[4]. D'Dréckerei bestoung bis géint 1927, duerno koum bis 19?? d'Metzlerei Schmit an d'Haus[7]. Hautdesdaags ass et e Geschäfts- a Bürosgebai.

1854 huet d'Gemeng Lëtzebuerg e Gebai op der Südsäit opkaaft, dat ofgerappt an 1856 duerch den iwwerdaachte Passage op de Knuedler ersat gouf (haut: Passage de l'Hôtel de Ville). D'Gebai ass de 16. Mäerz 1884 verbrannt[8] an duerno erëm opgebaut ginn[4].

D'Haus am rosae Sandsteen op Nummer 10, Maison Link genannt, gouf vum Architekt Jean-Pierre Koenig (1870-1919) am Jugendstil entworf a baue gelooss[9].

Déi uewendriwwer ernimmte Gebaier, an nach e puer aner an dëser Strooss, stinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter:

  • D'Gebaier op den Nummeren 1, 3, 5, 5a, 10, 14+16 an 30 mat den Terrainen déi dozou gehéieren, stinn zanter dem 5. Mee 1978 um Inventaire supplémentaire;
  • d'Gebaier op Nummer 3 an Nummer 10 goufen doriwwer eraus den 11. September 2009, respektiv den 18. Januar 2013 als national Monumenter klasséiert;
  • d'Gebai op Nummer 40 gouf de 17. Juni 2011 als nationaalt Monument klasséiert[10].

Biller vun de klasséierten Haiser[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paschtoueschgaass – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rue Mamer op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 1. Abrëll 2020
  2. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  3. Rue du Curé op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 1. Abrëll 2020
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 Evy Friedrich: "Ein Überblick über die Verschönerungsarbeiten an der Plëss." In: ons stad Nr.19, 1985, S.4-7.
  5. Clomes: Versuch einer statistisch-geographischen Beschreibung des Grossherzogtums Luxemburg. In:Programm ausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1839/1840 / Königlich-grossherzogliches luxemburgisches Athenäum = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1839/1840 / Athénée royal grand-ducal de Luxembourg. - Luxembourg 1840, S. 18 (1-42)
  6. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  7. 7,0 7,1 7,2 Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 4. August 1942, S. 4
  8. Inland am Luxemburger Wort vum 17. Mäerz 1884, S. 2
  9. Muriel De Groef: "L'Art Nouveau au fil des mots…" in ons stad 95/2010, S.12-15.
  10. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).