Rue de Strasbourg (Stad Lëtzebuerg)
![]() | |
Numm |
lb: Stroossbuergerstrooss, Nilleswee, Stroossbuergerplaz fr: Rue de Strasbourg Place de Strasbourg |
---|---|
Fréieren Numm | fr: Rue Nilles (bis 1925)[1] |
Längt | ca. 770 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode |
2560, 2561, 2562 (Plaz) |
Koordinaten |
49° 36’ 01.7’’ N 06° 07’ 42.3’’ O |
Genannt no | Stroossbuerg |
D'Stroossbuergerstrooss (offiziell: Rue de Strasbourg) ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se huet hiren Ufank um Wupp vun der Neier Avenue a leeft a Richtung Südweste bis bei d'Rue Jean-Baptiste Merkels.
Ongeféier an der Mëtt vun der Strooss läit nërdlech dovun - tëscht der Rue Adolphe-Fischer an der Rue 1900 - d'Stroossbuergerplaz.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Ausganks vun den 1850er Jore gouf d'Gare a Betrib geholl. De Standuert vun der Gare war sengerzäit vun der preisescher Militärverwaltung strategesch baussent der Festung festgeluecht ginn, um Territoire vun der deemoleger Gemeng Hollerech.
Ronderëm d'Gare huet sech dunn am Laf vun der Zäit e Wunn- a Geschäftsquartier entwéckelt; d'Stroossbuergerstrooss ass haut - absënns am ieweschten Deel - eng lieweg Geschäftsstrooss mat klenge Butteker, Caféen a Restauranten.
Nodeems den 1. Juni 1920 d'Gemengen Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert hunn, gouf et néideg verschidde Stroossen nei ze benennen, well et vereenzelt Odonymen e puermol gouf. Bis 1925 huet d'Strooss „Rue Nilles“ geheescht[2][3] ier se dunn den haitegen Numm krut.
Gebaier[änneren | Quelltext änneren]
Biller[änneren | Quelltext änneren]
- Eck Stroossbuerger- a Joseph-Junck-Strooss
- De Blummebuttek Roger Klein, Eck Stroossbuerger- an Adolphe-Fischer-Strooss
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Rue de Strasbourg (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
- ↑ „Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann
- ↑ Fanny Beck, 2005. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 79: 32