Place de l'Étoile (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Place de l'étoile
Numm lb: Stäreplaz
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 48,0’’ N
      06° 07’ 11.3’’ O

D'Stäreplaz (offiziell: Place de l'Étoile) an der Stad Lëtzebuerg ass eng Plaz, oder éischter eng grouss Kräizung, wou d'Avenue Emile Reuter, d'Areler Strooss, de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte, de Boulevard de la Foire an d'Rue de Rollingergrund zesummekommen, mat zousätzlech der Rue Jean-François Boch an der Rue Jean-Pierre Probst e puer Meter méi wäit. Am Reseau vun den Nationalstroosse sinn et d'N51, d'N6 an d'N12, déi hei zesummekommen.

Si ass haut virun allem als eng grouss Broochfläch bekannt, wou an de leschte Joerzéngten Haiser ofgerappt goufen, an d'Bauprojeten derhannert bis ewell (2023) net zustane komm sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1891 war d'Ouverture vum Café Wintersdorf um Eck vun der Areler Strooss an der Stäreplaz. Zu där Zäit - de Stater Park war schonn ugeluecht an déi éischt Haiser goufen um Boulevard Joseph II gebaut - louch d'Stäreplaz nach baussent der Stad. De Café gouf awer séier e beléiften Treffpunkt fir Veräiner, Sportler an Eisebunner; et gi Concerten, Fester, Konferenzen an Ausstellungen do organiséiert. De Café hat eng eege Maartplaz, wou Autoen, Kutschen, Déieren oder och alt Dausenden Eisebunnsschwellen ënner den Hummer koumen. 1896 war e „geheimt Treffen“, bei deem d'Iddi vum Bau vu enger Gare beim Glacis diskutéiert gouf. Aacht Joer nom Treffen ass eng Giddergare opgaangen, vun där aus bis 1955 Wuere mam Charly a Richtung Iechternach transportéiert ginn. Aus der Iddi vun enger Persounegare gouf just eng Tramshalt. De Café Wintersdorf huet Enn vum Zweete Weltkrich seng Dieren zougemaach[1].

1945 koum d'Industrie- an Handelsschoul an d'Gebailechkeete vun der fréierer Wiertschaft, ier se 1948 op de Lampertsbierg geplënnert ass. Méi spéit ass d'Gebai ofgerappt a mat engem neien ersat ginn. Op déi fréierer Maartplaz vum Café koum eng Bensinnsstatioun. 1948 gouf um Eck vun der Arsenalstrooss an dem Boulevard de la Foire d'„Étoile Garage“ ageweit, déi no de Pläng vum Michel Wolff gebaut gi war. D'Garage ass bis 1989 op där Plaz bliwwen, ier se op d'Cloche d'or geplënnert ass, well d'Raimlechkeeten op der Stäreplaz ze kleng goufen. An hir Plaz koum e Bürosgebai[1].

An den 1980er Jore gouf et Pläng, do eng Entrée fir en Tunnel tëscht dem Glacis an der Areler Strooss unzeleeën, deen d'Autobunn op de Kierchbierg (déi haiteg Avenue Kennedy) besser un de Zougang zu där an d'Belsch ubanne sollt[2]. Doraus ass awer schlussendlech näischt ginn (eenzegt konkreet Resultat vun deene Pläng ass d'Ënnerféierung ënnert dem Rond-Point Schuman). An déi Zäit fält den Ufank vum Opkaf vun den Terraine ronderëm d'Plaz, haaptsächlech vum Willy Hein, en Immobiliëpromoteur, deen eng sëllege Citéen a Parkhaiser doruechter gebaut huet.

An den 1980er-90er Joren goufen ëmmer nees nei Projete virgestallt, fir eng Zort Visittekaart an der Entrée vun der Stad ze bauen. Sou gouf et en Architekteconcours, bei deem Maquettë vun den Entwërf am Neie Stater Theater ausgestallt goufen[Wéini ?]; et gouf Iwwerleeungen, d'Cité judiciaire dohin ze bauen, oder awer d'Chambre des métiers (1980), oder Sozialwunnengen (1991), oder de Gesondheetslaboratoire (1991), oder e Verwaltungsgebai (1999), ma näischt dovu gouf zeréckbehalen.

Parallel dozou goufe Grondstécker an Haiser opkaaft, verfalen an dann ofrappe gelooss, mat Dosende vu Prozesser déi dat ganzt begleet hunn. Net méi einfach gouf d'Saach doduerch, datt de Staat zwar an der Tëscht déi meescht - awer net all - Terrainen opkaaft hat, ma d'Stad Lëtzebuerg e Wiertchen iwwer Bebauungspläng a Baugeneemegunge matzeschwätzen hat, an de Staat och net onbedéngt selwer als Baupromoteur optriede wollt. All puer Joer huet e Politiker - Minister oder Buergermeeschter - ugekënnegt, dee "Schandfleck" géif elo endlech geschwë verschwannen, mä ouni Resultat.

2007 huet eng Immobilien-Investmentgrupp, Andromeda Investissement, am Partenariat mat Investoren aus dem Katar, dem Willy Hein, an engem Garagist, deen als eenzegen nach do gewunnt huet, hir Terrainen ofkaaft. Si wollten do en Akafszenter bauen, dat awer vum Gemengerot als ze flappeg verworf gouf. Nodeems de PAP an der Tëschenzäit geännert gi war, gouf e puer Joer drop en neie Projet vun Akafszentrum a Wunnenge geneemegt. Ma Andromeda an den Hein - deen e puer Terraine fir sech gehalen hat - goufe sech net eens, soudatt schlussendlech d'Katari sech zeréckgezunn hunn an hir Terraine fir geschaten 135 Milliounen Euro un de Staatsfong vun Abu Dhabi verkaaft hunn.[3]

Well et och soss doruechter ëmmer méi Projete vun Akafszentre gouf, net zulescht de Royal Hamilius nobäi, ass dësen ongewëss. Am Mee 2018 dann och gouf bekannt, datt d'Iddi vun engem Shoppingzenter mat Büroen uewendriwwer ewell verworf wier, geplangt sinn amplaz Luxuswunnengen. Dës Ännerung muss nach vun der Stad Lëtzebuerg approuvéiert ginn[4].

2020 ass d'Situatioun esou, datt just zwee Gebaier do stinn: op der Parzell F Büroe vun Axxa an op der Parzell E, 6 Appartementshaiser. Op de Parzellen A an D sinn ewell Büroen a Wunnenge geplangt, an op de Parzelle B an C, wou virdrun d'Akafsgalerie hätt sollen hikommen, Luxuswunnengen.

Den Hein huet op enger Mini-Parzell vun 2 Quadratmeter eng Statu vun engem Elefant opriichte gelooss, als, wéi hie sot, Symbol fir déi, déi duerch hir Flappegkeet e grousse Projet verhënnert hätten.[3]

Juli 2018: provisoreschen Terminus vum Tram

Am September 2020 gouf en neie Projet vu BC Partners-Felix Giorgetti virgestallt, bei deem 600 Wunningen, Büroen, Geschäftslokaler, Restauranten, e Multiplex-Kino mat fënnef Säll, e Fitnessclub an eg Maarthal mat Iesse geplangt sinn. D'Busse sollen eng ënnerierdesch Gare kréien, den Ufank vun der Areler Strooss soll fir eng nei Tramslinn a Fousgänger reservéiert sinn, iwwerdeems den Autostraffik, deels ënnerierdesch, ronderëm en 10-stäckegen Haiserblock geleet gëtt.[5]

Halt "Stäreplaz / Etoile"[änneren | Quelltext änneren]

De 27. Juli 2018, am Laf vun den Ausbauaarbechte vum Stater Tram, gouf d'Halt Stäreplaz / Étoile a Betrib geholl. Si war bis Dezember 2020 provisoreschen Terminus. Zanter Mëtt September 2018 gëtt dernieft och eng Busgare vu verschiddene Buslinnen ugefuer, fir tëscht deenen zwee Transportmëttelen ëmzeklammen[6].

Spéiderhi soll eng zweet Halt op den Ufank vun der Areler Strooss hikommen, fir eng nei Tramslinn op Mamer, déi vun do fortfiert, resp. ofzweigt.[5]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

D'Stäreplaz 2017:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Place de l'Étoile (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Quell: „Die Stäreplaz im Wandel“ an der Literatur
  2. Quell zu dësem Kapitel, wou net anescht uginn: B. Thomas, Star Wars, an der Literatur.
  3. 3,0 3,1 Bernard Thomas: "La passion d'un promoteur immobilier. Willy Hein (1934-2018) - Une nécrologie." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.44, 2. November 2018, S.9.
  4. Maxime Gillen: "Doch kein Shoppingzenter auf der Stäreplaz." wort.lu, 25.05.2018.
  5. 5,0 5,1 "Bauvorhaben Stäreplaz: Das pralle Leben." wort.lu, 15. September 2020.
  6. Jean-Michel Hennebert, Un pas de plus vers un premier tronçon plus long op paperjam.lu den 13. Juli 2017 (gekuckt den 10. Nov. 2017)