Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Iechternach
De Chareli (och alt: Charli oder Charly) war eng Schmuelspuer-Eisebunnslinn déi vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach gaangen ass.
Den Numm Chareli gouf ofgeleet vum Virnumm vum deemolegen zoustännege Generaldirekter fir ëffentlech Aarbechten, dem Charles Rischard.
D'Linn war 45,80 Kilometer laang.
Den éischten Zuch ass den 20. Abrëll 1904 gefuer, an de leschten den 13. Juni 1954.
Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]
De 17. Juni 1897 stëmmt d'Chamber bal eestëmmeg fir de Bau vun der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Iechternach. Nëmmen de Michel Welter (Sozialist) stëmmt dogéint. Him war den Devis vun 3.334.000 Frang ze héich. An dobäi wousst de Welter nach net, datt d'Käschte vun der Streck op 5.920.000 Frang sollte klammen. En anert Argument, dat de Welter virgedroen huet, war d'Distanz. D'Zuchstreck war 45,80 Kilometer laang, iwwer d'Strooss waren et der 33,30.
Och de Michel Rodange huet sech a sengem Renert Gedanken iwwer de Fortschrëtt gemaach:
- E plangt déi schéinste Stroossen
- Duerch d'Duerf geet d'Eisebunn
- All Dierfche kritt seng Haltplaz
- An zwou, déi schonn eng hunn
De 5. Abrëll 1904 kann de "Veräin vun de Lëtzebuerger Ingenieuren" no enger éischter Faart zefridde feststellen, datt "die Bahn alle an sie gestellten Anforderungen genüge, mehr als genüge". Bei der Neier Bréck, déi de selwechten Dag ageweit gëtt, hält de Staatsminister Eyschen ënner bloem Himmel eng Ried, duerno de Bëschof an e puer Ministeren. Et sinn dat net déi eenzeg Riede fir deen Dag. No Kanouneschëss gëtt d'Vollek aus de Waggonen erauskommandéiert an d'Dignitairen huele Plaz. Et geet de Rollengergronn erof, iwwer Dummeldeng, Sennengerbierg, Jonglënster, Konsdref an zu Bech duerch den Tunnel. Iwwerall stinn Éierejofferen a Buergermeeschtere prett. Déi eng, fir Rieden ze halen, déi aner fir den Éierewäin erauszeschëdden.
D'Charelisbréck zu Dummeldeng, déi vun den Ateliers Paul Wurth opgeriicht gouf, war déi éischt Bréck zu Lëtzebuerg déi mat Grey-Trägere vun der HADIR gebaut gouf.[1]
Undenken un de Charly[änneren | Quelltext änneren]
Fir un déi fréier Eisebunnslinn z'erënneren sinn uechter d'Land eng Rei Plazen a Stroossen nom Charly benannt: zu Lëtzebuerg, um Sennengerbierg, zu Hueschtert an zu Iechternach.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Meyer, Jean-Paul, 2018. Charly Schmalspurbahn Luxemburg-Echternach 1904-1954. Éditions Gérard Klopp, Luxembourg-Mondorf-les-Bains. ISBN 978-99959-38-01-7
- Bingenheimer, Volker, Als die Lokomotive über den Gehsteig zischte op wort.lu den 11. Januar 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 11. Januar 2019 (S. 20/21) ënnert dem Titel „Todesstoß durch den Straßenverkehr“.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Eisebunnsstrecken
- Schmuelspuerbunnen zu Lëtzebuerg
- De Benni
- De Jangli
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: De Charly – Biller, Videoen oder Audiodateien |
