Scheedgen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Scheedgen
Steebaach.JPG
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Scheidgen
de: Scheidgen
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Coat of arms consdorf luxbrg.png Konsdref
Buergermeeschter Edith Jeitz
Awunner 452 [1] (2013)
Fläch 550,3747 ha[2]
Koordinaten 49° 46’ 53’’ N
06° 21’ 31’’ O


Scheedgen ass eng Uertschaft an der Gemeng Konsdref.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Scheedgen, däitsch Scheidgen gëtt ofgeleet vum däitsche Scheid. Dat ass e Synonym fir Bësch. Also ass Scheedgen e klenge Bësch.[3] Den Numm ass, souwäit wéi dat bis elo bekannt ass, eng éischt Kéier an engem Dokument vum 13. Januar 1555 beluecht: die scheffen zu Constorff (sagen)… von der marcken an biß bey das Scheidgen da stehet ein marck, ... [4]
Den Toponym Scheedgen funktionéiert am Sproochgebrauch wéi e Flouernumm. Dofir wunnt een och net zu Scheedgen ma um Scheedgen (seelen och op der Scheedgen). Et fiert een iwwert de Scheedgen fir vu Konsdref op Iechternach ze kommen.

Kierchen[änneren | Quelltext änneren]

Um Scheedgen gëtt et zwou Kierchen,

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

De gréissten Deel vun der Landschaft gehéiert zum Lëtzebuerger Sandsteen. Insele vu Mergel a Stroossener Kallek iwwerdecken dës Steeschicht op den Héichte vum Theinshaff bis bei de Neirodeschhaff, op Juckefeld an an der Leemkaul.[5]

Landschaftsbild[änneren | Quelltext änneren]

Den alen Duerfkär läit an der Mull vun der Steebaach.[6] Ronderëm d'Duerf, op den Héichte leie 6 bis 7 Eenzelhäff an Haiser. Nei gebaut gëtt laanscht den CR118, den CR132 an de Rosswénklerwee, déi dräi Stroossen déi am Duerfkär zesummekommen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nach relativ jonk als Duerf ass d'Scheedgen op der Gafel vun zwéi Weeër entstanen: deen ee vu Konsdref bis an de Scheedges Bësch, an deen anere vum Scheedgen op Bech. Dat ass däitlech op der sougenannter Ferrariskaart aus dem Joer 1777 ze gesinn: en Duerf mam Numm Scheedgen gëtt et 1777 nach net, just zwéin Häff: Cense Roswinckel an Cense Rodershoff. Se stinn allebéid, jiddweree fir sech an engem Bëschelchen. Donieft weist d'Kaart véier eenzel Haipen um Rees vum Juckebësch / Juckenbusch, ongeféier op Juckefeld, wou haut d'Cité au Bois ass. Déi éischt Haiser vum Duerf wéi et haut existéiert, mussen no 1777 gebaut gi sinn.

Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

Velospist op Scheedgen
de "Grand Canyon" biergof
d'Steebaach
VeloRouteSaarLorLux.jpg

D'Scheedgen läit an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz. Zanter den Alexis Heck d'Iddi vum Tourismus am Land promovéiert huet, huet déi pittoresk Géigend Joer fir Joer an der Haaptsaach belsch an hollännesch Touristen ugezunn. Fir déi friem Gäscht ënnerzebréngen sinn am Éislek sou gutt wéi an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz eng ganz Rei Hotelsbetriber entstanen.

Um Scheedgen sinn oder waren dat der dräi.

Hotellen a Pensiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Hôtel de la Station
Dëse Betrib ass haut an der 4. Generatioun. E gouf Ufank 1900 opgeriicht als Café a klenge Restaurant just nieft der Charelis-Streck vis-à-vis vun der Halt. Dofir den Numm.
  • Au Bon Repos
Am Duerf selwer op der Iechternacher Strooss als Café an Epicerie gebaut ginn. De Betrib ass no 2000 zougemaach a verkaf ginn, huet laang eidel gestan. E gouf 2009 - 2011 ëmgebaut.
  • À la Bonne Auberge
De Méchelshaff ass wuel kee regelrechten Hotelsbetrib, éischter eng Pensioun. D'Kichen zerwéiert wat den Haff produzéiert, am Fachjargon d' Produits du terroir.

An der Zäit goungen d'Hotelsbetter eleng net duer fir d'Gäscht all ënner Dag ze kréien. Privathaiser hunn dofir mat den Hotelsbetriber zesummegeschafft an d'Touriste logéiert an hinnen de Moieskaffi zerwéiert.

Camping de l'Amitié[änneren | Quelltext änneren]

E läit zimlech verstoppt direkt widder dem Bësch. Entrée op dem CR118 (Strooss Konsdref - Iechternach).

Vëlospist[änneren | Quelltext änneren]

D'Schmuelspurstreck Lëtzebuerg-Iechternach genannt de Chareli hat eng Halt um Scheedgen déi aner Säit vum Hôtel de la Station op der Strooss fir op Konsdref. D'Distanz bis op Iechternach, vun der Scheedges Halt u gerechnet, mécht 5,1 km aus, dovu 4 km duerch de Bësch mat engem Gefäll vun 28 Promille.[7] Nom éischte km geet et duerch de sougenannte Grand Canyon, en Duerchbroch, dee fir de Chareli an de Fiels gesprengt gouf. D'Streck leeft dann am grousse Ganzen nobäi parallel mat der Baach, déi hei Deisterbaach[8] heescht. E gudde Kilometer nom Canyon kräizt s' eng Baach ouni Numm an de Wee fir an d'Kalkesbaach. Hei war d'Halt genannt Kalkesbaach.

D'Streck an d'Lauterburerbaach lafen nach 2 km virun duerch de Bësch bis se um Lauterbur op d'N11/E29 stoussen.
Zanter 1954 fiert de Chareli net méi. Seng Streck ass haut bei Cyclotouristen bekannt als Vëlospist PC2 (Lëtzebuerg-Iechternach).

Fouss- an Trëppeltier[änneren | Quelltext änneren]

  • Circuit Autopédestre C7
Depart am ale Schoulhaff virun der kathoulescher Kierch; Statiounen: Moulbaach an Alrodeschhaff; Distanz: 7km iwwer Stroossen a Feldweeër. En Deel duerch de Bësch. Ouni Problem ze maachen.
D'Scheedge läit op der Route 2 vum Mëllerdall Trail.
De Schoulhaff ass och den Depart fir de Sentier Fred Welter, dee mat engem grousse Plang komplett beschriwwe gëtt.

Mobilitéit[änneren | Quelltext änneren]

  • Et gëtt 3 ëffentlech Linne fir an d' Stad déi méi oder manner am Stonnentakt fueren: d'110, d'111 an d'401. Déi zerwéieren allerdéngs nëmmen de Méchelshaff, d'Konsdreffer Kräizstrooss oder Konsdreffer Gare. Fir heem hëlt een den Direkt bei der Charlys-Gare an der Stad iwwer de Méchelshaff op Iechternach oder deen aneren iwwer Konsdref a Bäerdref op Iechternach. A béide Fäll bleift dann e Stéck Wee vu gutt zwéi Kilometer zu Fouss bis heem.
  • Um Site vun der Mobilitéitszentral kann ee sech e perséinleche Plang fir d'Linn 112 opstelle loossen. Eng Rees an d'Stad dauert tëscht 47 Min an anerhallwer Stonn, dat hänkt dovun of, op ee mam Bummelbus oder mam Direkt fiert a wou een an der Stad erausklëmmt. Conclusioun: d'Scheedgen ass a Punkto Mobilitéit net verwinnt.[9].
  • D'Linnen 113, 472 a 481 gi reng fir de Schoultransport agesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Scheedgen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Statistik Gemeng Konsdref
  2. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  3. Joseph Hess: Altluxemburger Denkwürdigkeiten, Beiträge zur Luxemburger Kultur- und Volkskunde, Luxemburg 1964, Buchdruckerei P. Linden; S. 39, Flurnamentypen.
  4. Nikolaus Majerus, Die Luxemburger Gemeinden, nach den Weistümern, Lehenerklärungen und Prozessen, Bd.II. SS.447/448: Scheffenweistum von Consdorf
  5. Biotopkartierung der Gemeinde Consdorf, Februar 1994, Oekofonds, 6, rue Vauban, L-2663 Luxemburg, S. 32
  6. Biotopkartierung, S. 32
  7. Ed Federmeyer, Schmalspurbahnen in Luxemburg Bd. 1, Groupement des Amis du Rail (G.A.R.) a.s.b.l. BP 513 L-2015 Luxembourg
  8. Biotopkartierung, S. 33
  9. Als Exempel de Plang fir de Mount Mee 2011 vun der Linn 112.