Vëlospist

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng Vëlospist an der Belsch
D'Vëlospist op der fréierer SNCB-Linn 164 zu Benonchamps

Eng Vëlospist ass en Deel vun der ëffentlecher Verkéiersfläch, dee fir de Vëlosverkéier reservéiert ass. An Europa gëtt se duerch e blot ronnt Schëld mat engem wäisse Velo drop ugewisen, da mussen d'Vëloen do drop fueren. Ass d'Schëld véiereckeg, kënnen se drop fueren, mä mussen net.

Vëlospiste kënnen op verschidde Manéieren ugeluecht sinn, z. B. laanscht eng Strooss vun där se just duerch eng Buedemmarkéierung getrennt sinn (duebelen oder breeden duerchgezunnene Stréch), oder sekuriséiert doduerch, datt tëscht der Piste an der Strooss eng Sträif Grénges ass, sief et Wues oder Hecken, oder soss en Hënnernes wéi e Gruef, Leitplank oder e Gelänner. Sou Piste sinn normalerweis op den zwou Säite vun der Strooss a ginn an der Direktioun vum Verkéier befuer. Dacks si s'um Buedem duerch eng aner Zort vu Belag markéiert, oder de Belag huet eng aner Faarf. Sou Piste fënnt e besonnesch a Stadgebidder.

Iwwerlandpiste kënnen op Weeër ugeluecht sinn déi soss nach just vum landwirtschaftleche Verkéier kënne benotzt ginn, oder et kënne Weeër sinn, déi nëmme fir Vëloen oder och alt fir Vëloen a Foussgänger reservéiert sinn.

Touristesch Vëlospiste ginn hautdesdaags dacks op desaffektéierten Eisebunnsstrecken, oder op Läinpied laanscht Kanäl ugeluecht.

Déi éischt Vëlospist, déi an deem Sënn zu Lëtzebuerg ugeluecht gouf, war den Deel vu Reisduerf op Iechternach vun der PC3 der sougenannter Piste cyclable des trois rivières, dei ëm 1975 op Initiativ vum Touristeministär op der fréierer Sauertstreck amenagéiert gouf. 2011 gëtt et 23 touristesch Vëlospisten am Land.

Bekannt Vëlospisten an der Belsch sinn d'Piste vum RAVeL a vum PréRAVel, déi fir de Moment awer nach kee feste Belag hunn, a just mat zolittem Geschir wéi VTTsvëloe kënne befuer ginn.

De legale Kader zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Wann am allgemeng Sproochgebrauch vun enger Vëlospist geschwat gëtt, sou ginn et am lëtzebuergesche Code de la route awer verschidden Nuancen[1]:

  • eng obligatoresch Vëlospist (piste cyclable obligatoire) ass entweder op enger eegener Trass ugeluecht oder materiell vun der Autosspur ofgetrennt a fir d’Vëlosfuerer reservéiert. Dëst Pist gëtt mat Schëld D, 4 gezeechent; d’Enn vun der Pist mam Schëld D, 4a.
  • eng obligatoresch Vëlosspur (voie cyclable obligatoire) ass eng Fuerspur vun der ëffentlecher Strooss déi fir d’Vëlosfuerer reservéiert ass an déi duerch en duerchgezunnene Stréch vun den anerer Fuerspure getrennt ass.
  • eng suggestiv Vëlosspur (voie cyclable suggestive) ass eng Fuerspur déi fir d’Vëlosfuerer geduecht awer net reservéiert ass; se gëtt duerch en ënnerbrachene Stréch vun den anerer Fuerspure getrennt.
  • en obligatoresche Wee fir Vëlosfuerer a Foussgänger (chemin obligatoire pour cyclistes et piétons) ass entweder op enger eegener Trass ugeluecht oder materiell vun der Autosspur ofgetrennt a reservéiert fir Vëlosfuerer a Foussgänger. D'Schëlter D, 5a an D, 5b weisen den Ufank an d'Schëlter D, 5aa an D, 5ba d'Enn vu sou engem Wee un.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vëlospist – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren]

  1. Kapitel II „Définitions“, Artikel 2, Abschnitt 1.21 - 1.24 aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerunge duerno, op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt de 16. August 2015.