Lëtzebuerger Sandsteen

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger Sandstee bei Bäerdref
Lëtzebuerger Sandsteen um 'Nordstrooss'-Chantier, beim Waldhaff

De Lëtzebuerger Sandsteen (fr.: grès de Luxembourg) ass een Deel vun de Liasformatiounen, déi zum Schluss vun den Oflagerungen am Mier vum Hettangium entstane sinn (li2 op de geologesche Kaarten). Dëst Mier war ee waarmt Mier dat net ganz déif war, an der Period vum Jura, virun ongeféier 200 Millioune Joren.

De Lëtzebuerger Sandstee fënnt en haaptsächlech zu Lëtzebuerg an a senge Grenzgebidder an der Belsch (Arel an Ëmgéigend), an Däitschland ronderëm de Ferschweiler Plateau an der Noperschaft vun Iechternach, an a Frankräich an der Géigend vu Grouss-Hetteng. Dës Formatioun erstreckt sech queesch duerch d'Guttland vun der belscher Grenz bis op déi däitsch Grenz op enger Breet vun 1 bis 5 km (an der Moyenne) mat verschidden Ausleefer, op enger geduechter Linn vun Arel - Iechternach - Mondorf.

Duerch d'Erosioun vum Sandsteen-Plateau gëtt et an der Géigend vu Konsdref, Bäerdref, Beefort an Iechternach grouss Griechten. Dës Géigend gëtt och nach Kleng Lëtzebuerger Schwäiz genannt.

Um Lëtzebuerger Sandstee fënnt een eng grouss Partie vun de lëtzebuergesche Steekaulen oder Sandkaulen (gielen a wäisse Sand). E bedeckt eng Fläch vun ongeféier 500 km2, an ass de wichtegste Grondwaasserspäicher vum Land. Den Nationalmusée fir Naturgeschicht huet eng grouss Fossiliesammlung aus der Steekaul vu Bruch (mat z. B. méi wéi 30 Aarte vu Gasteropoden).

De Begrëff "grès de Luxembourg" geet op den däitsche Geolog Johannes Steininger (1828) zeréck.

De Renevier huet 1864 de Sandsteen deen an der Steekaul vu Grouss-Hetteng usteet als Stratotyp vum Hettangium proposéiert.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Colbach, R., 2005. Overview of the geology of the Luxembourg sandstone(s). Ferrantia 44: 155-160.
  • Gourdon, L., G. Zimmer, N. Pundel, L. Hoffmann & L. Pfister, 2010. Les sources de la ville de Luxembourg: une ressource en eau potable à préserver. 1. Aspects quantitatifs et physico-chimiques. Archives des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 45: 101-124.
  • Hanzo, M. (coord.), 2012. Stratotype Hettangien. Collection Patrimoine géologique. Coédition Muséum national d'histoire naturelle, Paris ; Biotope, Mèze. 317 p. ISBN 978-2-85653-688-9.
  • Krippel, Y. (Ed.), 2005. Die Kleine Luxemburger Schweiz - Geheimnisvolle Felsenlandschaft im Wandel der Zeit. Société des naturalistes luxembourgeois, Musée national d'histoire naturelle et Administration des eaux et forêts, 251p., Luxembourg. ISBN 2-919877-09-7.
  • Weber, H. & A. Faber, 2005. Vom Müllerthal zum Ferschweiler Plateau: eine Landschaft im Luxemburger Sandstein. In Y. Krippel (Koord.): Die Kleine Luxemburger Schweiz - Geheimnisvolle Felsenlandschaft im Wandel der Zeit, S. 37-79. Société des naturalistes luxembourgeois, Musée national d'histoire naturelle et Administration des eaux et forêts, 251p., Luxembourg. ISBN 2-919877-09-7.
  • Ries, C. & Y. Krippel (Eds.), 2005. Sandstone Landscapes in Europe - Past, Present and Future. Proceedings of the 2nd International Conference on Sandstone Landscapes. Vianden (Luxembourg) 25-28.05.2005. Ferrantia 44, 249p. ISSN 1682-5519. [1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]