Avenue de la Liberté (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Avenue de la Liberté
Numm lb: Nei Avenue
fr: Avenue de la Liberté
Fréieren Numm fr: Avenue Adolphe (bis 1925)[1]
de: Adolf-Hitlerstraße (1940-1944)
Deel vun N3
Längt ca. 850 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 1930
Koordinaten 49° 36’ 15.1’’ N
      06° 07’ 49.8’’ O
d'Nei Avenue a Richtung Norde gekuckt (2014).

D'Avenue de la Liberté (am normale Sproochgebrauch: Nei Avenue) verbënnt am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg d'Place de Metz mat der Place de la Gare. Se ass en Deel vun der Nationalstrooss 3 an nieft der Aler Avenue déi zweet grouss Geschäftsstrooss am Garer Quartier.

Se gouf 2012 als zweet attraktiivst Avenue vun der Welt klasséiert[2].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Uganks vum 20. Joerhonnert gouf d'Avenue vum Lëtzebuerger Staat - op de fréiere Festungsanlage vum Fort Bourbon - als Verlängerung vun der Neier Bréck ugeluecht. Se huet deemools Avenue Adolphe geheescht, benannt nom Groussherzog Adolphe vu Lëtzebuerg.

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss missen als Adolf-Hitlerstraße duerhalen[3].

Den Tram an der Neier Avenue[änneren | Quelltext änneren]

Schonn dee fréiere Stater Tram ass duerch d'Nei Avenue gefuer[Wéini ?].

2018 bis 2020 gouf d'Linn 1 vum neie Stater Tram, op eegenem Bett, duerch d'Nei Avenue geluecht, mat Halten op der Metzer an der Paräisser Plaz. Dofir gouf d'Strooss vu Fassad zu Fassad erneiert; nieft dem Tramsbett gouf och eng Vëlospist ugeluecht, an déi ganz ënnerierdesch Leitungen a Kabele verluecht, respektiv ersat. Dobäi sinn och d'Beem (zum Deel Platanen, déi 1915 geplanzt gi waren)[4] ewechgeholl ginn[5]. Dës goufen awer tëscht Januar an Abrëll 2020 duerch 69 neier ersat. Et handelt sech ëm 20 Joer al Platane mat enger Héicht vu ronn 11 Meter Héicht, déi aus enger hollännescher Bamschoul vu Cuijk koumen[6].

Zanter dem 13. Dezember 2020, wéi den Tram a Betrib geholl gouf, gouf de Busreseau nei organiséiert, sou datt déi Honnerte Bussen, déi op hirem Wee tëscht der Gare an der Uewerstad (Centre Hamilius) derduerch gefuer sinn, duerch de Tram ersat an op anere Strecken agesat goufen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Ëmbau fir den Tram 2018-2020

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue de la Liberté – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. L'avenue de la Liberté la deuxième avenue la plus prestigieuse du monde op luxembourg.public.lu, dem offizielle Portal vu Lëtzebuerg (gekuckt den 13. Februar 2018)
  3. May G., 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  4. Friedrich E. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad Nr. 19, 1985: 26
  5. Baumfällarbeiten beginnen am Montag op wort.lu de 26. Oktober 2018, fir d'lescht gekuckt den 28. Oktober 2018
  6. Nadine Schartz, Tram: Erste Fahrten zum Hauptbahnhof im Oktober op wort.lu den 20. Januar 2020 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 21. Januar 2020 S. 37 ënnert dem Titel Erst die Platanen, dann die Gleise