Fréiere Stater Tram

Vu Wikipedia
Am August 1908 ass de Päerdstram nach e puer Deeg gefuer, nodeems den Elektresche scho gerullt ass.

De fréiere Stater Tram war den Tram deen tëscht 1875 an 1964 um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg an a verschiddenen Nopeschgemenge gefuer ass - fir d'éischt vu Päerd gezunn, dono elektresch. Et war nieft deem vum Kanton Esch, deen tëscht 1927 an 1956 a Betrib war, ee vun den zwéin historeschen Tramsreseauen zu Lëtzebuerg.

50 Joer dono, 2014, kruten d'Pläng vun engem neie Stater Tram an der Chamber gréng Luucht[1], sou datt den 10. Dezember 2017 dat éischt Deelstéck dovun a Betrib geholl gouf[2].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stater Tram.

De fréiere Stater Tram kann an zwee grouss Kapitelen agedeelt ginn, de Päerdstram an den elektreschen Tram:

Päerdstram - Société anonyme des tramways luxembourgeois (SATL)[änneren | Quelltext änneren]

De Päerdstram ënnerwee op d'Gare (ëm 1890)

Projet fir en Tram[änneren | Quelltext änneren]

1859 war d'Gare Lëtzebuerg ageweit ginn, déi relativ wäit vum deemolege Stadzentrum ewech louch an dofir huet sech fir vill Leit, déi vun der Stad aus mam Zuch wollte fueren, en Transportproblem erginn. Dee Problem ass am Ufank mat Päerdskutsche geléist ginn, awer den Duerchschnëttsbierger konnt sech zu där Zäit keen Transport mat enger Kutsch leeschten. Dofir huet sech de Stater Gemengerot no Méiglechkeeten ëmsi fir den Transport ze vereinfachen a méi sozial ze gestalten.

De 16. Oktober 1871 hunn de Nicolas François Dudot vun Uccle (Bréissel) an de Joseph Simons vu Gaasperech der Stad e Virschlag gemaach fir eng Päerdsbunn (tramway américain) anzeriichten. De Projet gouf awer net ugeholl, well keng zouverlässeg Donnéeën iwwer d'Referenzen an d'Solvabilitéit vun den Zwéin disponibel waren[3].

De 27. Juni 1873 huet sech de Gemengerot dunn dann awer fir d'éischt mam neie Verkéiersmëttel beschäftegt an de 6. September 1873 gouf iwwer zwou Offeren diskutéiert déi eng Verbindung mat enger Päerdsbunn vun der Uewerstad bis op d'Gare proposéiert hunn. Well awer weeder d'Offer vum Charles de Féral nach déi vum Gustave Defacqz zefriddestellend war, gouf den 21. Mäerz 1874 decidéiert, d'Konditioune fir de Bau an de Betrib vum Tram an engem Laaschtenheft festzeleeën, op Basis vun deem vun der Stad Bréissel.

Am Cahier des charges war festgehalen, datt d'Streck an der Uewerstad (Arsenalstrooss, haitege westlechen Deel vun der Groussgaass oder an der Neipuertsgaass) fortgoen an iwwer de Viaduc bis bei d'Gare lafe sollt. Et gouf virgeschriwwen, datt an der Bunn Ween vun der éischter an zweeter Klass misste sinn, d'Héchstvitess war mat 12 km/h uginn an den Uschloss un d'Zich misst garantéiert ginn[3].

No der ëffentlecher Ausschreiwung huet sech erausgestallt datt de Charles de Féral, en Ingenieur vu Bréissel, deen zu Lëtzebuerg gewunnt huet, den eenzege war deen eng Offer ofginn hat an hie krut doropshin den 3. Juni 1874 vum Gemengerot d'Konzessioun fir eng Päerdsbunn wärend 40 Joer ze bedreiwen[3].

Bau vum Päerdstram[änneren | Quelltext änneren]

Annonce vum 19. Februar 1875 iwwert d'Aweiung vum Tram

Den 8. September 1874 gouf vum de Féral d'Société anonyme des tramways luxembourgeois (SATL) mat engem Kapital vun 100.000 Frang gegrënnt, där en alleguer d'Rechter, déi hie vun der Gemeng kritt hat, iwwerdroen huet.

Den 20. September louch de Gleisplang fest, dee follgend Streck mat enger Längt vun 2,223 km virgesinn huet: Neipuertsgaass - Groussgaass - Krautmaart - Knuedler - Ënneschtgaass - Rue de l'Athénée - Viaduc - Gare.

Den Optrag fir de Bau huet d'Firma Dufranc, Maart et Co. vun Antwerpen fir de Präis vun 140.000 Frang kritt. Dës Firma hat e gudde Ruff well se och schonn d'Streck fir de Päerdstram vun der Stad Gent gebaut hat. Fir d'Gleiser war eng Normalspuer vu 1.435 mm gewielt ginn.

Véier Méint méi spéit war de Bau vum éischten Deel vun der Streck fäerdeg. Sonndes, den 21. Februar 1875 war déi feierlech Aweiung vun der Streck Gare - Kolléisch (Ënneschtgaass). Dësen Dag gëtt allgemeng als Ufank vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ugesinn.

Betrib a weideren Ausbau[änneren | Quelltext änneren]

Zwéi Päerdstrammen an der Neipuertsgaass, op Héicht vun der Biedergaass

De reguläre Betrib gouf den Dag drop um 14 Auer opgeholl. Den offiziellen Horaire gouf de 6. Mäerz verëffentlecht. Wéinst dem groussen Undrang hu schonn e puer Méint duerno zousätzlech Ween missen ugeschaaft ginn.

Vill Kritik um Tram koum awer well de Betrib nëmmen d'Uewerstad ugefuer huet. Dofir huet d'SATL zousätzlech en Droschkendéngscht agefouert mat deem déi aner Staddeeler un den Tram ugebonne goufen. Fir d'Droschken, d'Zuchpäerd an d'Ween vum Tram ënnerzebréngen, ass um Gebitt vum deemolege Fort Wedell (haut Joseph-Junck-Strooss) en Terrain vun 1,37 ha kaaft gi fir do den Depot vum Päerdstram ze bauen.

De 24. August 1875 fir d'Schueberfouer huet de Reseau vum Päerdstram schonn aus dräi Linne bestanen:

Op der Streck vum Päerdstram gouf et ausser op der Gare an um Roude Pëtz keng fest Halten an de Kutscher ass stoebliwwe wann e Client matfuere wollt[4].

Am Asaz ware Ween mat enger Breet vun 2,20 m fir 30 bis 35 Persounen. Et ass net gewosst wou d'Ween hierkoumen, verschiddener wieren awer aus dem Stock vun ausrangéierte Ween vu Bréissel gewiescht[4].

De Päerdstram war vun Ufank un e groussen Erfolleg bei der Bevëlkerung. Am Abrëll 1875 goufe 25.425 Billjeeë verkaaft, am Mee waren et der schonn 30.652. Am Joer 1905 huet d'SATL e Gewënn vu 15.000 Frang gemaach. An deem Joer gouf en 9-Minuttentakt agefouert fir der grousser Nofro nozekommen.

Elektreschen Tram - Tramways de la Ville de Luxembourg (TVL)[änneren | Quelltext änneren]

Den Elektreschen Tram ëm 1910

Projet fir en elektreschen Tram[änneren | Quelltext änneren]

De 14. Januar 1888 krut den Ingenieur Pierre Hastert d'Geneemegung fir en Elektrizitéitswierk um Terrain vun der fréierer Bastioun Jost ze bauen. Domat waren d'Grondlage geschaaft fir den Tram ze elektrifizéieren, sou wéi et ëm déi Zäit a villen anere Stied geschitt ass. Awer zu Lëtzebuerg war dat deemools nach keen Theema. Eréischt 1906 ass den elektreschen Tram am Gemengerot diskutéiert ginn. De 17. Februar 1906 hat de Schäfferot Pläng an Devisë fir eng elektresch Stroossebeliichtung a fir de Bau an de Betrib vun engem elektreschen Tram ugefrot.

Den 29. September 1906 ass am Gemengerot iwwer déi follgend fënnef Offeren déi erakoumen, diskutéiert ginn:

1. Projet Kemp[änneren | Quelltext änneren]

De lëtzebuergeschen Ingenieur-Architekt Kemp huet e Reseau vun Trams- an Iwwerlandlinne fir d'Haaptuertschafte vun de Kantone Lëtzebuerg an Esch an eng Verbindung tëscht béide Kantone proposéiert. Den Tram sollt mat Gas ugedriwwe ginn. Well e wäit iwwer d'Zil eraus gaangen ass, gouf de Projet net zeréckbehalen.

2. Projet « SA des transports urbains et vicinaux de Bruxelles »[änneren | Quelltext änneren]

De Bréisseler Projet huet en Tram an eng elektresch Versuergung virgesinn a war op d'Stad Lëtzebuerg an d'Gemeng Hollerech ausgeluecht. Am Projet gouf och e Cahier des charges fir de Bau vun engem Elektrizitéitswierk a fir eng Tramsstreck matgeliwwert. Den Tram sollt vun der Stater Gare iwwer d'Nei Bréck an d'Uewerstad a bis bei d'Hollerecher Kierch fueren. Den Dossier gouf awer net zeréckbehalen, absënns well den neie Quartier Lampertsbierg net mat abezu gi war a well d'Stad et zu deem Ament nach ze fréi empfonnt huet fir d'Nopeschgemeng Hollerech mat anzebezéien.

3. Projet Saur[änneren | Quelltext änneren]

De Projet vum lëtzebuergeschen Ingenieur Georges Saur vun Esch-Uelzecht huet dräi Linne proposéiert mat deene vun der Hollerecher Kierch aus d'Gare, d'Uewerstad an de Lampertsbierg matenee verbonne sollte ginn. Well och an deem Fall d'Gemeng Hollerech mat abezu war, awer och well keng generell elektresch Versuergung - absënns déi fir den Tram - proposéiert gouf, ass de Projet net zeréckbehale ginn.

4. Projet „Felten & Guilleaume-Lahmeyer“[änneren | Quelltext änneren]

De Grupp „Felten & Guilleaume-Lahmeyer“ vu Frankfurt-Main huet e Projet virgestallt fir am Gronn en Elektrizitéitswierk mat zwou Dampturbinne mat jee 450 PS fir de Betrib vum Tram a fir d'Elektrifikatioun vun de Stater Quartieren ze bauen. D'Tramsstreck huet aus enger 6 km-laanger Ranklinn bestanen, déi vun der Gare aus iwwer d'Streck vum Päerdstram bis op de Lampertsbierg an dann iwwert d'Arsenalstrooss, de Boulevard Royal an d'Nei Bréck nees op d'Gare gefouert huet.

Eng Optioun war, fir eng zousätzlech Eisebunnsstreck vun der Dummeldenger Gare aus iwwer Eech an duerch de Pafendall a Clausen an de Gronn ze bauen.

5. Projet „Siemens & Halske AG”[änneren | Quelltext änneren]

D'„Siemens & Halske AG” vu Berlin hat zesumme mam Ingenieur Paul Wurth an der « SA luxembourgeoise d'électricité » e Projet fir en Tram an eng elektresch Versuergung, ausgeschafft an deem engersäits proposéiert gouf, d'Elektrizitéitswierk vum Pierre Hastert (Société anonyme luxembourgeoise d'électricité, SALE) op der Bastioun Beck ze vergréisseren an d'Fräileitunge mat ënnerierdesche Leitungen z'ersetzen. Anersäits gouf en Tramsreseau - änlech wéi dee vu Felten & Guilleaume-Lahmeyer - proposéiert. Mat der Verbindung tëscht den zwou Strecken an der Uewerstad kéinten zwou Rénglinnen entstoen: de Klenge Stadrank vun der Gare an d'Groussgaass (iwwert d'Al an d'Nei Bréck) an de Grousse Bausserank vun der Gare op de Lampertsbierg.

Méi spéit kéinte Verlängerungen vun der Gare aus bis bei d'Hollerecher Kierch an op Eech gebaut ginn.

Nëmmen déi zwee lescht Projete sinn deemno consideréiert ginn a schlussendlech gouf sech fir de Siemens & Halske-Projet decidéiert. Et war awer nach net festgeluecht, ob de Betrib iwwer eng Konzessioun - sou wéi Siemens et proposéiert hat - oder an Eegeregie vun der Stad sollt assuréiert ginn. Den 28. November 1906[5] gouf dunn déi grondsätzlech Decisioun geholl, datt den elektreschen Tram vun der Stad selwer bedriwwe sollt ginn an net méi wéi de Päerdstram vun enger Privatfirma.

Fir déi nei Aufgaben z'iwwerhuelen, gouf en neie Gemengebetrib gegrënnt, d'Usine électrique et tramways de la Ville de Luxembourg, mat un der Spëtzt, den Elektroingenieur Charles Petermann.

D'Konzessioun mat der SATL ass nach bis den 31. Mäerz 1915 gelaf, ma fir de Bau vum elektreschen Tram ze preparéieren an den Tram an Eegeregie bedreiwen ze kënnen, huet d'Stad Lëtzebuerg der SATL ufangs 1907 ugebueden, de kompletten Tram fir 130.000 Frang z'iwwerhuelen. Den 2. Mäerz 1907 huet d'Gesellschaft SATL an enger Vollversammlung decidéiert, d'Offer vun der Stad Lëtzebuerg unzehuelen an domat zugläich hir eegen Opléisung erbäizeféieren, déi den 31. Mäerz 1907 realiséiert gouf.

Eng Konventioun tëscht der Gemeng an der SATL huet festgehalen, datt d'Stad de Päerdstram bedreiwe kéint an datt se d'Gleisanalgen an d'Gefierer iwwerhuele géif, awer ouni déi 38 Päerd, d'Geschier, d'Ställ an d'Depoten. D'Gesellschaft sollt bis zum definitive Schluss nach e Loyer vun 20 % vum Wäert vun de Päerd an anerem Material kréien. D'Stad huet deemno 6 Ween grad ewéi d'Personal vun der SATL iwwerholl. Zum Personal hunn 8 Schaffner a Kutscher, 3 Kniechten, ee Schinnebotzer an ee Schmadd grad ewéi ee Virgesetzten, den A. Demonceaux gezielt.

De 27. Abrëll 1907 huet de Stater Gemengerot d'Konventioun ugeholl[6], déi fir d'SATL vum Beoptraagte Wauwermanns a fir d'Gemeng vum Buergermeeschter Alphonse Munchen an de Schäffen Nicolas-Ernest Barblé a Luc Housse ënnerschriwwe gouf.

An der Gemengerotssëtzung vum 1. Mee 1907 gouf dunn decidéiert, datt d'Firma Siemens en elektreschen Tram an eng Ëmformerstatioun am Wäert vun 1,3 Millioune Frang baue sollt.

Bau vum elektreschen Tram a Schluss vum Päerdstram[änneren | Quelltext änneren]

Am August 1907 gouf de Bau vun der Ëmformerstatioun op der "Fausse braie" tëscht der Adolphe-Bréck an der Place de la Constitution decidéiert. De Stroum fir den Tram sollt vun der Dummeldenger Schmelz geliwwert ginn.

De 24. August 1908 goufen d'Päerd an d'Material vun der SATL versteet.

De 16. Mäerz 1908 gouf mat den Aarbechten un de Gleiser vun der Gare iwwer d'Nei Bréck bis an der Neipuertsgaass ugefaangen. Op der Bréck goufe speziell Schinnen, mat enger Héicht vu just 90 mm verluecht, iwwerdeems déi normal Schinnen 160 mm héich waren[7]. Fir de Betrib vum elektreschen Tram hunn d'Gleiser vum Päerdstram vun der Normalspuer op 1.000 mm missen ëmgeännert ginn. Knapps dräi Méint méi spéit ware se sou wäit fäerdeg datt den Tramsbetrib nees konnt opgeholl ginn, am Ufank awer nach mat den Unhängerween a mat Päerdstraktioun.

Den 11. Juli 1908 gouf am Stater Gemengerot d'Police-Reglement fir de Betrib vum elektreschen Tram gestëmmt an deen neie Verkéiersbetrib krut den Numm Tramways électriques de la Ville de Luxembourg, uganks TEVL an duerno TVL gekierzt[7].

Den 31. Juli 1908 ass déi éischt Prouffaart mat elektrescher Traktioun erfollegräich verlaf. De 4. August 1908 gouf de Betrib no Fuerplang mat engem éischte Motorwon opgeholl. Déi feierlech Aweiung vum neien elektreschen Tram war samschdes, den 8. August 1908. Deen Dag gouf och d'ëffentlech elektresch Beliichtung vun der Plëss d'Arem ageweit a fir dat Ganzt ze feieren, war owes e Blummekorso mat elektresch beliichte Gefierer organiséiert ginn[8]. Fir d'Inauguratioun waren dräi Motorween op der Linn vun der Gare bis an d'Groussgaass am Asaz.

An den éischten Deeg ass den Tram just vun der Gare iwwer de Viaduc bis an d'Uewerstad gefuer. D'Faarte mueres fréi an owes spéit grad ewéi d'Streck iwwer d'Nei Bréck, goufe weiderhi mam Päerdstram assuréiert. Eréischt wéi genuch Motorween disponibel waren, ass den elektresche Betrib op de ganze Reseau ausgedeent ginn an de leschten Tram mat Päerdstraktioun ass den 13. August 1908 gefuer. Eelef Deeg duerno, de 24. August 1908, gouf de ganze Bestand vun der liquidéierter SATL ëffentlech fir 16.000 Frang versteet. Domat waren 33 Joer Betrib vum Päerdstram definitiv eriwwer.

Entwécklung vum Tramsreseau[änneren | Quelltext änneren]

De ganze Reseau hat am Ufank aus 3 Linnen ouni Bezeechnung bestanen an hat eng Längt vun 8,63 km, wouvu 5,1 km eegleiseg waren.

D'Motoren hu mat 550 Volt-Gläichstroum funktionéiert, deen iwwer d'Uewerleitung agespeist gouf. De Präis fir eng Faart war 15 oder 20 cts jee no Distanz. En Abonnement fir 1 Mount huet 5 Frang kascht. D'Betribszäit ass vu 6 Auer bis kuerz no Hallefnuecht gaangen.

Am September 1908 gouf et Ännerungen op de Linnen, déi vun do u mat faarwege Schëlter gezeechent goufe fir se besser auserneenzehalen. Ausserdeem ass eng Linn bäikomm.

Vun 1913 u goufen d'Faarwe vun de Linne mat zousätzlechen Nummeren ergänzt. Déi faarweg Bezeechnung vun de Linne gouf bis 1925 bäibehalen.

Reseau August / September 1908
Linnefaarf Streck Ufank
gréng Klenge Stadrank:
Gare - Nei Bréck - Dräieck Post - Dräieck Groussgaass - Kolléisch - Al Bréck - Gare (all 15 Minutten)
14.08.1908
owes och a Géigerichtung (a vum 20.09.1928 un och am Dag):
Gare - Al Bréck - Kolléisch - Dräieck Groussgaass - Dräieck Post - Nei Bréck - Gare
14.08.1908
wäiss Klenge Lampertsbierger Rank:
Gare - Al Bréck - Dräieck Groussgaass - Neipuertsgaass - Lampertsbierg/Tramsschapp - Faïenceriestrooss - Glaciskapell - Boulevard Joseph II - Montereysavenue - Dräieck Post - Nei Bréck - Gare (all 30 Minutten)
14.08.1908
giel Grousse Lampertsbierger Rank:
Gare - Al Bréck - Dräieck Groussgaass - Dräieck Post - Montereysavenue - Boulevard Joseph II - Glaciskapell - Faïenceriestrooss - Lampertsbierg/Tramsschapp - Neipuertsgaass - Dräieck Groussgaass - Kolléisch - Al Bréck - Gare (all 30 Minutten)
14.08.1908
rout Grousse Lampertsbierger Rank:

Gare - Al Bréck - Kolléisch - Dräieck Groussgaass - Neipuertsgaass - Boulevard de la Foire - Glaciskapell - Boulevard Joseph II - Montereysavenue Dräieck Post - Nei Bréck - Gare

09.1908

Projeten an der Gemeng Hollerech[9][änneren | Quelltext änneren]

An der Gemeng Hollerech, der gréisster Nopeschgemeng vun der Stad, gouf et schonn zwou Garen (déi haiteg Stater grad ewéi d'Hollerecher Gare) an Hollerech wollt och un den Tramsreseau ugeschloss ginn. Siemens hat schonn 1908 en éischte Projet ausgeschafft, mat deem d'Gemeng Hollerech un de Stater Tram ugeschloss kéint ginn. Mat engem eegene Fuerpark sollt d'Streck vun engem geplangten Depot aus, deen nieft der der Hollerecher Märei, an der Géigend vun der Kräizung Escher Strooss / Hollerecher Strooss (deemools: Rue de la Gare) gebaut sollt ginn, engersäits duerch d'Hollerecher Strooss a Richtung vun der Stater Gare an anersäits iwwer d'Escher Strooss bis bei d'Montereysavenue féieren. Eng Verlängerung vun der Gare bis an d'Hesper Strooss zu Bouneweg war als Variant nodréiglech an der Projet agefloss.

Zeechnung vum geplangten Hollerecher Motorwon (1908)

D'Stater Gemeng war net wierklech begeeschtert mam geplangten Uschloss vun Hollerech an eréischt nodeems sech de Staat agemëscht hat, hunn sech déi zwou Gemengen zesummegesat fir de Projet ze diskutéieren. Absënns wéinst der gefroter Verlängerung bis op Bouneweg déi déi Hollerecher onbedéngt wollten, déi Stater awer net, konnten se sech net eenegen an de Projet ass duerno am Sand verlaf.

1911 huet d'Gemeng Hollerech en neie Projet, fir en Elektrizitéitswierk an en Tram, ausschaffe gelooss, dës Kéier vum Bau- und Betriebsbüro für Straßen- und Kleinbahnen, F. Schulze vun Düsseldorf. D'Elektrizitéitswierk kéint d'Uertschaften Hollerech a Bouneweg mat 110 an 220 Volt Wiesselstroum alimentéieren, grad ewéi d'Paul-Wurth-Wierk (3.000 V Dréistroum) an d'Versuergung vum Tramsbetrib (550 V Gläichstroum) an och nach Stroum fir friem Eisebunnsanlage produzéieren.

Den Tramsreseau mat am Ganze 7,9 km war op dräi Linnen ausgeluecht, déi am 12-Minutten-Takt fuere sollten:

  • Hollerecher Rank: Gare centrale - Al Avenue - Rue Origer (deemools rue Sigefroi) - Rue Zithe - Rue Michel Rodange (Avenue Michel Rodange) - Rue Michel Welter (Rue des Carmélites) - Antwerpener Strooss (Rue du Feldgen) - Escher Strooss - Hollerecher Strooss (Rue de la Gare) - Gare Centrale, mat enger Streck vun 3,5 km.
  • Bouneweger Rank: Gare centrale - Al Avenue - Bouneweger Strooss - Bouneweger Strooss (Rue de Luxembourg) - Rue du Cimetière (Rue Irmine) - Diddenuewener Strooss - Gare centrale, mat enger Streck vun 3,2 km.
  • Stéchstreck: Escher Strooss - Boulevard Grande-Duchessse Charlotte (Boulevard extérieur), mat enger Längt vun 1,2 km.

De Projet hat zwou méi speziell Streckendeeler: engersäits hätt um Hollerecher Rank tëscht der Antwerpener- an der Escher Strooss missten duerch den enken an deels géie Péitrussdall gefuer ginn an anersäits vun der Gare op Bouneweg duerch déi enk Ënnerféierung „Knachemillen“ ënnert den Eisebunnsschinnen erduerch, och wa scho geplangt gouf iwwer déi deemoleg Iwwerféierung (haut: Jean-Pierre-Büchler-Bréck) ze fueren.

Och den 1911er-Projet ass net realiséiert ginn.

Verlängerung op Eech[10][änneren | Quelltext änneren]

Nodeems 1865 déi nei Dummeldenger Schmelz opgaange war, hu sech ëmmer méi Schmelzaarbechter an hirer Ëmgéigend néiergelooss. Obwuel et zu Dummeldeng en Uschloss un d'Eisebunn gouf an och eng Verbindung mat der Vizinalbunn Charly duerch de Rollengergronn an d'Stad an op d'Gare bestoung, ass ëmmer nees eng méi direkt Verbindung an d'Uewerstad gefrot ginn. Den Eecher Schäfferot huet sech dunn de 26. Juli 1907 u seng Homologen aus der Haaptstad adresséiert fir ze froen, wéi et mat enger Verlängerung vum Tram bis op Eech géif stoen, eng Verbindung déi sengerzäit scho vu Siemens ugeduecht gi war. No laange Verhandlungen ass en Arrangement fonnt ginn, absënns well eng gutt Zesummenaarbecht tëscht den zwou Gemenge bestanen huet, wat d'Waasser-, d'Stroum- an d'Gasliwwerungen ugaangen ass.

Et huet dunn awer nach bis de 26. Dezember 1913 gedauert, ier déi nei Eecher Linn feierlech konnt ageweit ginn. Se ass op der Streck Kasinosgaass (Terminus) - Theaterplaz - Eecher Bierg - Eecher Plaz bis op d'Kräizung Iechternacher Strooss / Beggener Strooss gefuer. D'Schinnennetz hat dunn eng Längt vun 11,8 km.

Verlängerung vun der Eecher Linn[11] an nei Hollerecher Linn[12][änneren | Quelltext änneren]

Den 13. Dezember 1918 gouf am Stater Gemengerot decidéiert, zwou nei Linnen ze bauen, eng dovu war d'Verlängerung vun der Eecher Linn vun Dummeldeng aus iwwert Beggen, Walfer, Heeschdref a Mëlleref bis bei d'Kierch op Steesel.

Nach ier den Tram bis op Eech verlängert gi war, hat de Steeseler Gemengerot schonn den 18. Oktober 1910 fir eng Verlängerung vun der Streck an der Stad ugeklappt. De 27. Mäerz 1914 ass dunn en Avant-projet virgestallt gi mat deem d'Streck iwwer d'Staatsstrooss bis op Bäreldeng a vun do aus iwwer eng Niewestreck bis bei d'Steeseler Kierch sollt verlängert ginn. D'Gemeng Walfer huet sech doropshin agemëscht a gefrot, datt d'Streck bis op Heeschdref iwwer d'Staatsstrooss fueren an eréischt dann op Steesel ofbéie sollt. Mam Ausbroch vum Éischte Weltkrich sinn d'Verhandlungen dunn emol op Äis geluecht ginn.

Den Dossier ass den 19. Dezember 1919 nees opgegraff ginn an et gouf en definitive Projet erstallt, deen den 1. Mäerz 1920 geneemegt gouf. En huet virgesinn, datt en enger éischter Phase déi 4,95 km-laang Streck vun Dummeldeng bis op Heeschdref gebaut géif. Fir de Bau vun der Streck ass op d'Hëllef vun engen 150 Aarbechter zeréckgegraff ginn, déi wéinst Manktem u Kock op der Dummeldenger Schmelz keng Aarbecht haten. De Staat huet 40 % vun de Käschten fir d'Aarbecht iwwerholl[13]. D'Verlängerung vun Heeschdref weider op Steesel kéim eréischt méi spéit, absënns well déi Streck fir d'éischt misst ausgebaut ginn. Mëtt August 1920 goufen déi éischt - vun der ARBED fabrizéiert - Schinne verluecht. Et war och fir d'éischt datt se geschweesst (Aluminothermie) an net méi mat enger Schinnelasch matenee verbonne goufen.

Duerch d'Gemengefusioun vun Eech mat der Stad Lëtzebuerg op den 1. Juli 1920, ass den Territoire vun der Haaptstad bis op Beggen gaangen. D'Verlängerung vun der Eecher Linn ass méindes, den 1. Mee 1922 bis un d'Stadgrenz zu Beggen opgaangen. Déi geplangt Streck war zwar bis op Heeschdref fäerdeg gebaut, ass awer duerch Onstëmmegkeeten tëscht der Stater Gemeng mat hiren Nopeschgemengen nach aacht Joer laang net a Betrib geholl ginn. Eréischt vum 6. September 1930 un ass den Tram bis op Heeschdref gefuer; d'Aweiungsfeierlechkeete waren de 4. Oktober 1930[14]. D'Verlängerung vun Heeschdref aus bis op Steesel ass ni gebaut ginn.

Déi zweet Linn déi den 13. Dezember 1918 decidéiert gouf, war d'Hollerecher Linn. Déi geplangt Streck war follgend: Stater Gare - Hollerecher Strooss (Rue de la Gare) - Hollerecher Kierch - Escher Strooss - Avenue Guillaume - Rue Albert-1er (Rue Schmitz) - Avenue du X septembre (Märeler (Land-)Strooss) - Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (Boulevard extérieur, Äusserer Ring) - Glacis. Se sollt, esou wéi d'Verlängerung vun der Eecher Linn, am Kader vun den Noutstandsaarbechte realiséiert an och mat 40 % vum Staat subventionéiert ginn. Et koum een awer vum ursprénglech Streckeplang of an den Ëmwee iwwer d'Märeler Strooss an och d'Ubannung bis bei de Glacis sinn ewechgefall. Déi nei Pläng hu virgesinn, datt d'Streck vum Boulevard extérieur an d'Montereysavenue ofbéien a sech op der Héicht vum Boulevard Joseph-II un d'Lampertsbierger Streck uschléisse géif. Ausser dem Deel an der Montereysavenue, op deem se parallel mat der Lampertsbierger Linn gefuer ass, war d'Streck eegleiseg.

D'Hollerecher Linn gouf den 1. September 1923 offiziell ageweit a vum 1. Abrëll 1927 gouf se an der Stad betriblech mat der Bouneweger Linn verbonnen, déi 1924 opgaange war.

Linn duerch Clausen bis an d'Neiduerf[15][änneren | Quelltext änneren]

Scho wéi am Dezember 1913 d'Eecher Linn opgoung, huet de Buergermeeschter vun Eech sech dofir staark gemaach, datt och d'Neiduerf, dat deemools nach zur Gemeng Eech gehéiert huet, un den Tram misst ugeschloss ginn. Dës Demande koum de Stater Politiker ze paass, absënns well och de Pafendall an de Gronn dovu profitéiere kéinten. Wéinst dem Krich ass awer näischt aus de Pläng ginn. 1917 hunn déi Neiduerfer a Clausener Awunner hir Fuerderung nees virbruecht an am Januar 1922 gouf de Bau vun der Streck a Clausen an an d'Neiduerf decidéiert.

Wéinst engersäits der Schréi vun 9,2 % an anersäits der niddreger Héicht (3,75 m) ënnert der Eisebunnsbréck am Clausener Bierg, goufen am Cahier des charges deen de 25. Abrëll 1922 ausgeschriwwe gouf, speziell Gefierer verlaangt. D'Schinnen an d'Potto fir d'Catenaire si vun der ARBED geliwwert ginn an d'Aarbechte fir de Gleisbau goufen nees am Kader vun den Noutstandsaarbechte realiséiert.

Déi nei Streck hat hiren Ufank um Lentzen Eck (Fleeschiergaass / Krautmaart) wou se un déi Stater Streck a Richtung vum Roude Pëtz ugeschloss war. Méi spéit (Juni 1926?) war den Terminus e bësse méi déif, um Fëschmaart. Vun do aus ass d'Streck eegleiseg op der lénker Säit de Clausener Bierg erof gaange bis se no der Clausener Bréck op déi riets Stroossesäit gewiesselt huet. D'Streck war uganks bis bei d'Neiduerfer Kierch geplangt, gouf awer op Demande vun der Gemeng Sandweiler bis op d'Gafelung fir op d'Kalchesbréck gebaut. D'Streck hat eng Längt vun 3,7 km.

Wéinst der géier Pente am Clausener Bierg konnt aus Sécherheetsgrënn ëmmer nëmmen e Motorwon, ouni Unhänger op der Streck agesat ginn. Et goufen och strikt Uweisungen, datt maximal 47 Leit zesummen am Won dierfte sinn: 24 Sëtz- a 5 Stéiplaze bannenan, 8 Plaze vir an der 10 hannen op der Plattform[16].

Wéinst enger Verspéidung an der Liwwerung vun de spezielle Motorween, huet sech d'Aweiung vun der Neiduerfer Streck bis de 16. Juli 1923 erausgezunn[17].

Linn op Bouneweg[18][änneren | Quelltext änneren]

Nodeems den 1. Juni 1920 d'Gemeng Hollerech mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert hat, gouf op en Neits gefuerdert, datt Bouneweg (dat bis dohin zu Hollerech gehéiert huet) un den Tram sollt ugeschloss ginn. Mat der Ënnerstëtzung vum Tramsdirekter Jules Thiry, engem gebiertege Bouneweger, gouf en neien Trajet proposéiert, dee vum Garer Quartier iwwert eng Bréck déi nach misst gebaut ginn (Neipperg Bréck, duerno: pont de la Concorde) duerch d'Trevirerstrooss (Rue du Nord) a Richtung vun der August-Charles-Strooss bis bei déi deemoleg Jousefskierch am Duerfkär vu Bouneweg sollt féieren.

De Bau vun der Linn gouf de 27. Juli 1922 decidéiert, mat follgendem Trajet vun 1,385 km: vun der Neier Avenue (Paräisser Plaz) iwwert d'Origerstrooss (Rue Sigefroi), d'„Schwaarz Bréck“, d'Bouneweger Strooss (Rue de Luxembourg), d'Kierfechtstrooss bis bei de Bouneweger Kierfecht. D'Bouneweger Linn ass samschdes, den 10. Mee 1924 mat feierlech dekoréierte Ween ageweit ginn[19]. Domat waren am Ganzen aacht Linnen a Betrib, wouvun der awer just véier eng Linnen-Nummer haten.

Méi spéit sollt d'Streck ëm 1.100 m verlängert ginn an iwwert déi geplangt Diddenuewener Strooss an eng nei bëtongs Boubréck (déi haiteg Jean-Pierre-Büchler-Bréck) lafe fir op der Garer Plaz op déi nei Hollerecher Linn ze stoussen.

Et huet awer bis 1925 gedauert, bis mat den Aarbechte fir d'Bréck ugefaange gouf. Gutt zwee Joer méi spéit ass d'Bréck mat dräi Felder fir den Trafic opgaangen. An der Mëtt vun der Bréck goufen d'Tramsschinne geluecht an op der Nordsäit - getrennt vun der Strooss - d'Gleiser vum Jangli. D'Tramsschinne sinn ni vum Tram gebraucht ginn, well de Bouneweger Rank net zustane koum. Nodeems d'Bréck bei de Bombardementer am Mee an am September 1944 beschiedegt gi war, ass de Jangli awer eng Zäitche laang driwwer gefuer, bis datt deem seng Schinne gefléckt waren. Mat der Renovatioun vun der Bréck am Joer 1955, goufen d'Tramsschinnen erausgerappt.

De 27. Juli 1922 war och déi prinzipiell Decisioun geholl ginn fir eng zweet Bouneweger Linn – déi ursprénglech gewënscht Linn iwwert d'Neipperg Bréck – ze bauen, soubal den neie Quartier Bouneweg-Nord gebaut wär. D'Streck ass awer ni gebaut ginn, ma et gouf eng Buslinn agesat.

Am Dezember 1937 gouf d'Stompgleis um Enn vum Auswäichsgleis beim Bouneweger Kierfecht ëm 85 m bis bei d'Wëlzer Strooss verlängert. Dat war déi lescht Verlängerung déi um Tramsreseau gebaut gouf an domat war de Maximum vum Schinnereseau mat 37,8 km erreecht. D'Gesamtlängt vun de Strecke louch bei 31,2 km.

Märeler Linn[20][änneren | Quelltext änneren]

Nodeems d'Festung geschleeft gi war sinn am Weste vun der Stad nei Quartieren entstanen an d'Awunner vun do hunn och eng Ubannung un den Tram gefrot. Den uganks geplangten „Ëmwee“ vun der Hollerecher Linn bis an den neie Quartier (Rue Albert-1er - Avenue du X septembre) war jo net gebaut ginn an et huet du bis 1925 gedauert bis Märel eng eege Linn krut. Se hat den Depart um Roude Pëtz, ass duerch d'Groussgaass an iwwert den „Dräieck Post“ an d'Montereysavenue a Richtung Weste gefuer. Op der Héicht vum Café Wampach, do wou d'Hollerecher Linn no lénks ofgebéit ass, ass déi nei Streck riicht aus, an der Mëtt vun der Strooss, duerch d'Avenue du X septembre an iwwert d'Place de France bis op den Terminus op der Héicht vun der Märeler Strooss gelaf.

Déi nei Linn 11 op Märel ass de 16. Februar 1926 ouni grouss Aweiungsfeierlechkeeten opgaangen. Vum 15. Januar 1928 un, ass se op der Gare fortgefuer, iwwert d'Nei Bréck bei d'Post an da virun op Märel. Den 9. Oktober 1934 ass d'Streck zu Märel nach ronn 300 m a Richtung Weste bis op d'Héicht vun der haiteger Märeler Strooss verlängert ginn.

D'Märeler Linn ass den 1. Mee 1961 fir zerguttst zougemaach ginn.

Linn an de Rollengergronn an an d'Millebaach[21][änneren | Quelltext änneren]

D'Linn duerch de Rollengergronn an d'Millebaach war u sech ni eng eege Streck vum Stater Tram, well se tëscht dem Boulevard Royal an dem Terminus op der Eecher Plaz iwwert d'Schinne vum „Chareli“, der Vizinalbunn vu Lëtzebuerg op Iechternach gefuer ass.

An engem Ofkommes tëscht dem Staat an der Stater Gemeng vum 7. November 1924 fir d'Streck op Stroum ëmzestellen, war festgehale ginn, datt d'Stater Gemeng d'Streck vun der Gare bis op Dummeldeng op hir Käschten elektrifizéieren, ënnerhalen a mat eegenem Rullmaterial bedreiwe géif. Zousätzlech zur Vizinalbunn sollt op der Streck op d'mannst all Stonn en Tram vun der Gare duerch de Rollengergronn bis op Eech fueren. An enger zousätzlecher Konventioun tëscht der Gemeng an dem Piechter (PH) iwwert d'Gestioun vun der gemeinsamer Streck gouf ë. a. festgeluecht, datt all Persounenzuch vum Chareli ausschliisslech vum stätteschen Tramspersonal géif begleet ginn (Pilotwon) an datt d'Stad an all hiren Trammen eng 2. an 3. Klass-Voiture an e Gepäckwon géif matfuere loossen. D'Pilotween vum Tram déi virum Chareli gefuer sinn, waren néideg fir d'Weichen elektresch ze stellen.

Den 12. Juni 1926 gouf vum Gemengerot e Kredit vun 1,6 Millioune Frang fir d'Elektrifizéierung vun der Vizinalbunn gestëmmt fir domat de Gebrauch vun de „knaschtegen“Damplokomotiven um Stadgebitt z'ënnerbannen. D'Aarbechten dorun hunn am September 1927 ugefaangen. Am Februar 1928 konnte schonn Testfaarten um Deel vun der Streck bis op d'Eecher Plaz gemaach ginn. Fir de Betrib op der elektrifizéierter Bunnstreck goufen zwéi speziell Motorween (Nr 30 an 31) ugeschaaft, déi staark genuch ware fir engersäits d'Persounenzich mat bis zu véier oder fënnef Remorque fir 250 bis 300 Leit oder anersäits d'Gidderzich mat 100 bis 120 Tonnen ze zéien.

De 17. September 1928 konnt den elektresche Betrib op der kompletter Linn opgeholl ginn, déi mat de spezielle Motorween Nr 30 an 31 bedriwwe gouf, un déi déi normal Waggone vum Chareli oder d'Unhängerween vum Tram (Nr 112 - 114, heiansdo och d'Serie Nr 108 - 111) gekoppelt goufen.

Als Folleg vum Tramsbetrib gouf Enn 1928 d'Rollengergrënnesch Buslinn, déi den 1. Abrëll 1926 opgaange war[22], mam Tram ersat. Mam reegelméissegen Tramsbetrib op dëser Linn gouf awer eréischt de 14. Januar 1929 ugefaangen.

Upassungen, Ausbau an Entwécklung vun der TVL[änneren | Quelltext änneren]

Tramsschapp[23][änneren | Quelltext änneren]

De Lampertsbierger Tramsschapp deen 1908 opgoung hat op enger Grondfläch vu 775 m2 véier Gleiser fir am Ganze 16 Ween vun allkéiers aacht Meter. Nieft dem Schapp gouf et nach e baussenzegt Gleis, längs der Ermesindestrooss. D'Aus- an d'Afaart an de Schapp waren um Eck vun der Avenue Pasteur (deemools: Avenue de Muhlenbach).

D'Plaz fir d'Ween ënnerdaach ze stelle gouf awer séier nees knapp, sou datt schonn 1913 en zweeten Hangar ugebaut gouf. Den Depot hat zu deem Moment eng iwwerdaacht Fläch vun 1.375 m2.

Nom Zweete Weltkrich huet sech séier erausgestallt, datt den Depot alt nees ze kleng war an 1923-24 gouf en eng zweet Kéier vergréissert. Dës Kéier gouf um ëstlechen Deel vum Terrain eng komplett nei Hal mat 10 Gleiser gebaut, wou 44 Ween konnten ofgestallt ginn. Den Accès fir déi Hal war um Eck vun der Victor-Hugo-Strooss. Vun deem Moment u goufen déi al Halen als Atelier fir den Ënnerhalt an d'Reparatur gebraucht.

Doduerch, datt engersäits méi grouss Ween ugeschaaft goufen an anersäits well och Plaz néideg war fir déi éischt Bussen ënnerdaach ze stellen, ass den Depot 1933 eng drëtt a lescht Kéier vergréissert ginn, wouduerch déi iwwerbaut Fläch op 5.570 m² eropgoung.

Nummeréierung vun de Linnen[24][änneren | Quelltext änneren]

Wéi den Tramsbetrib am August 1908 opgaangen ass, haten d'Linne keng speziell Bezeechnung. Am September goufen et e puer Ännerungen um Netz an d'Linne si vun do u mat faarwege Schëlter gezeechent ginn. Vun 1913 u koum nach eng zousätzlechen Nummeréierung bäi. D'Linnen op Eech, op Hollerech an an d'Neiduerf si just mam Numm vum Quartier genannt ginn (Eecher Linn, …) an eréischt vum 1. Januar 1925 sinn d'Linne vun 1 bis 10 nummeréiert ginn; 1926 koum d'Eelef an 1926 d'Zwielef bäi. De Suffix vu vereenzelte Bezeechnungen (1a, 4a) ass awer ni um Tram ugeschloe ginn.

Fir d'„Extraween” (Schülerween bei d'Lampertsbierger Schoulen oder Faarten aus / an den Depot) gouf et keng speziell Bezeechnung.

D'Linnennummeren déi 1925 agefouert goufen, zielen deelweis haut nach an der Nummeréierung vun de Stater Buslinnen (Linn 9 Neiduerf, Linn 10 Beggen).

Nummeréierung vun 1925 un
Linnen-Nr Streck (Stand: 1925)
1 Gare - Nei Bréck - Dräieck Post - Dräieck Groussgaass - Kolléisch - Al Bréck - Gare
1a (a Géigerichtung vun der Linn 1; just owes a vum 20.09.1928 un och am Dag)
Gare - Al Bréck - Kolléisch - Dräieck Groussgaass - Dräieck Post - Nei Bréck - Gare
2 Gare - Al Bréck - Kolléisch - Dräieck Groussgaass - Neipuertsgaass - Boulevard de la Foire - Glaciskapell - Boulevard Joseph II[25] - Montereysavenue - Dräieck Post - Nei Bréck - Gare
3 Gare - Nei Bréck - Dräieck Post - Montereysavenue - Boulevard Joseph II[25] - Glaciskapell - Faïenceriestrooss - Lampertsbierg/Tramsschapp - Neipuertsgaass - Dräieck Groussgaass - Kolléisch - Al Bréck - Gare
4 Gare - Al Bréck - Dräieck Groussgaass - Neipuertsgaass - Lampertsbierg/Tramsschapp - Faïenceriestrooss - Boulevard de la Foire - Neipuertsgaass - Dräieck Groussgaass - Kolléisch - Al Bréck - Gare
5 Gare - Al Bréck - Dräieck Groussgaass - Dräieck Post - Montereysavenue - Boulevard Joseph II - Glaciskapell - Faïenceriestrooss - Lampertsbierg/Tramsschapp - Neipuertsgaass - Dräieck Groussgaass - Kolléisch - Al Bréck - Gare
6 Hollerech - Dräieck Post - Dräieck Groussgaass - Kolléisch - Al Bréck - Gare
7 (a Géigerichtung vun der Linn 8)
Bouneweg - Al Bréck - Kolléisch - Dräieck Groussgaass - Dräieck Post - Nei Bréck - Bouneweg
8 (a Géigerichtung vun der Linn 7)
Bouneweg - Nei Bréck - Dräieck Post - Dräieck Groussgaass - Kolléisch - Al Bréck - Bouneweg
9 Fleeschiergaass - Clausen - Neiduerf
10 Kasinosgaass - Eecher Plaz - Beggen
11 (vun 1926 un)
Roude Pëtz - Dräieck Groussgaass - Dräieck Post - Montereysavenue - Märel
12 (vun 1929 un)
Avenue Émile-Reuter (Arsenalstrooss) - Rollengergronn - Millebaach - Eech

„Rackett“ op der Gare[26][änneren | Quelltext änneren]

An de Pläng vum Siemens-Projet fir den Terminus op der Gare, waren zwee Gleiser mat dräi Weiche a mat engem Ofstell- an engem Auswäichgleis um nërdleche Wupp vun der Garer Plaz virgesinn. De Projet konnt awer net esou ausgefouert ginn, well nach Aarbechten op deem Deel vun der Plaz virgesi waren. D'Gleiser goufen du parallel mam neie Gebai vun der Gare (déi dunn nach am Bau war) geluecht, mat just enger Weich an zwee kuerze Stompgleiser. Dat huet mat sech bruecht, datt et ëmständlech war fir ze manövréieren, well d'Unhänger manuell hin- an hier geréckelt hu misse ginn.

Wéi d'Bauaarbechte vun der Gare fäerdeg waren, goufen d'Pläng fir den Tramsterminus aktualiséiert an et waren du véier Weiche virgesinn. D'Anlag gouf am Juni 1914 an Däitschland bestallt, konnt awer, wéi se bis geliwwert war, net agebaut ginn, well op der Plaz däitsch Militärbrake stoungen. De Projet vum neien Terminus ass nom Enn vum Krich nees opgeholl ginn, d'Situatioun hat sech awer geännert, well sech d'Zuel vun de Passagéier am Joer 1918 méi wéi verduebelt hat am Verglach zu 1913.

Den deemolegen Tramsdirekter Romain Schroeder huet doropshi proposéiert amplaz vun de Stompgleiser eng Schleef mat zwee Gleiser ze leeën, mat deem de Richtungswiessel vill méi einfach géif. De Projet huet virgesinn, datt d'Gleiser déi aus der Stad koumen, grad ewéi dat vun der Hollerecher Streck un d'Anlag ugeschloss kéinte ginn.

Wéinst verschiddene Schwieregkeeten huet et awer nach bis de Februar 1923 gedauert bis déi nei Anlag gebaut konnt ginn. An der Mëtt vum Krees war Gréngs ugeluecht ginn. An de Joren duerno ass doraus e Parking gemaach ginn.

Well se an der Dropsiicht wéi eng Rackett ausgesinn huet, ass deen Numm fir déi nei Dréiplaz och séier an der Sproochgebrauch iwwergaangen.

Entwécklung vun der TVL[änneren | Quelltext änneren]

Well et 1930 no 22 Joer Tramsbetrib néideg war, de Fuerpark ze erneieren a weider ze vergréisseren, huet d'Direktioun wéinst der Weltwirtschaftskris decidéiert, amplaz déi al Ween ze verschrotten an neier ze kafen, se am eegene Betrib ze renovéieren an doduerch och Aarbechtsplazen ze erhalen an neier ze schafen. Verschidde Ween goufen deelweis renovéiert, anerer praktesch komplett nei opgeriicht.

Am Ufank vun den 1930er Jore war den Tram den Héichpunkt vu senger Popularitéit erreecht. 1930 goufe mam Tram 8,25 Millioune Leit transportéiert[27], 1932 hat de Schinnereseau seng maximal Ausdeenung. De Fuerpark war duerch d'Renovéierungen an Neikonstruktiounen, déi am eegenen Atelier gemaach goufen, an engem besseren Zoustand wéi a villen anere Stied.

De Stater Tram (TVL) gouf an der Zäit vun der Nazi-Besetzung am Zweete Weltkrich vum 1. Januar 1941 un an Elektrizitäts- und Verkehrsbetrieb der Stadt Luxemburg ëmbenannt. Vum 1. Januar 1943 u gouf de Betrib an eng Aktiegesellschaft ëmgewandelt an huet vun do un Elektrizitäts- und Verkehrs-AG geheescht. Duerch de Manktem u männlechem Personal goufe vum Fréijoer 1943 un och Fraen als Schaffner beschäftegt. An dëser Zäit huet den Zoustand vun den Tramsween an de Busse staark gelidden.

An de Joren nom Krich gouf d'Méiglechkeet ënnersicht, den Tram duerch Trolleybussen z'ersetze well d'Infrastruktur vun den Uewerleitunge vum Tram benotzt kéinte ginn. Et koum awer net dozou an et goufen normal Bussen ugeschaaft. Trotzdeem gouf och d'Material vum Tram sou gutt wéi méiglech nees an d'Rei gesat.

Réckbau an Enn vum Tramsbetrib[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Buslinnen[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1926 goufe schonn déi éischt Weiche gestallt, déi d'Enn vum Tram agelaut hunn. De 26. Mäerz 1926 ass deen éischten Autobus - dee fir 80.000 Frang kaaft gi war - an der Stad ukomm a schonn den 28. Mäerz sinn déi éischt Faarte gemaach ginn. Den offiziellen Ufank vun den zwou éischte Buslinnen op Hamm an an de Rollengergronn war den 1. Abrëll 1926.

Nei Linnen an fir Quartiere sinn dunn net méi mam Tram gemaach ginn, mä do goufen direkt Bussen agesat, déi sech als méi flexibel a méi käschtegënschteg erwisen haten. D'Linnen déi duerno opgaange sinn, waren:

  • am Abrëll 1927 d'Linnen op Gaasperech an op Zéisseng;
  • de 15. Februar 1929 déi an de Kräizgrënnchen;
  • den 8. Juni 1931 d'Linn an de Gronn an an de Pafendall ;
  • den 1. Januar 1936 d'Linn an den ëstlechen Deel vu Bouneweg.

Verschidde Linnen, z. B. op de Kierchbierg a bei d'Schwämm op der Gantebeensmillen, sinn duerch Konzessioune vu private Busfirmaen exploitéiert ginn.

D'Tramsstrecke ginn zougemaach[änneren | Quelltext änneren]

Absënns aus Käschtegrënn goufe vum 15. November 1951 un d'Faarten op der Linn 10 just nach bis op Walfer an net méi bis op Heeschdref, op Steeseler Territoire ausgefouert.

Wéi geplangt war d'Staatsstrooss am Neiduerf neizemaachen, war uganks vun der Bauverwaltung geplangt gi fir d'Gleis an d'Mëtt vun der Strooss ze leeën. Aus finanzielle Grënn huet d'Stater Gemeng awer drop gehalen den Tramsbetrib mat Bussen ze ersetzen an den 31. Oktober 1952 war et dunn eriwwer mam Tramsbetrib op der Neiduerfer Linn.

Nodeems de Chareli seng lescht Faart den 13. Juni 1954 duerch de Rollengergronn op Iechternach gemaach hat, gouf den 9. Mee 1955 den Tram am Rollengergronn an an der Millebaach mam Bus ersat. Kuerz drop, den 12. September 1955 war et un der Rei vun der Hollerecher Linn.

Et war de Plang vun der Regierung fir mëttelfristeg keng Schinne méi an de Staatsstroosse leien ze hunn an se huet e Subsid pro Kilometer bezuelt op deem d'Schinnen ewechgerappt goufen. Dat huet et der Stater Gemeng och méi einfach gemaach fir sech fir e progressiivt Enn vum Tram anzesetzen.

Well d'Bauverwaltung Aarbechten op den zwou Brécken iwwert dem Péitrussdall geplangt hat an do keng nei Schinne méi sollte geluecht ginn, huet den Tramsdirekter Léon Brasseur e Plang ausgeschafft, fir d'Tramsstrecken a véier Etappen zouzemaachen:

Etapp Linn Schluss (geplangt) Schluss (effektiv)
1 6 – Bouneweg September 1958, mam Ufank vun den Aarbechten op der Aler Bréck 7. September 1959
2 1 – Stad Mee 1959, no der Liwwerung vun den néidege Bussen Linn 1: 23. Mee 1960[28]
2 – Stad Linn 2: 28. September 1959[28]
3 – Lampertsbierg Linn 3: 7. Juli 1960
4 – Lampertsbierg Linn 4: 9. Juli 1960
3 11 – Märel 1. Mee 1961
4 10 – Beggen - Walfer ee Joer no der 3. Etapp 5. September 1964

Samschdes, de 5. September 1964 war de leschten Dag vum fréieren Tram an déi lescht Faarten déi am Fuerplang virgesi waren, sinn op der Theaterplaz um 13:40 (Motorwon 33 + Unhänger 102) op Walfer an um 13:55 (26 + 122) a 14:10 (28 + 121) op Beggen gefuer. Se hunn sech um 14:00 zu Walfer an um 14:15 a 14:35 zu Beggen op hir lescht Retouren a Richtung Stad an dunn an de Schapp gemaach.

Als allerleschten Tram ass de feierlech gerëschte Motorwon Nr. 34 ëm 15:40 vun der Stad aus op Walfer an zeréck gefuer. Op der ganzer Streck stoungen Dausende vu Leit laanscht d'Gleiser fir dem Tram Äddi ze soen. E koum um 16:18 Auer nees op der Theaterplaz un, wou d'Tramsmusek gespillt huet an e puer Folklor-Gruppen opgetruede sinn.

Den Dag duerno, um Sonndeg, 6. September 1964 ass nach den Tramsunhänger 103, deen als Päerdstram ëmgebaut gi war, op der Streck Rond-Point - rue des Bains gefuer. D'Päerd fir dësen Tram goufe vum Proprietär vum Héngerhaff zur Verfügung gestallt. Deem säi Virgänger hat nämlech 1908 déi lescht Päerd vum Päerdstram opkaaft.

Iwwerreschter vum Tramsbetrib[änneren | Quelltext änneren]

De Motorwon Nr. 34, deen 1964 als leschten Tram gefuer war, steet als Ausstellungsstéck am Tramsmusée zu Hollerech.

E weidere Motorwon, d'Nr. 26, an den Unhänger Nr. 121 goufen am Januar 1965 mat der Eisebunn op Bréissel bruecht, wou se am Musée vun der Association pour le musée du tramway ausgestallt sollte ginn. Et ass awer näischt aus der Iddi ginn an dofir goufen d'Gefierer am August 1980 nees op Lëtzebuerg zeréckbruecht. Duerno si se restauréiert ginn a sinn haut och am Tramsmusée ausgestallt.

Verschidden aner Ween goufen als Erënnerung a verschiddenen Uertschaften opgestallt: d'Nr. 31 koum bei d'Polverfabréck op d'Kockelscheier, d'Nr. 32 an de Stadpark op d'Kannerspillplaz, d'Nr. 33 mam Unhänger Nr. 102 an e Fräizäitpark zu Walfer. D'Motorween Nr. 11, 12 a 14 an d'Unhänger Nr. 104, 116, 118 an 120 goufen als Gaardenhaisercher u Privatleit verkaaft. Duerch Korrosioun a Vandalismus ass awer vun dëse Gefierer net méi vill iwwreg bliwwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  •  Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L.  : Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 1. S.l: Groupement des amis du rail, 2021. Print. ISBN 978-2-9199606-0-6
  •  Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L.  : Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 2. S.l: Groupement des amis du rail, 2021. Print. ISBN 978-2-9199606-1-3
  • Hoffmann J.-P., Dhur R., Clesse R., Balthasar M., 1993: Tramways Municipaux - De Stater Tram 1875-1993, Éditeur: Ville de Luxembourg, Imprimerie Centrale, 260 S., ISBN 2-87993-000-6
  • AMFL Walferdange, 1986: Les tramways de la ville de Luxembourg - TVL, (Les chemins de fer luxembourgeois; Vol. 5), 156 S.
  • Thiry J., Usine et tramways électriques de la ville de Luxembourg. 1908-1933, Groupement des Amis du Rail (reprint), Luxembourg.
  • Federmeyer E., Schmalspurbahnen in Luxemburg. Band 1 & 2, GAR-Documentation, Luxembourg, 1991, ISBN 3-921980-46-1
  • De Leschten Tram, DVD, Ville de Luxembourg, CNA, 2005.
  • De Lëtzebuerger Tram a seng Männer. Revue Nr 6 vum 10. Februar 1951, S. 4-9, mat 27 Fotoe vum Pol Aschman.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fréiere Stater Tram – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz vum 24. Juli 2014
  2. Une réalisation par étapes op luxtram.lu, fir d'lescht gekuckt den 3. Januar 2016.
  3. 3,0 3,1 3,2 Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L.  : ''Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 1''., S. 15
  4. 4,0 4,1 idem, S. 16
  5. idem, S. 22
  6. (de)Luxemburger Wort, 1907. Jg., nº 119, p. 3. (29.04.1907). Gekuckt de(n) 19.02.2023.
  7. 7,0 7,1 Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L.  : ''Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 1''., S. 25
  8. (fr)Publicité 1 Page 3. In: L'indépendance luxembourgeoise, 35. Jg., nº 203/204, p. 3.. L'indépendance luxembourgeoise (08.08.1908). Gekuckt de(n) 19.02.2023.
  9. Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L.  : ''Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 1''., S. 30-31
  10. idem, S. 40-43
  11. idem, S. 44-48
  12. idem, S. 49
  13. (de)Die Volkstribüne = La Tribune de Luxembourg, Lokalnachrichten -Hauptstadt, S. 3 (15.12.1919). Gekuckt de(n) 28.02.2023.
  14. (fr)L'indépendance luxembourgeoise, 60. Jg., nº 279, p. 2., lnauguration du tram do Walferdange-Heisdorf (06.10.1930). Gekuckt de(n) 28.02.2023.
  15. Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L.  : ''Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 1''., S. 50-53
  16. (fr)L'indépendance luxembourgeoise, 53. Jg., nº 196/19, p. 3., La nouvelle ligne de tramway de La Neuville (Neudorf) (15.07.1923). Gekuckt de(n) 02.03.2023.
  17. (de)Luxemburger Wort, 1923. Jg., nº 198, p. 2., Luxemburg=Clausen=Neudorf (17.07.1923). Gekuckt de(n) 02.03.2023.
  18. Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L.  : ''Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 1''., S. 54-56
  19. (fr)L'indépendance luxembourgeoise, Inauguration du tram de Bonnevoie. 54. Jg., nº 132/133. Edition de 18 h., p. 2. (11.05.1924). Gekuckt de(n) 06.03.20223.
  20. Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L.  : ''Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 1''., S. 57-58; S. 248
  21. idem, S. 59; S. 257-258
  22. (de)Luxemburger Wort, Inbetriebnahme der Autobuslinien Luxemburg=Rollingergrund und Luxemburg=Hamm (29.03.1926). Gekuckt de(n) 06.03.2023.
  23. Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L.  : ''Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 1''., S. 344-347
  24. idem, S. 60
  25. 25,0 25,1 vun 1932 un iwwert de Boulevard extérieur amplaz de Boulevard Joseph-II
  26. Mayer, Charles-Léon et al. T.V.L.  : ''Trambahn der Stadt Luxemburg 1908 - 1964 Band 1''., S. 288-293
  27. Thiry J., Usine et tramways électriques de la ville de Luxembourg. 1908-1933, Groupement des Amis du Rail, Grafik S. 42
  28. 28,0 28,1 vum 7. Mee 1959 un, wéinst Bréckenaarbechten, net méi iwwer d'Al Bréck