Clausen

Vu Wikipedia
Clausen
Luxembourg, Clausen 2021 (101).jpg
Vue vum Seminärsbierg op Clausen (2021)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Clausen
de: Clausen
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Blason ville lu Luxembourg-ville.svg Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 1.061
  31.12.2022
Fläch 36,06 ha
Koordinaten 49° 46’ 48’’ N
      06° 08’ 36’’ O
Clausen quarter highlighted.png
Lag vu Clausen (blo) an der Gemeng Lëtzebuerg (gro)

Clausen ass eng Uertschaft an e Quartier an der Stad Lëtzebuerg. Clausen läit an der Ënnerstad, am Uelzechtdall, um Fouss vum Kierchbierger-Plateau.

Ursprong vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Clausen[1] kënnt vun der Klaus, déi op där Plaz stoung, wou de Péiter Ernest vu Mansfeld d'Schlass La Fontaine baue gelooss hat.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fir säi Schlass bauen ze kënnen, hat de Mansfeld de Laf vun der Uelzecht änneren an d'Strooss tëscht dem Neiduerf a Clausen ënnerbrieche gelooss. Dat huet mat sech bruecht, datt – nodeems d'Schlass verfall an zerstéiert gi war – grouss Fläche fräi goufen déi uganks landwirtschaftlech gebraucht goufen.

De Vauban hat aus strategesche Grënn Clausen net mat an d'Festung mat abezunn. Wéi dunn an der Éisträichescher Zäit de Festungsingenieur Simon de Beauffe 1733 beim Hondshaus och nach d'Mansfeldsschleis gebaut huet, war den Deel laanscht d'Uelzecht Iwwerschwemmungsgebitt an et konnt do net gebaut ginn.

Bis datt d'Eisebunn ëm 1860 gebaut gouf, ass a Clausen net vill geschitt. 1864 ass du vum Jean-François Eydt, Architekt vun der Stad, e Projet vu Bauvirschrëfte[2] presentéiert ginn, wéi a Clausen gebaut kéint ginn. Well et engersäits ëmmer méi schwéier gouf präiswäert Bauplazen an der Uewerstad ze kréien an et anersäits vu Clausen aus einfach war iwwer d'Neiduerf fort ze kommen, resp. iwwer de Clausener Bierg an d'Stad ze kommen, sinn a Clausen, absënns beim fréiere Mansfeld-Schlass, am Clausener Bierg oder der Rue de la Tour Jacob no an no nei Haiser gebaut ginn.

Brauereien[änneren | Quelltext änneren]

Clausen ass och fir seng (fréier) Brauereie bekannt.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Brauereien zu Lëtzebuerg.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Mansfeld-Schlass[änneren | Quelltext änneren]

A Clausen hat de Péiter Ernest vu Mansfeld säi Schlass La Fontaine, vun deem haut awer just nach zwou Paarten erhale sinn. Well d'Gemeng Lëtzebuerg 2003 op der Plaz, op där d'Schlass stoung, eng Schoul baue wollt, koum et zu archeologeschen Noutgruewungen, déi et sollten erméiglechen, méi iwwer d'Schlass an de Gaart gewuer ze ginn. D'Schoul ass dunn net wäit dovun ewech gebaut ginn, an de Musée ass mat den Ausgruewunge weider gefuer.

Haut ass op der Plaz vum fréierer Schlass e klenge Park ugeluecht ginn.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schlass La Fontaine.

Ale jiddesche Kierfecht[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der Stroossekéier beim Malakoff-Tuerm läit den ale jiddesche Kierfecht, wou tëscht 1817 an 1883/84 déi jiddesch Verstuerwe begruewe goufen.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierfecht Malakoff.

Däitschen Zaldotekierfecht[änneren | Quelltext änneren]

Um däitschen Zaldotekierfecht an der Jules-Wilhelm-Strooss si Griewer vun 1813 bis zum Zweete Weltkrich.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Däitschen Zaldotekierfecht a Clausen.

Gebuertshaus vum Robert Schuman[änneren | Quelltext änneren]

Nërdlech vun der Kunigundekierch, am Hank erop op de Kierchbierg, steet d'Gebuertshaus vum Robert Schuman. Haut ass do e Fuerschungszentrum dran.

Kunigundekierch[änneren | Quelltext änneren]

D'Clausener Kierch ass der helleger Kunigunde dediéiert.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

Vun alle stättesche Quartieren huet Clause sech am 19. an uganks vum 20. Joerhonnert verhältnisméisseg am stäerksten entwéckelt:

Joer Awunner
1815 643
1850 1.200
1864 1.337

Op den 31. Dezember 2015 hunn a Clausen 973 Leit gewunnt, 197 Persoune méi wéi am Joer 2010. Op den 31.12.2022 waren et der 1.061, wouvu 25,73 % Lëtzebuerger waren an 74,27 % Auslänner[3].

Clausener no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 1 012 100,00
01 Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg 270 26,68
02 Flag of France.svg Frankräich 157 15,51
03 Flag of Italy.svg Italien 102 10,08
04 Flag of Portugal.svg Portugal 97 9,58
05 Flag of Spain.svg Spuenien 43 4,25
06 Flag of Belgium (civil).svg Belsch 41 4,05
07 Flag of Germany.svg Däitschland 37 3,66
08 Flag of the United States.svg USA 23 2,27
09 Flag of India.svg Indien 20 1,98
10 Flag of the United Kingdom (3-5).svg Vereenegt Kinnekräich 19 1,88
Top 10 809 79,94
Aner Nationalitéiten 203 20,06

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Clausen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Et gëtt och d'Schreifweis "Klausen".
  2. Projet de règlement sur les bâtisses dans le faubourg de Clausen de Clausen, proposé par l'architecte de la Ville Eydt le 23 avril 1864
  3. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.