Jean-François Eydt
Jean-François Eydt | |
---|---|
Gebuer |
20. November 1808 Polvermillen |
Gestuerwen |
5. Juni 1884 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
De Jean-François Eydt[1], gebuer den 20. November 1808[2] op der Polvermillen, deemools an der Gemeng Sandweiler, a gestuerwen de 5. Juni 1884[3],[4],[5] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt.
Hie war vun 1834 bis 1869 Architekt vun der Stad Lëtzebuerg. Duerno huet hien en eegenen Architektebüro opgemaach.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Jean-François Eydt staamt aus der Famill vu Mëlleren op der fréierer Millen um Sichenhaff (moulin Neumühle, moulin d'Eydt). Säi Papp, de Jean-Georges Eydt[2], huet ëm 1800 d'Millen op der Polvermille kaaft, wou de Jean-François Eydt den 20. November 1808 gebuer gouf[2],[6].
No der Première am Stater Kolléisch (1827) huet de Jean-François Eydt Architektur op der Bauakademie zu Dresden (1828-1833) an zu Paräis (1833-1834) studéiert[6]. Den 10. November 1834 krut hie seng Nominatioun als Architekt vun der Stad Lëtzebuerg (mat engem Ufanksgehalt vu 500 Frang, 1300 Frang am Joer 1861).
1869 huet hie bei der Stad demissionéiert fir säin eegenen Architektebüro ze grënnen. Bei der Gemengeverwaltung huet e sech beklot, datt hien net déi néideg Büroen a genuch Personal kritt hätt, fir déi vill Aarbecht ze leeschten, virun allem nodeem 1867 d'Stad 'opgaange' war. Säin Nofollger am Service vum Architekt bei der Stad gouf den Antoine Luja.
1837 gouf de J.-F. Eydt an d'Fräimaurerloge Enfants de la concorde fortifiée zu Lëtzebuerg opgeholl[6].
De Jean-François Eydt hat 1869 fir de Bankdirekter Ferdinand von Schaefer fir e Präis vun 8.150 Lëtzebuerger Frang[7] en Terrain laanscht d'Avenue Marie-Thérèse kaaft wou hien eng Villa mat Bléck op de Péitrussdall gebaut huet; d'Haus dat an direkter Noperschaft vun der Villa Baldauff stoung gouf méi spéit als Villa Schaefer bekannt[8]. Do wou sengerzäit d'Villa Schaefer stoung, gouf 1958 de Bëschofspalais gebaut.
De 7. Mäerz 1869 war hie Matgrënner vun der Société anonyme des bains de Mondorf.[9]
Den 13. Mäerz 1869 war hie Matgrënner vun der Société anonyme Zuckerfabrik „Fortschritt" zu Dikrech.[10],[11],[12]
De 5. November 1877 war hie Matgrënner vun der Société anonyme des Hauts-fourneaux de Hollerich.[13],[14]
De Jean-François Eydt ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen, zesummen am Familljegraf mat sengem Eedem, dem Pierre Funck, a sengem Enkel, dem Paul Funck, déi allebéid och Architekte waren[15],[16].
Säi Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Als Architekt vun der Stad Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1834 huet de Jean-François Eydt d'Leedung vum Bau vum Gemengenhaus um Knuedler iwwerholl. Déi éischt Sëtzung vum Gemengerot am neie Gebai war den 22. Oktober 1838.
- No senge Pläng goufe gebaut:
- déi éischt Kierch am Pafendall (1843/1844) (déi spéider ofgerappt an 1872 mat der Kierch vun haut ersat gouf)[17];
- d'Stroossebeliichtung mat Gas an der Stad Lëtzebuerg (1865-1866);
- déi éischt ënnerierdesch Waasserleitung an der Stad Lëtzebuerg, an zwar tëscht dem Pëtz vun der Neipuert an de Quelle bei der Eecher Paart (Pläng vun 1866);
- De Passage de l'Hôtel de Ville vum Knuedler an d'Paschtoueschgaass (1856)[18].
Als privaten Architekt
[änneren | Quelltext änneren]No de Pläng vum J.-F. Eydt goufe realiséiert:
- den Ëmbau vun der Kierch zu Mamer (1844)[19];
- d'Villa Schaefer an der Avenue Marie-Thérèse (Lëtzebuerg);
- den deemolege Konvikt vum Bistum vun 1870 bis 1874;
- d'Badanstalt an der Biedergaass an der Stad Lëtzebuerg, zesumme mat sengem Eedem, dem Architekt Pierre Funck, vun 1873 bis 1875[20];
- d'Villa Vauban an der Stad Lëtzebuerg (1873, haut Konschtgalerie vun der Stad)[21],[22].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Passage um Knuedler
-
Stater Badanstalt
-
Villa Vauban
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Officier de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1882)[23];
- Ritter vum Roten Adlerorden[3].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gilbert, P., 1986. Luxembourg. La capitale et ses architectes. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. Cote BNL LB 1061.
- Kunnert, Jemp, 1987. Les architectes de la ville de 1817 à 1987. ons stad 24/1987 S. 6-10.
- Loutsch, J.-C., 1982. La famille Eydt de Neumühle-lez-Luxembourg. In: 125 Jor Sang a Klang Pafendall, S. 240-264. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg, 280 S.
- Philippart, R., 2007. Jean-François Eydt (1808-1884). In (S. 94): Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8
- Yegles-Becker, I., 1998. Parcs et espaces verts: L'invention du promeneur. ons stad 58 S. 11-16. PDF
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jean-François Eydt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Um Regëster vum État-civil gouf hien (iertemlech?) als Jean-Georges agedroen, gedeeft gouf hien an der Kierch Saint-Jean am Stadgronn ënner dem Numm Jean-François. Quell: J.-C. Loutsch, 1982.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 Etat Civil vun der Gemeng Sandweiler Gebuertsakt 15/1808 Säit 106
- ↑ 3,0 3,1 Etat-civil de la ville de Luxembourg du 5 juin an der L'Indépendance luxembourgeoise vum 7. Juni 1884, Säit 2
- ↑ Großherzogthum und Nachbarschaft an der Obermosel-Zeitung vum 7. Juni 1884, Säit 2
- ↑ Inland am Luxemburger Wort vum 5. Juni 1884, Säit 2
- ↑ 6,0 6,1 6,2 J.-C. Loutsch 1982. An dëser Aarbecht fënnt een eng detailléiert Geschicht vun der Famill Eydt vum 18. bis an d'20. Joerhonnert.
- ↑ „Aus der Geschichte des Stadtparks“ an ons stad Nr 2/1979, Säit 19
- ↑ Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt Säit 16, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4]
- ↑ Mémorial A N° 20 vum 12. Juni 1869
- ↑ Mémorial A N° 9 vum 10. Abrëll 1869
- ↑ Mémorial A N° 10 vum 1. Mee 1872
- ↑ Mémorial A N° 12 vum 18. Mee 1872
- ↑ Mémorial A N° 69 vum 30. November 1877
- ↑ Mémorial A N° 49 vum 20. Juli 1881
- ↑ R. Philippart 2007, S. 94.
- ↑ Tombes remarquables au cimetière Notre-Dame
- ↑ Cf. F.T. (=Fernad Théato): Geschicht vun der Pafendallerkierch op der Websäit vun der Pafendallerpor
- ↑ Luxembourg in Progress - Ein architektonischer Streifzug durch die Stadt : Alain Linster ons stad 95/2010
- ↑ Websäit vum Parverband Mamerdall
- ↑ Les architectes de la ville 1817-1987 : Jemp Kunnert ons stad 24/1987, 1987.
- ↑ I. Yegles-Becker 1998, S. 18
- ↑ Aus der Geschichte des Stadtparks : Richard Ries ons stad 02/1979
- ↑ Mémorial A N° 12 vum 18. Februar 1882 Säit 1, Lëscht vu Leit déi 1882 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen