Gemeng Sandweiler

Vu Wikipedia
Sandweiler
Coat of arms sandweiler luxbrg.png
Gemeng.JPG
D'Gemengenhaus
An anere Sproochen fr: Sandweiler
de: Sandweiler
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Lëtzebuerg
Buergermeeschter Simone Massard-Stitz (CSV)
Awunner 3.659
  1 Januar 2021
Fläch 773 ha
Héicht 335 m
Koordinaten 49°37'0"N, 6°13'0"O
Postcode L-5201
Websäit https://www.sandweiler.lu/
Map Sandweiler.PNG
D'Gemeng Sandweiler (orange)
am Kanton Lëtzebuerg (rout)


D'Gemeng Sandweiler ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Sandweiler vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Follgend Häff a Lieu-diten gehéieren zur Gemeng:

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Sandweiler stéisst am Westen un d'Stad Lëtzebuerg, am Südwesten un d'Gemeng Hesper, am Süden d'Gemeng Conter, am Osten un d'Gemeng Schëtter, an am Norden un d'Gemeng Nidderaanwen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Januar 1874[1] ass aus der Sektioun Hamm (mat den Uertschaften Hamm, Schläifmillen, Fetschebuer, Hammer Dällchen, Scheedgronn, Zens an Tawioun[2] an aus der Sektioun Polvermillen, déi bis zu deem Zäitpunkt zwou Sektioune vun der Gemeng Sandweiler waren, d'Gemeng Hamm entstanen.

Duerch Gesetz vum 5. Juli 1939[3] goufen d'Uertschaft Kalchesbréck an de Lieu-dit Steppchen, bei d'Gemeng Lëtzebuerg geprafft.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

De Wope vun der Gemeng gouf de 24. November 1982 vum Gemengerot ugeholl, an de 5. Januar 1983 duerch en Arrêté ministériel agreéiert. D'Publikatioun ass am Mémorial B vun 1983 op der Säit 207.

Beschreiwung am Originaltext: Burelé d'or et de gueules de dix pièces à la croix de sable brochant, la traverse chargée d'un quadriréacteur de front.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Gemengerot[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vu Sandweiler gëtt zanter 2011 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Joer CSV DP gréng LSAP
2005 4 - 1 4
2011 5 2 2 2
2017 4 2 3 2

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

De Gemengerot, deen aus de Wale vun 2005 ervirgoung, bestoung aus jee 4 CSV an LSAP-Gemengeréit, an engem Gréngen. Buergermeeschter war de Charles Unsen, LSAP (deen 2011 net méi kandidéiert huet).

Säin Nofollger gouf am Oktober 2011 de John Breuskin (CSV). No sengem Récktrëtt gouf deem seng Parteikolleegin Simone Massard-Stitz den 28. Januar 2015 vereedegt.

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Altmann (1830 – 1845)[4]
  • Samson Godchaux (1846 – 1862)
  • Jean Weicker (1862 – 1872)
  • Paul Godchaux (1873)
  • Nicolas Mousel (1874 – 1888)
  • Mathias Mousel (1889)
  • Emile Fischer (1891 – 1902)
  • Jacques Mousel (1903 – 1907)
  • Jean Mousel (1907 – 1917)
  • Pierre Hentzen (1918 – 1926)
  • Nicolas Birkel (1927 – 1934)
  • Emile Hentzen (1935 – 1945)
  • Joseph Reichling (1946 – 1957)
  • Pierre Birkel (1957 – 1963)
  • Josy Gardulal (1964 – 1965)
  • Henri Majerus 1966 – 1978)
  • Pierre Schmitt (1979 – 1991)
  • Alphonse Massard (1991 – 1993)
  • Charles Unsen (1994 – 1999)
  • John Breuskin (2000 – 2009)
  • Charles Unsen (2009 – 2011)
  • John Breuskin (2011 - 2015)
  • Simone Massard-Stitz (zanter 2015)

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Sandweiler ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Sandweiler Notizen Nr 1 erausgi vu redaktioun sandweiler 1083 - 1983,72 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, 1982)
  • Sandweiler Notizen Nr 2 erausgi vu redaktioun sandweiler, 166 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, 1983)
  • Sandweiler Notizen Nr 3 erausgi vu Santwilre, Frënn vum Ale Sandweiler, 197 Säiten, (Imprimerie Joseph Beffort, Lëtzebuerg, 1990)
  • Sandweiler Notizen Nr 4 erausgi vu Santwilre, Frënn vum Ale Sandweiler, 212 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1992)
  • Sandweiler Biller, Sandweiler Notizen Nr 5 erausgi vun der Gemeng Sandweiler, 237 Säiten, (Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1999)
  • 250 Joer Porkierch Sandweiler, Sandweiler Notizen N°6 erausgi vu Santwilre, Frënn vum ale Sandweiler, 288 Säiten + Fotoen an Dokumenter (Imprimerie Saint-Paul Lëtzebuerg, 2008)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gemeng Sandweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 20 décembre 1873, créant une nouvelle commune du nom de Hamm. legilux.public.lu (20.12.1873). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
  2. Schreifweis am deemolege Gesetz: Hamm, Schleifmuhl, Fetschenbour, Haemmerstellgen, Scheidgrund, Scheidhof, Zens et Tavion (...) Pulfermuhl
  3. Loi du 5 juillet 1939, concernant le fusionnement de Kalkesbrück et de Steppchen avec la commune de Luxembourg. legilux.public.lu (08.07.1939). Gekuckt de(n) 18.07.2020.
  4. Arrêté royal grand-ducal du 29 décembre 1843, N° 2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché. legilux.public.lu (19.01.1944). Gekuckt de(n) 18.07.2020.