Dräifaltegkeetskierch zu Sandweiler

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kierch vu Sandweiler
De Kiercheraum vum Altor aus gesinn
De Kiercheraum vum Altor aus gesinn
Uertschaft / Plaz Sandweiler
Par Par Iewescht Syr
Saint-Esprit
Dekanat Osten
Konsekratioun 1759
Koordinaten 49° 36’ 57.4’’ N
06° 13’ 06.3’’ O
Kierchen - Kapellen


D'Dräifaltegkeetskierch zu Sandweiler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Sandweiler gehéiert.

Se ass der Helleger Dräifaltegkeet geweit.

D'Kierch steet op der Haaptstrooss, der N2, tëscht der Gemeng an dem Kulturzenter.

De 4. Mee 1971 gouf se op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Iwwer d'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Bis zum Joer 1755 stoung d'Sandweiler Kierch am Stawee, um Flouer beim ale Kierfecht.

De Grondstee fir déi nei Sandweiler Kierch ass den 28. Mäerz 1758 geluecht ginn, an e gouf vum Abt vu Neumünster, Benedikt III Haas geseent. D'Kierch gouf vum Entreprener Anton Robinet vun Äischen gebaut. Zu der Zäit wéi d'Kierch gebaut ginn ass, war de Johann-Baptist Binsfeld Paschtouer zu Sandweiler. Am Joer 1759 ass de Bau vun der Kierch fäerdeg ginn.

1876 ass d'Kierch vergréissert ginn. Du gouf e Chouer bäigebaut an d'Kierch krut eng Fënster bäi.

Am Joer 1885 huet de Kierchtuerm eng Auer kritt.

Eng Uergel krut d'Kierch am Joer 1906. Si gouf vun de Bridder Müller, Uergelbauer zu Reifferscheid, gebaut. D'Uergel ass am Joer 1931 vun der d'Firma Haupt vu Lëntgen elektrifizéiert ginn.

De 4. Mee 1971 ass d'Kierch op d'Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun de Klasséierte Monumenter opgeholl ginn. An de Joren 1973 bis 1975 ass se am Fong restauréiert ginn. De Kierchtuerm ass gehéicht ginn.

Am Joer 1988 ass eng Auer an de Kierchtuerm installéiert ginn.

D'Kierch vu baussen[änneren | Quelltext änneren]

Den ale Kierfecht[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der Kierch war vun 1758 un de Kierfecht vun der Par Sandweiler.

Am September 1959 ass dee Kierfecht zougemaach ginn. Bis zu deem Dag waren 3.304 Läit do begruewe ginn.

D'Kierch vu bannen[änneren | Quelltext änneren]

An der Kierch stinn dräi Altär. Déi zwéi Säitenaltär sinn aus der aler Kierch iwwerholl ginn. Den Haaptaltor ass vum Bartholomäus Namur aus der Stad gemaach ginn. Den Namur huet och un den ale Säitenaltär geschafft.

De Priedegtstull[änneren | Quelltext änneren]

De Priedegtstull an zwéi Beichtstill stamen aus der Franziskanerkierch aus der Stad um Knuedler. De Priedegtstull weist am Stil op d'südnidderlännesch Spéit-Renaissance vum fréie 17. Joerhonnert hin.

Op dem Priedegtstull sinn déi véier Evangelisten ze gesinn. Iwwer dem Stull an der Mëtt vum Schalldeckel ass den Hl. Geescht a Form vun enger Dauf ofgebilt.

De Sockel, op deem de Priedegtstull steet, an d'Entrée vun der Trap vum Priedegtstull gi vu Fabelwiese mat Adlerkäpp bewaacht.

Dat Ganzt ass mat Engelskäpp verschéinert.

D'Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Kräiz am Klackentuerm

Am Joer 1958 sinn déi 2 Klacken, déi 111 Joer al waren duerch 4 nei Klacken ersat ginn. Déi 4 Klacken goufen zu Brockscheid bei Daun an der fréierer Klackegéisserei Johann Mark und Sohn, haut Äifeler Klackegéisserei, gegoss. Se sinn de 7. Juli 1958 vum Professer Dr. Jean-Pierre Schmit op hire Klang gepréift ginn. Den 3. August 1958 huet den Dechen Mathias Erasmy d'Klacke geweit. Vum 6 bis den 8. August sinn d'Klacken an de Klackentuerm komm.

  • D'Dräifaltegkeetsklack weit 1.200 Kilo an huet den Toun mi. Op der Klack kann ee liesen: Sit Trinitati gloria in sempiterna saecula. (D'Dräifaltegkeet sief an all Éiwegkeet gelueft)
  • D'Klack vun der Hl. Maria weit 700 Kilo. Si kléngt am Toun sol. Op der Klack steet geschriwwen: Ave spes nostra, Dei Genitrix, Virgo Maria (Sief gegréisst, du eis Hoffnung, Maria, déi s du Gott gebuer hues)
  • D'Klack vum Hl. Jousef weit 500 Kilo. Si laut am Toun la. Op der Klack ass ze liesen: O Joseph, opifex sancte, opera nostra tuere.(O Jousef, hellegen Aarbechter, beschütz eis Aarbecht)
  • D'Klack vum Hl. Martin kléngt am Toun do a si weit 300 Kilo. Den Text op de Klack ass: Da quaesumus,Domine, ut beati Martini veneranda solemnitas et devotionem nobis augeat ad salutem. (Maach, Här, datt duerch d'Veréierung vum hellege Mäerten souwuel d'Frëmmegkeet wéi och d'Séilegkeet an eis wuessen)

D'Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Fënsteren an der Kierch goufe vum Lëtzebuerger Artist Frantz Kinnen entworf.

Op de Fënstere gesäit een:

  • am Chouer:
    • d'Kräizegung vu Jesus Christus
    • den Hl. Joseph
    • d'Maria, d'Mamm vu Jesus
  • riets an der Kierch:
    • den Hl. Martin
    • den Hl. Willibrord
    • den Hl. Heinrich
    • den Hl. Hubertus
    • d'Consolatrix Afflictorum
  • lénks an der Kierch:
    • d'Hl. Apollonia
    • d'Hl. Irmina
    • d'Hl. Kunigunde
    • d'Hl. Yolanda
    • d'Hl. Caecilia

Sandweiler Paschtéier[änneren | Quelltext änneren]

Sandweiler ass eng ganz al Par, am Joer 1210 gouf d'Sandweiler Kierch der Abtei Mënster inkorporéiert. Vun do u war den Abt eigentlech och Paschtouer vu Sandweiler, mä hien huet sech awer ëmmer duerch e Kaploun vertriede gelooss. Dofir fanne mer den Titel Kaploun (vicarius) dacks fir déi Sandweiler Paschtéier.

  • Den éischte mam Numm bekannte Paschtouer vu Sandweiler ass e Rudolf, gebuer zu Lëtzebuerg (1210 – 1222).
  • Duerno fanne mer den Numm vum Wernerus de Aquis, curatus am Joer 1315. Hie war och Paschtouer zu Rodenborn.
  • 1343 war e Johannes, stännege Kaploun (vicarius perp.).
  • Steinmetz Matthys (Matias Masson), vu 1450 bis 1455
  • Johann Everling, 1534
  • 1547 kloen déi Sandweiler Parleit géint de Kaploun Jean Schaltz, den och Paschtouer zu Conter ass, datt hien zu Sandweiler wunne misst. Vum Mee 1560 bis 1627 wunnen déi Sandweiler Paschtéier zu Conter, vun do un zu Sandweiler.
  • Jean Schmalsiegen, vu 1553 bis 1560
  • Heinrich von Bastnach, (25.5.1560 bis 1592) war Paschtouer vu Conter, Alzeng a Sandweiler. Hien huet zu Conter gewunnt. Vun him heescht et: „Versteht das Teutsch nicht viel“.
  • Peter Holgas, 1611 bis Februar 1627 (zu Sandweiler gestuerwen)
  • Meyer Lukas, 21.07.1634 bis 1650
  • Mosel Wilhelm, 1650 bis 1657
  • Kock Johann, (* Lëtzebuerg) 1660
  • Goedert Joh.-Wiricus, (* Lëtzebuerg) 1664 bis 1677
  • Gengler (Gingler) Dominik, (* Simmer) 1677 bis 1679
  • Jacobi Johann, (* Lëtzebuerg) 1686
  • Simonis Markus, genannt Marx, Paschtouer zu Sandweiler an Hamm 1688 bis 1705 († Sandweiler)
  • Kahlen (Kalen), (* Bofferdeng) 17.08.1705 bis 14.10.1728 († Sandweiler)
  • Barnich Philippe Lorentz, (*Arel) 1728 bis 9.2.1748 (+Sandweiler)
  • Binsfeld Joh. Bapt, (* Niedersggen) 14.05.1748 bis 24.10.1765. Hie war virdru Paschtouer zu Cruchten an der Eifel, zu Sandweiler huet hien d'Parkierch gebaut an ass als enzegen a senger Kierch begruewen. Hien ass an der Abtei Mënster gestuerwen.
  • Dennewald Mathias, Kaploun 1754
  • Haas, Kaploun 1760 bis 1763
  • En onbekannte Kaploun 1764
  • Caas Joh. Nicolas, Kaploun an Administrator 1765 bis 1768
  • Schreiber Clemens, (* Michelau) 24.03.1768 bis 20.09.1785
  • Schaus J.A., Administrator 1785 bis 1786
  • Lauf Ludwig Friedrich, (* Stadgrond) Hien huet den Eed op d'Republik verweigert 10.02.1786 bis 24.10.1805
  • Rodenbourn Joh. Wilhelm, (*Wal) Paschtouer 01.11.1805 bis 15.05 1830 († Sandweiler)
  • Welter Joh. Wilhelm, (*Stadgrond) Kaploun an Administrator 1829 bis 1830, Paschtouer 30.06.1830 bis 15.05.1868 († Sandweiler). 1867 ass Hamm eng egenstänneg Par ginn.
  • Heynen Theodore, Paschtouer zu Hamm, Adminstrator zu Sandweiler vun Abrëll bis Juli 1868 (+ Sandweiler)
  • Magonette Theodore, (* Kleng-Elchert) 21.07.1868 bis 28.11.1883. 1876 ass d'Kierch vergréissert ginn, vum 15.12.1877 bis 03.08.1883 hat hien e Mëssel mat der Gemeng iwwer d'Eegentumsrecht vum Kierfecht. De Paschtouer ass fortgaangen an ass den 10.05.1907 zu Wiesbaden bei de Krankebridder gestuerwen.
  • Scheer Joh. Joseph, (* Hollerech) 28.11. bis 3.10.1886 († Sandweiler)
  • Schockweiler J.P., Kaploun an Administrator am November an Dezember 1886
  • Sievering Joh. Hermann, (* Rhede Westfalen) 15.11.1886 bis 01.07.1900
  • Demuth, Kaploun an Administrator Abrëll bis Juni 1900
  • Werner Heinrich, (* Oberanven) 7.05.1900 bis 28.08.1911. Ënner dem Paschtouer Werner gouf de Veräinsbau an der Gässel gebaut an d'Kierch krut eng Uergel
  • Schaus Johann, (* Folscht) 28.08.1911 bis 10.02.1951 († Sandweiler) De 15. August 1949 huet de Paschtouer Schaus säi gëlle Priesterjubiläum gefeiert, hien huet vill an der Kierch geschafft, d'Kierch krut déi éischt faarweg Fënsteren.
  • Mangerich Joseph, (* Haller) 8.04.1951 bis 29.06.1970. Wärend senger Amtszäit gouf den däitschen Zaldotekierfecht an den neie Sandweiler Kierfecht um Birelerpad ageweit. An den Tuerm koume véier nei Klacken, de Frantz Kinnen huet nei Fënstere gemaach an den éischte „altare versus populum“ ass am Chouer opgestallt ginn.
  • Michel Behm, (* Hollerech) 29.06.1970 bis 16.07.1975. Dat war Zäit wou d'Sandweiler Parkierch komplett renovéiert gouf, d'Kierch mat den Altär, de Beichtstill an dem Priedegtstull goufe klasséiert, den Tuerm gouf gehéicht, an et gouf en neien Duxall gebaut.
  • Mathgen Joseph, (* Vichten) 16.07.1975 bis 16.07.1978
  • Weisgerber Joseph, (* Rodange) 19.07.1978 bis 1989 D'Kiercheplaz ass ageweit ginn, et koumen nei Statiounen an d'Kierch an op den Tuerm eng nei Kierchenauer.
  • Molitor Alphonse, (* Huldang) 1989 bis 2008 D'Müller-Uergel gëtt komplett renovéiert, vum 27. November 2005 u gehéiert d'Par Sandweiler zum Parverband „Sandweiler–Syrdall“
  • Claude Bache, 2008 bis 2013
  • Ferdinand Fischer, 2009 bis 2013
  • Nicolas Schartz, 2013[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dräifaltegkeetskierch zu Sandweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 5. Mäerz 2020).
  2. Quell:Geschichtsveräi vu Sandweiler