Dräifaltegkeet

Vu Wikipedia

Gott presentéiert sech nom Verständnis vum Chrëschtentum als Dräifaltegkeet (Trinitéit), respektiv Dräieenegkeet. Dat heescht, den eenzege Gott - déi eng gëttlech Natur (et ass ëmmer nach eng monotheistesch Relioun) - besteet aus dräi verschiddene "Persounen":

  • Gott Papp, de Schöpfer vun Himmel an Äerd;
  • Gott Sohn, de gëttleche Logos, dee sech a Jesus Christus inkarnéiert huet;
  • Gott hellege Geescht, deen an der Welt wierkt.

Vun dëser Konzeptioun steet näischt explizit an der Bibel, awer schonn an der Urkierch setzt sech de Glawen un d'Dräifaltegkeet duerch, och wann d'Spekulatiounen iwwer de "geneeën interne Funktionnement" vun dëser zu vill Streidereie gefouert hunn.

Klassesche Schema vun der Dräifaltegkeet

Problematesch ass besonnesch d'Ried vun den dräi "Persounen". Eist haitegt Versteesdemech vu Persounen ass vun Individualitéit an Autonomie markéiert. An dësem Sënn wier ee Gott an dräi Persounen net ee Gott, mä dräi Gëtter (Tritheismus). Fir dëser Gefor aus dem Wee ze goen, hunn aner Theologe proposéiert, net méi vun dräi Persounen ze schwätzen, mä vun dräi "Seinsweisen" oder "Subsistenzweisen". Dës Theologe kruten anerersäits Modalismus virgeworf: Si géife Gott verstoen als just eng Persoun, déi sech emol am Modus vum Papp, emol am Modus vum Jong, an eng aner Kéier am Modus vum hellege Geescht géif manifestéieren. De Sträit tëscht der modalistescher an der tritheistescher Tendenz wäert wuel ni geléist ginn. Vläicht sollt ee sech zeréckbesënnen op d'Aussointentioun vun dëser Léier: Gott ass keng einsam Monade, mä a sech Bezéiung. Dofir ass Bezéiung gëttlech, an och de Mënsch, deen als Ofbild vu Gott gesi gëtt, ass Bezéiung a soll Bezéiung sinn.

Den Islam refuséiert d'Konzeptioun vum dräifaltege Gott.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dräifaltegkeet – Biller, Videoen oder Audiodateien