Monotheismus
| Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
De Begrëff Monotheismus (gr.μόνος mónos "eleng" an θεός theós "Gott") bezeechent Reliounen bei deenen et nëmmen een eenzege Gott gëtt an unerkannt gëtt. Sou ginn déi Reliounen an de Rechtswëssenschafte vum Polytheismus a vun der Monolatrie ënnerscheet. Ënner Polytheismus versteet een eng Relioun bei där u méi wéi ee Gott gegleeft gëtt, ënner Monolatrie versteet een eng Relioun bei där u méi Gëtter gegleeft gëtt, awer nëmmen een als Haaptgott ugesi gëtt.
Aféierung
[änneren | Quelltext änneren]Wann een déi verschidde Weltrelioune betruecht, da ginn d'Chrëschtentum, d'Juddentum an den Islam ëmmer als déi dräi grouss monotheistesch Reliounen duergestallt. Monotheismus ass de Begrëff fir eng Relioun déi un een eenzege Gott gleeft, mä am Chrëschtentum fanne mer Trinitéit, wëll heesche Gott gëtt als dräi verschidde Wiesen duergestallt, als Papp, Jong an hellege Geescht. D'Juddentum an den Islam hu mat dësem Gedanken eng Rei Problemer. An deenen dräi monotheistesche Relioune gleeft een nieft engem Gott och un aner himmlesch Wiesen, gemengt sinn d'Engelen. Déi sinn dem Gott awer kloer ënnergeuerdent an dofir stellt dat och kee Problem duer.
De Begrëff Monotheismus ass déi éischt Kéier am 17. Joerhonnert opgedaucht, als Géigestéck zum Begrëff Polytheismus, an dat beim engleschen Theolog a Philosoph Henry More. Am Alen Testament ginn awer och scho monotheistesch Gedanken ausgedréckt, z. B. am Jesaja: "Ausser där ass kee Gott" (Jes 44,6.8; 45,5; vgl. 43,11; 64,3) a mer fannen d'Fuerderung vun der elengescher Veréierung vum Gott Israel. Am Alen Testament sinn nach vill änlech Aussoen ze fannen. Wat awer kloer gëtt ass, datt d'Existenz vun engem anere Gott net per se bestridde gëtt. Dëst ass verwonnerlech well de Begrëff Monotheismus gëtt definéiert als d'Veréierung vun engem eenzege Gott a keen anere Gott existéiert.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Monotheismus – Biller, Videoen oder Audiodateien |