Barthélemy Namur
Barthélemy Namur | |
---|---|
Gebuer | 13. September 1728 |
Gestuerwen | 25. Januar 1779 |
Aktivitéit | Sculpteur |
De Barthélemy oder Bartholomé Namur, gebuer den 13. September 1728 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen de 25. Januar 1779, war e Sculpteur aus dem Herzogtum Lëtzebuerg.[1]
Hie war de Bouf vun engem Léngewiewer. Tëscht 13 an 19 Joer huet hien eng Léier als Sculpteur beim Martin Jacques vu Kleng Elchert gemaach. Dono huet hien eng 3 Joerzéngte selbstänneg als Sculpteur geschafft. No engem Aarbechtsaccident, 1773, huet hie misse méi lues maachen.
Zu senge Wierker zielen ë. a. den Héichaltor an der Kierch vu Recken, Holz- a Steendekoratiounen am Refuge Sankt Maximin, an Aarbechten un den Altär an de Kierche vu Schëtter a vu Sandweiler. Weiderhin si vun him: de Priedegtstull an der Izeger Kierch, den Haaptaltor an där vun Atert, d'Portal vum ale Stater Kolléisch, souwéi zwou Statuen, eng vum Ignatius vu Loyola an eng vum François Xavier (haut an der Kierch Walfer).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Evy Friedrich: Kalennerblieder 1, Lëtzebuerg: Bourg-Bourger, 1979, S.33.