Haupeschkierch vu Recken

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Recken)
Kierch vu Recken
Kierch vu Recken (2013)

Kierch vu Recken (2013)
Kierch vu Recken (2013)
Uertschaft / Plaz Recken
Par Par Miersch
Saint-François
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner hellegen Haupert
Koordinaten 49° 44’ 58.8’’ N
      06° 04’ 55.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Haupeschkierch zu Recken ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Miersch gehéiert.

De Patréiner ass den hellegen Haupert (Hubertus), deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Haaptstrooss (rue Principale), dem CR105C. Se ass relativ speziell well se un e Wunnhaus ugebaut ass an déi zwee Gebaier eng gemeinsam Fassad hunn.

De 6. Dezember 2023 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Säitlech nieft der Kierch steet e Gedenksteen fir un dee fréiere Kierfecht vu viru 1730 z'erënneren.

Zur fréierer Par Miersch gehéieren ausser der Haupeschkierch vu Recken och nach d'Parkierch vu Miersch, d'Andreaskierch vu Biereng, d'Appoloniakierch vu Rolleng an d'Willibrorduskierch vu Schëndels.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haupeschkierch vu Recken – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).