sic

Vu Wikipedia

De Begrëff sic ass e Wuert aus dem Laténgeschen, dat an Texter hannert en Zitat oder en Abschnitt geschriwwe gëtt, fir unzeginn datt dee geneesou aus dem Quelltext kopéiert gouf. Dat bedeit, datt och Schreiffeeler, al Schreifweisen, falsch Raisonnementer, an Aussoen, déi iwwerraschen, matkopéiert goufen, an datt et sech net ëm Transkriptiounsfeeler handelt.

Generell gëtt e gebraucht, fir de Lieser z'informéieren, datt all Feeler, oder Element dat fir e Feeler ka gehale ginn, net do steet, well d'Zitat falsch ofgeschriwwe gouf, mä datt dee Feeler express mat ofgeschriwwe gouf, well e sou am Originaltext steet. Meeschtens steet d'Wuert sic an eckege Klammeren hanner dem Zitat ([sic]).

Iwwersat bedeit sic "sou" oder "wierklech sou". Vollstänneg ass de Begrëff sīc erat scriptum', "sou wéi et geschriwwe gouf".