Gemeng Miersch
Miersch | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Gemengeverwaltung am Schlass | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Mersch de: Mersch |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Buergermeeschter | Michel Malherbe (DP) |
Awunner | 10.018 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 4.974 ha |
Héicht | 219 m |
Koordinaten |
49° 44’ 51’’ N 06° 06’ 13’’ O |
Websäit | http://www.mersch.lu |
D'Gemeng Miersch (orange) am Kanton Miersch (rout) | |
D'Gemeng Miersch ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Miersch vun där se och hiren Numm huet.
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Miersch läit an den Däller vun Uelzecht, Mamer an Äisch, déi sech e Wee duerch de Sandsteen gesicht hunn, an de Koppe ronderëm. D'Uertschaft Miersch läit am Agank vum Äischdall.
Uertschaften an der Gemeng[1][änneren | Quelltext änneren]
Häff a Lieu-diten[änneren | Quelltext änneren]
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC
Politik[änneren | Quelltext änneren]
De Gemengerot vu Miersch gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
1999 | 3 | 6 | 2 | 2 |
2005 | 4 | 4 | 3 | 2 |
2011 | 3 | 5 | 4 | 1 |
2017 | 4 | 5 | 3 | 1 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Aus de Gemengerotswale vun 2011 ass eng DP-CSV-Koalitioun mat 8 Sëtz als Gewënner ervirgaangen, mat dem Albert Henkel (DP) als Buergermeeschter an dem Michel Reiland (CSV) als éischten an de Michel Malherbe (DP) als zweete Schäffen. 2016 huet den Albert Henkel säi Buergermeeschte amt zugonschte vum Michel Malherbe opginn.
No de Gemengerotswalen 2017 gouf d'DP-CSV-Koalitioun virugefouert; de Malherbe bleift Buergermeeschter.[2]
Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]
![]() |
- ...
- 1844: Emmanuel Servais[3]
- 1849: Nicolas Schroeder[4]
- ...
- 1859 - 1867: Michel Clement
- ...
- 1890 - 1920: Gustave Wilhelmy[5],[6]
- ...
- 1982 - 1993: Marcel Erpelding
- 1994 - 1999: Albert Lentz
- 2000 - 2003: Marcel Erpelding
- 2004 - 2016: Albert Henkel
- zënter 2016: Michel Malherbe
Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]
D'Gemeng Miersch ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
- den Nationale Literaturzentrum
- d'Nationalmonument vun der Onofhängegkeet
- de Méchelstuerm
- d'Schlass Miersch
- Réimesch Villa zu Miersch
- de Menhir vu Recken
- d'Mamerleeën
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Miersch
- Lëtzebuerger Kannerduerf Miersch
- Zockerfabréck vu Miersch
- Kierch Miersch
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Miersch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Galerie[änneren | Quelltext änneren]
De Méchelstuerm zu Miersch
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ "Michel Malherbe vun der DP bleift Buergermeeschter." rtl.lu, 13.10.2017, 06:01:12.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
- ↑ Memorial N°69 vun 1890 mat enger ganzer Rei vun Nominatioune vu Buergermeeschteren
- ↑ Historesches aus der Sektioun Rolleng op www-mersch.lu ofgeruff den 1. November 2015