Méchelstuerm (Miersch)
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Miersch |
Plaz | Miersch |
Koordinaten | 49°44'50,6"N, 6°6'15,8"O |
De Méchelstuerm oder Alen Tuerm zu Miersch ass de fréiere Klackentuerm vun der Méchelskierch, vun där de Rescht am 19. Joerhonnert ofgerappt gouf. Den Tuerm, mat engem barocken Daach an Ënneform, steet vis-à-vis vum Mierscher Schlass.
E gouf de 6. Dezember 2023 als nationale Kultupatrimoine klasséiert.[1]
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Den Tuerm ass 7 x 7 m breet a 40 m héich, wouvun den Ënnendaach eleng 10 m ausmécht. Dobäi kënnt nach eng 4 m héich Wiederstaang.
Iwwer der Entréespaart steet an enger Nisch eng Statu vum Äerzengel Méchel, deen den Draach dout mécht.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Tuerm gouf 1707 gebaut, nodeem am Juli 1706 e Feier den hëlzene Klackentuerm vu virdrun zerstéiert hat. E krut e barocke Virbau. Iwwer der Entréespaart ass e Wope vum Grof Johann Friederich vun Elter agemeesselt, Barong vu Vogelsang, Här vu Bartreng, Tiercelet, Fiels, Hiefnech a Miersch, deen och Gouverneur a Generalkapitän vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny war. Op Säin Uerder hi war den Tuerm gebaut ginn. Entreprener war de Johann Mitterecker "königlicher Zimmermann der Stadt und Festung Luxemburg".[2]
Et koumen zwou Klacken an den Tuerm, déi vun der Abtei Sankt Maximin Tréier gestëft gi waren. Dës goufe 1798, ënner der Franséischer Revolutioun, zerstéiert, an de Joren duerno awer nees ersat.[2]
Am 19. Joerhonnert war d'Méchelskierch baufälleg ginn, soudatt decidéiert gouf, eng nei ze bauen. No 10 Joer laangem Gestreits, wou déi nei Kierch sollt opgeriicht ginn, konnt dës 1850 ageweit ginn. An der Tëschenzäit sollt déi al ofgerappt ginn. Datt den Tuerm haut nach do steet, ass der Anna Palowna, der Fra vum Kinnek-Groussherzog Wëllem II. ze verdanken, déi den Tuerm bei hirem Besuch 1844 zu Miersch un d'Kierchtierm aus hirer Heemecht erënnert soll hunn, an déi doropshin d'Gemengeconseillere gebieden huet, e stoen ze loossen.[2]
Wéi d'Kierch ofgerappt gouf, goufe verschidde Versatzstécker an den Tuerm agebaut, ë. a.vu gotesche Fënsteren, fir d'Lach vum Kiercheschëff anzerummen, a Grafplacken aus dem 16. Joerhonnert (ë. a. déi vum Ernst Fock von Hübingen, Här vu Recken). An den 1980er Joren, wéi den Tuerm restauréiert gouf, goufen dës Elementer erausgeholl an aneschtwous ausgestallt.[2]
Säit 1997 gëtt et op der Plaz beim Méchelstuerm eng grouss Draache-Skulptur mat Waasserspill vum Kënschtler Paul Eyschen. Symboliséiert duergestallt gesäit een den Zesummefloss vun Äisch, Mamer an Uelzecht, souwéi den Dall vun de Siwe Schlässer (7 Zacken am Draach sengem Kamp). Och Wope goufen an d'Skulptur integréiert.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 Patrimoine de la Commune: "Alen Tuerm" op mersch.lu (gekuckt: 2013-01-08).