Menhir vu Recken
De Menhir vu Recken ass en anthropomorphe Menhir um Béisenerbierg, bei der Uertschaft Recken.
En ass ronn 3 m héich, huet en Duerchmiesser vu 70 cm a weit eng 4 Tonnen. Duerch en héijen Eisegehalt huet en eng gielzeg-brongelzeg Faarf. E gëtt an d'Neisteenzäit datéiert.[1]
E louch joerhonnertelaang an enger Wiss bal ganz ënnert dem Buedem. 1978 gouf e vu Membere vun den “Amis du Vieux Mersch” als Menhir identifizéiert an e puer Meter nieft der Fondplaz nees opgeriicht, fir um urprégleche Standuert spéider Fuerschungen z'erméiglechen.[2]
Dës goufen dann och 2001 vum Staatsmusée gemaach, fir de Steen datéieren ze kënnen. Et gouf och e Moulage gemaach, fir eng Kopie ze maachen.
Den 2. Juni 2017 gouf en als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[3]
Vun der Eenelter Kapell aus féiert e Pad bei de Menhir erop.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Foni Le Brun-Ricalens: Le menhir de Reckange-lès-Mersch - Le plus ancien "monument national", Die Warte Nr.9 vum 8. Mäerz 2018, S.6-7
- Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 94-95.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Eenelter oder die Macht der alten Steine S. 18-22
- "Ein Menhir in der Gemeinde Mersch". In: Administration communale de Mersch: Wegkreuze, steinerne Zeugen der Vergangnheit, S.37-33.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Union Luxembourgeoise pour l'Histoire et le Patrimoine asbl (ed): Actualités historiques, Décembre 2011.
- ↑ François Valotteau: "Le menhir du Béisenerbierg à Reckange-lès-Mersch". In: Musée info 15/2002, S.22-23.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).