Essen
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Essen zu Lëtzebuerg. Fir aner Bedeitunge vum Wuert, kuckt wgl. Essen (Homonymie). |
Essen | |
---|---|
![]() Haus Nr.6, klasséiert Monument. | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Essingen de: Essingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Michel Malherbe (DP) |
Koordinaten |
49° 46’ 43’’ N 06° 06’ 55’’ O |
Essen ass eng Uertschaft an der Gemeng Miersch.
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
Essen läit op enger Héicht vun 210 m (NG-L), an ass domat deen déifste Punkt an der Gemeng Miersch.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Essen war nach ëmmer enk mat Pëtten verbonnen. Ausser e puer Haiser an e puer Häff stoung fréier zu Essen tëscht der Uelzecht an der Eisebunn eng kleng Millen, déi nom Zweete Weltkrich an eng Kraftstroumzentral ëmgebaut gouf, an haut nach funktionéiert, a vum Rescht vun der Uertschaft, zwéi Bauerenhäff, vun der Eisebunn gedeelt ass, iwwer déi eng Barrière an e getrennte Foussgängerpassage féiert.
Fréier stoung op der anerer Säit vun der Uelzecht vis-à-vis vun Essen d'Uertschaft Hilbach mam Hilbacherhaff, Plazen, déi nom Éischte Weltkrich verschwonne sinn.