Mamerleeën

Vu Wikipedia
Den Agank fir an d'Huellee
Bléck an eng typesch Galerie vun de Mamerleeën

D'Mamerleeë sinn en eenzegaartegen Ensembel vun ënnerierdesche Grotten a Galerien am Lëtzebuerger Sandsteen am Dall vun der Mamer laanscht den CR101, op Héicht vun der Uertschaft Schëndels an nërdlech dovun op enger Längt vun zirka 1 km a Richtung Miersch. D'Entréeë fir an all d'Mamerleeë sinn op der lénkser Säit vum Mamerdall um ëstleche Bord vum Sandsteeplateau. Den Ufank gëtt am Süden duerch eng besonnesch grouss Grott markéiert, déi als Huellee bekannt ass an déi gréisstendeels vun natierlechem Ursprong ass, awer och Spuere vu mënschlecher Beaarbechtung weist.

Déi natierlech Grotte sinn duerch Formatioun vu Splécken am Fiels entstanen, wéi se charakteristesch fir de Lëtzebuerger Sandstee sinn. Vun den natierleche Grotten aus sinn duerch mënschlech Aktivitéit zousätzlech Galerien entstan, déi déif an de Fiels eragedriwwe goufe fir de Sandsteen, deen do vun enger besonnesch gudder Qualitéit ass, ofzebauen a stelle sou eng Zort vun historeschen ënnerierdesche Steebréch duer. Et gouf do eng prezis Fielsformatioun verfollegt, aus där Material vu besonnesch gudder mechanescher a mineralogescher Qualitéit konnt gewonne ginn, z. B. fir Muelsteng.

Well bis elo keng Schrëftstécker fonnt goufen, déi d'Exploitatioun vun den ënnerierdesche Steebréch beleeën, ass net gewosst, vu wiem a wéini déi Galerien ugeluecht an exploitéiert goufen. Et gëtt awer Hiweiser drop, datt déi Plaz eventuell schonn de Réimer bekannt war. Méi sécher ass awer d'Exploitatioun iwwer länger Perioden am Mëttelalter.

An der Zäit vun der franséischer Revolutioun hu sech refraktär Geeschtlech, déi den Eed op d'Republik verweigert hunn, an de Mamerleeë verstoppt. Et goufen do souguer Masse gehalen.

1839 gouf d'Huellee vum Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie besicht an a sengem Wierk Itinéraire du Luxembourg germanique, ou Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché beschriwwen, dat 1844 erauskoum.

De Johann Engling schreift a sengem Wierk Das alte christliche Begräbnis zu Mersch vun 1861 iwwer e massive Sarkophag aus dem 7. Joerhonnert bei deem et sech ëm haarde Sandstee vun Hohlenfels géif handelen. Domat huet en d'Huellee, och Huelfiels (op däitsch Hohlfels) genannt, gemengt.

An de leschte Jore vum 19. Joerhonnert hu Membere vum neigegrënnte Verschéinerungsveräi vu Miersch déi gréisstendeels zougeschotten Huellee nees fräigeluecht, well se sech dovun eng Attraktioun fir deen hei am Land sou lues opkommenden Tourismus versprach hunn.

Den Historiker Nicolas van Werveke beschreift 1898 als Éischten d'Mamerleeën als vu Mënschenhand ugeluecht Galerien a weist dobäi op d'Spuere vun der Beaarbechtung duerch Pioschen hin. Hien ernimmt och eng mëndlech Iwwerliwwerung, datt d'Steng fir de Bau vum Schëndelsser Schlass aus de Mamerleeë géife stamen. Haut kann een effektiv ouni Zweiwel soen, datt déi ënnescht Reie Steng vum Wiertuerm aus de Mamerleeë stamen.

Tëscht 1927 an 1931 goufen d'Mamerleeën, déi deelweis zougeschott an net méi zougänglech waren, nees eng Kéier vum Mierscher Verschéinerungsveräi fräigeluecht.

Enn 1959 gouf de Groupe spéléologique luxembourgeois vu jonke Leit gegrënnt an hir éischt Aktivitéit war d'Erfuersche vun de Mamerleeën. An den 1960er Joren hu si do nach ronn 40 weider Expeditioune gemaach an dobäi si 6 weider Grotten entdeckt ginn. Alleguer d'Grotte goufen topographesch vermooss. D'Fliedermauspopulatiounen, déi an de Grotte liewen, goufe vu Mataarbechter vum Nationalmusée fir Naturgeschicht ënnersicht.

Bei d'Mamerleeë kënnt een am beschten iwwer e Wee, dee vum Klaushaff, net wäit vum CR102 tëscht Schëndels a Keespelt, an nërdlecher Richtung fort geet. E puer gréisser Grotte ginn de Wanter iwwer duerch Gitteren ofgespaart fir d'Fliedermauskolonien ze schützen, déi doran iwwerwanteren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Marie Sinner: "Die 'Mamerleeën' - das unterirrdische Rätsel von Schönfels." In: nos chiers, Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 3/4 (2011), S.83-108.
  • Groupe spéléologique luxembourgeois: Höhlen - Luxemburgs geheimnisvolle Unterwelt, 2009, Éditions Schortgen, ISBN 978-2-87953-078-9, S. 90-111: Jean-Marie Sinner: Der unterirdische Steinbruch der Mamerleeën

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mamerleeën – Biller, Videoen oder Audiodateien