Schlass Schëndels

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Schlass vu Schëndels
Zeechnug vum Nicolas Liez vun 1834.
Zeechnug vum Nicolas Liez vun 1834.
Land Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Plaz Schëndels
Koordinaten 49° 43’ ’’ N 6° 06’ ’’ O
Bauzäit 1292


D'Schlass vu Schëndels
Vue vun déisäit der Mamer.

D'Schlass vu Schëndels ass e Schlass bei Schëndels, am Mamerdall, tëscht Koplescht a Miersch.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass soll 1292 vun engem gewësse Friedrich vu Schonevels gebaut gi sinn. Duerch Bestietnes huet et méi spéit den Häre vun Aansebuerg, respektiv vu Suessem gehéiert. Am 16. Joerhonnert gouf den Henri Schloeder vu Lachen Proprietär an domat Här vu Schëndels a Busbach. Säi Wopen ass bis haut iwwer der Dir erhalen.

1683 hu franséisch Truppe vum Louis XIV d'Befestegunge vum Schlass zerstéiert, a 1690 gouf d'Schlass an d'Duerf vun Schëndels no engem Sträit tëscht dem Theodor von Neunheuser an dem Här vu Branenbuerg ofgebrannt. 1759 gouf de Pierre-François de Gaillot de Genouillac Här vu Schëndels, nodeem e sech mat der Marie-Catherine de Neunheuser bestuet hat. 1813 huet säi Jong, de François-Romain de Gaillot, dem Jean-Baptiste Thorn d'Schlass verkaaft, deen 1831-1834 Gouverneur vun der Provënz Lëtzebuerg war an duerno, bis 1839, Gouverneur vun der Provënz Hainaut. 1840 huet de belsche Senateur Jacques Engler et kaaft an et sengem Eedem, dem Baron Auguste Goethals iwwerdroen, deen e Wunnhaus nieft dem Buergfrid baue gelooss huet.

Am Zweete Weltkrich war d'Schlass vun däitschen Truppe besat déi Ännerungen dra gemaach hu fir doran e Kannerheem anzeriichten. Um Enn vum Zweete Weltkrich war et vun amerikaneschen Zaldote bewunnt, déi do e sougenannte "water point" ageriicht hate fir d'Waasser aus der Mamer fir Drénkzwecker opzebereeden.

1948 huet den Industriellen Camillle Weiss de Besëtz kaaft, an en 1971 dem Lëtzebuerger Staat verkaaft [2] D'Haus aus den 1840er Jore gouf 1976 ofgerappt.[1]

D'Schlass haut[änneren | Quelltext änneren]

Den Haff niewendru gouf ofgerappt, an en neit Gebai, dat an d'Plaz kënnt, kommen en Therapiezentrum vun der asbl Stëmm vun der Strooss a Büroe vun der Natur- a Bëschverwaltung.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass Schëndels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Château de Schoenfels", Association des Châteaux luxembourgeois. (fr)
  2. "Scierie Goethals". (fr)
  3. "Commune de Mersch: Solide comme le roc", Wunnen magazine, 26 Januar 2011. (fr)