Waasserbuerg Pëtten

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
D'Waasserbuerg Pëtten

D'Ruin vun der Waasserbuerg Pëtten läit matzen an der Uertschaft Pëtten (Gemeng Miersch). D'Waasserbuerg geet op dat 10. Joerhonnert zréck. Eng héich Mauer, déi virun allem op der viischter Front gutt erhalen ass, bilt en onreegelméissegt Quadrat. Un den Ecke stounge fréier véier ronn Tierm, vun deene just déi zwee viischt erhale sinn. Dee fréier vun der Wëllerbaach duerch en Tunnel gespeiste Waassergruef gouf am 17. Joerhonnert opgeschott, ass awer nach gutt ze gesinn. An der Mëtt vun der Anlag stoung fréier en héijen Donjon. D'Grondmauere sinn haut ënner enger hëlzene Bühn verstoppt[1]. D'Anlag ass fräi zougänglech.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  • 960: d'Buerg ass bekannt ënner dem Numm « Pittigeromarkun »[2].
  • 1243[3]: den Arnold vu Pëtten kënnt als éischte Besëtzer an engem Dokument vir.
  • 1340 gouf den Här vu Pittingen Seneschall.
  • 1346: ënner de Gefalene vun der Schluecht vu Crécy fënnt een nieft dem Jang de Blannen e Pëtter Ritter, de Brudder vum Wëllem vu Meesebuerg.
  • Enn 14. Joerhonnert: en aneren Arnold vu Pëtten keeft Deeler vun der Fielser Herrschaft. Seng Duechter Irmengard bestit de Jean II. de Créhange[4].
  • 1479: den Äerzherzog Maximilian vun Éisträich[5] gëtt Herzog vu Lëtzebuerg a geet géint de Lëtzebuerger Adel vir, dee rebelléiert huet.
  • 1498 gëtt d'Buerg vum Maximilian vun Éisträich zerstéiert. De Besëtz geet un de Grof Christoph vu Baden.
  • 1503 war d'Buerg nees opgebaut, ongeféier an där Dispositioun, déi mir haut kennen.
  • 1571: déi schwéier Ecktierm gi gebaut.
  • 1582 gëtt d'Buerg zur Baronei erhuewen.
  • 1615 sinn d'Herrschafte vu Créhange-Pittange erëm vereenegt.
  • 1684: d'Buerg gëtt vun den Truppe vum Louis XIV. bombardéiert an zerstéiert. D'Mauere ginn deelweis ofgerappt, de Gruef gëtt mat dem Bauschutt opgefëllt, fir der Buerg hir Wierfunktioun ze huelen.
  • 1686 geet d'Anlag an de Besëtz vum Grof J. B. de Balbi-Rivera iwwer.
  • 18. Joerhonnert: Besëtzer sinn de Grof Max. G. de Bertrand de Pérouse an Oyen vu Fürstenberg.
  • 1837 verkeeft de Grof vu Peyrouse d'Buerg an hir Lännereien zu Pëtten an zu Biissen un de Prënz Charles d'Arenberg (Meesebuerg) [6].
  • 1844 beschreift de Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie den Haapttuerm als sou héich, datt e vun der Stad Lëtzebuerg aus ze gesi war.
  • Géint 1850 gouf den haitegen Agank mat senger Steebréck gebaut.
  • Géint 1856 ass d'Buerg dem Jean Engling no just nach eng Ruin.
  • 1926: Besëtzerin gëtt d'Immobiliegesellschaft Société Bernheim vu Bréissel.
  • 1939 gëtt d'Buerg als nationaalt Monument klasséiert.[7]
  • 1947 geet d'Ruin fir de symbolesche Frang un de Lëtzebuerger Staat.
  • Ëm 1950 ginn déi dréngendst Restauréierunge gemaach.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

De Wopen ass e gëllen Ankerkräiz op routem Hannergrond[8].

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Biver, Pierre, 1850. Genealogische Notizen über das herrschaftliche Haus Pettingen. Programm zum Schlusse des Schuljahrs 1849-1850 / Königlich-Grossherzogliches Progymnasium zu Diekirch, S. 1-13. Jos.-Anton. Schröll, Diekirch.
  • Engling, Jean, 1877. Un bronze antique trouvé à Pittingen et conservé au Musée de Luxembourg. 7 p. V. Bück, Luxembourg. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, XXXII. année.
  • Friedrich, Evy, 1970. Pettingen / Ein Dorf das Stadtrecht hatte. Revue 46: 46-52.
  • Friedrich, Evy, 1978. Der erste Hochbau des Landes. Tageblatt Nr. 294: 4. Esch-sur-Alzette.
  • L'Évêque de la Basse-Moûturie, Louis, 1844. Itinéraire du Luxembourg germanique, ou voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché. 500 p. V. Hoffmann, Luxembourg.
  • Warnier, Théodore, 1966. Die Pettinger Schlossruine. Revue Jg. 22, Nr. 3: 10-12. Luxembourg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Waasserbuerg Pëtten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Grondmauere sinn op enger Foto am Artikel vum Evy Friedrich (1970: 49) ze gesinn.
  2. An net « Pittigero Mazini » wéi op der Säit La seigneurie de Pettingen op associationchateaux.lu ze liesen ass. Dee falschen Numm ass eng feelerhaft Transkriptioun duerch de Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie. Dee Feeler ass leider heefeg ze fannen. E gouf 1929 vum Jules Vannérus publizéiert: Le Chevalier l'Evêque de la Basse-Mouturie et son itinéraire du Luxembourg Germanique. 15 p. Cahiers luxembourgeois. Bourg-Bourger, Luxembourg.
  3. Déi geschichtlech Informatioune stame gréisstendeels vun engem Panneau bannent der Buerg.
  4. Den Arnold vu Pëtten gëllt als de Bauhär vun der "Maison de Créhange" an der Fiels ëm 1384.
  5. De Maximilian vun Éisträich gouf iwwer seng Fra Marie vun der Bourgogne Herzog vu Lëtzebuerg.
  6. Sou stoung virdrun am Artikel: D'Ruine vun der Buerg an d'Gidder, déi zu der Buerg gehéiert hunn, waren am Besëtz vun den Häre vu Créhange, a koumen duerch Ierfschaft an de Besëtz vun de Grofe vu Peyrouse.
  7. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 10. Oktober 2019).
  8. Cf. op euraldic.com: "Pettange, Pettingen ou Pittingen: De gueules, à la croix ancrée d'or".