Marie vun der Bourgogne

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Marie vun der Bourgogne
Mary of burgundy pocher.jpg
Titelen
Biographie
Gebuer 13. Februar 1457 jul.
Bréissel
Gestuerwen 27. Mäerz 1482 jul.
Bruges
Bestuet mat Maximilian I.
Papp Karel de Kéngen
Mamm Isabelle vu Bourbon
Kanner Felipe I. vu Kastilien, Margréit vun Éisträich, Franz vun Habsburg

D'Marie vun der Bourgogne (och alt Marie, resp. Maria vu Burgund; fr.: Marie de Bourgogne), gebuer den 13. Februar 1457 zu Bréissel a gestuerwen de 27. Mäerz 1482 zu Bruges, war vu 1477 un Herzogin vun der Bourgogne an Herrscherin iwwer all déi Territoirë vum Haus Burgund (dorënner d'Herzogtum Lëtzebuerg), déi se g'ierft hat. Duerch hiert Bestietnes mam Maximilian vun Habsburg, dee spéiderhi réimesch-däitsche Keeser gouf, ass d'Haus Bourgogne un d'Haus Habsburg iwwergaangen.

D'Marie war dat eenzegt Kand vum burgundeschen Herzog Karel dem Kéngen an deem senger zweeter Fra, der Isabelle, der Duechter vum Charles I. vu Bourbon).

Wéi hire Papp de 5.Januar 1477 an der Schluecht bei Nancy (Herzogtum Loutrengen) ë. a. géint d'Schwäizer, déi mat Frankräich alliéiert waren, ëm d'Liewe koum, huet d'Marie vun him d'Burgundescht Räich g'ierft, zu deem nieft dem Herzogtum Bourgogne, der Fräigrofschaft Burgund an e puer méi klenge Gebidder (Mâconnais, Charolais, Nivernais, Auxerre...) och nach d'Nidderlanden (ë. a. Flandern, d'Brabant, d'Lëtzebuerg, d'Herzogtum Gelderen, an d'Grofschaften Artois, Holland a Zutphen) gehéiert hunn.

Fir u Finanzen an Truppe fir hire Kampf géint d'Fransousen ze kommen, déi verschidde Gebidder, virop dat eigentlecht Herzogtum Burgund, mä och den Artois an d'Picardie, besat an annektéiert hunn, huet d'Marie den 11. Februar 1477 den Nidderlanden de sougenannte Grousse Privileeg accordéiert, deen hinnen d'Recht op eng gewëss Autonomie gouf. Am August 1477 huet si, géint de Wëlle vun de Stänn, de Maximilian vun Éisträich aus dem Haus Habsburg bestuet. Hie gouf spéiderhi vu 1486 u Kinnek, a vu 1508 u Keeser (als Maximilian I.). Grond fir déi Unioun war d'Hoffnung, ze verhënneren, datt de franséische Kinnek Louis XI. (deen hiren Dafpätter war) sech déi burgundesch Ierfschaft kéint kropen.

D'Marie ass bei enger Juegdparty am Bësch vu Wynendaele onglécklech vum Päerd gefall an e puer Deeg duerno, de 27. Mäerz 1482, gestuerwen. Hiert Graf ass an der Kierch Notre-Dame vu Bruges, nieft deem vun hirem Papp.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

De Fait, datt domat déi meescht Territoiren, déi zum burgundeschen Ensembel gehéiert haten, 1482 un Habsburg goungen, huet an de Joren duerno ëmmer nees zu Konflikter mat Frankräich gefouert, dat sech vun den Habsburger ëmkreest gefillt huet [Source?], besonnesch wéi de Philipp de Schéinen, Jong an Ierwe vun der Marie de Bourgogne, duerch säi Bestietnes op den Troun vu Spuenie koum.

An den Nidderlanden an an der Fräigrofschaft Burgund gouf hire Jong, de Philipp de Schéinen, hiren Nofollger.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

De Maximilian I. a seng Fra Marie.

D'Marie vun der Bourgogne hat mat hirem Mann, dem spéidere Keeser Maximilian I., dräi Kanner:

  1. ∞ 1497 Juan vun Aragón a Kastilien (1478–1497 Prënz vun Asturien);
  2. ∞ 1501 Philibert II. (1480–1504) Herzog vun der Savoie
  • Franz (*/† 1481)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thea Leitner: Habsburgs Goldene Bräute. Durch Mitgift zur Macht. Piper, München 2005, ISBN 3-492-23525-5.
  • Carl Vossen: Maria von Burgund. Des Hauses Habsburg Kronjuwel. Seewald Verlag, Stuttgart 1982, ISBN 3-512-00636-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marie vun der Bourgogne – Biller, Videoen oder Audiodateien