Donatuskapell zu Pëtten
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vu Pëtten (2009) | ||||
Uertschaft / Plaz | Pëtten | |||
Par | Miersch Saint-François | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Donatus | |||
Konsekratioun | 1868 | |||
Koordinaten | 49° 46’ 12.8’’ N 06° 06’ 29.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Donatuskapell zu Pëtten ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Miersch gehéiert.
De Patréiner ass den hellegen Donatus, deem säi Fest den 30. Juni gefeiert gëtt.
Se läit am Duerfkär vu Pëtten nieft der Waasserbuerg an der rue du Château, dem CR306.
De 6. Dezember 2023 gouf se als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Miesdref huet ausser der Kapell vu Pëtten och nach d'Parkierch vu Miesdref gehéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Kapell gouf tëscht 1725 a 1727 opgeriicht, 1903 vergréissert an 1930 an 1951 restauréiert.
Iwwerliwwertem no soll et ënner der Kapell eng Krypta ginn, an där den Theobald den Eremit begruewe soll sinn, deen op der Héicht vum Rouscht a senger Klaus gelieft soll hunn[2].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Friedrich, Evy, 1970. Pettingen / Ein Dorf das Stadtrecht hatte. Revue 46: 46-52.
- Hilbert, Roger, 1995. Die Kapelle von Pettingen. Duerfsieschterblietchen Nr. 19(Spiirkel), S. 4-7, Pettingen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Donatuskapell zu Pëtten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Fënstere vun der Kapell vu Pëtten op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- Websäit vun de Mierscher Geschichtsfrënn iwwer d'Geschicht vu Miersch, Biereng, Miesdref a Pëtten
- Video op Youtube aus der Serie: Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg iwwer d'Donatuskapell zu Pëtten
- D'Kapell Pëtten an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ Cf. Friedrich 1970.