Op den Inhalt sprangen

Rouscht (Biissen)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Rouscht. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Rouscht.
Rouscht
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Roost
de: Roost
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Biissen
Buergermeeschter David Viaggi
Awunner 45
  1. Januar 2023
Koordinaten 49° 47’ 11’’ N
      06° 05’ 40’’ O

De Rouscht ass eng Uertschaft an der Gemeng Biissen.

An der Z.A.C. Jauschwiss sinn eng Rei industriell Betriber implantéiert, wéi zum Beispill Cloos & Kraus, BatiC an d'Garage Petrymobil. Do dernieft awer och d'Ameco, Hyosung, Luxlait, Merbag, Garage Losch an d'Testpist vu Goodyear-Dunlop mam Centre de Formation pour Conducteurs an engem Restaurant.

D'Luxlait huet net nëmmen hir Molkerei um Rouscht Am Seif, mä och de Besucherzentrum a Restaurant Vitarium.

Vis-à-vis vun der Luxlait huet d'Creos en Atelier an eng Transformater- a Verdeelerstatioun.[1]

Akafe kann een am Gaardemiwwelgeschäft Déco-Jardin.[2]

D'N7 um Rouscht
Commons: Rouscht (Biissen) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Le réseau de transport d'électricité de Creos Luxembourg S.A.. Creos. Gekuckt de(n) 21 November 2021.
  2. Bei Möbelhaus Scheer geht das Licht aus. wort.lu (03 Juli 2020). Gekuckt de(n) 21 November 2021.