Op den Inhalt sprangen

Gemeng Biissen

Vu Wikipedia
Gemeng Biissen
d'Märei vu Biissen (2013)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bissen
de: Bissen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Miersch
Gemeng Kanton Miersch
Chef-lieu Biissen
Buergermeeschter David Viaggi
Awunner 3.564
  1. Januar 2026
Fläch 2.083,2231 ha
Héicht 234 m
Koordinaten 49° 47’ 21’’ N
      06° 03’ 49’’ O
LAU-Code LU0402
Websäit http://www.bissen.lu
D'Gemeng Biissen (orange) am Kanton Miersch (rout)

Kaart

D'Gemeng Biissen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Biissen vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng huet 3.564 Awunner (Stand 1. Januar 2026)[1][2].

D'Gemeng Biissen läit am Atertdall tëscht de Gemenge Colmer-Bierg, Helperknapp, Miersch a Viichten. Se huet eng Fläch vun 2.075 ha, dovu si 550 ha Bësch.

Nopeschgemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Wandrous Viichten Colmer Bierg Wandrous
N
W    Biissen    O
S
Helperknapp Miersch

Uertschaften an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 960 ass d'Existenz vu Biissen ënner dem Numm « Bisiceromarkun »[3] attestéiert ginn duerch en Dokument an deem d'Par Biissen als baussent der Par vu Miersch bezeechent gëtt. Dofir huet d'Par 1960 hir dausendjäreg Existenz gefeiert.

D'Gemeng Biissen ass, wéi déi meescht aner Gemengen am Land, ënner dem franséische Regimm entstanen, de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung an d'Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung zu Lëtzebuerg applikabel gouf. Och no der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1814/15, sinn d'Gemenge weiderhin als lokal Verwaltungseenheeten erhale bliwwen.

Beschreiwung am Originaltext[4]:

Burelé d'argent et sable de dix pièces.
D.C. 11. Dezember 1981 - A.M. 26. Juli 1982 - Mémorial B 1982, Säit 775- Projet: J. Flies 1986 modifiéiert vun der Commission héraldique
D'Gemeng hat de Wope schonn en ettlech Joer inoffiziell gefouert, bis 1981 d'Adoptioun vun der Commission héraldique proposéiert gouf.
De Wope vu Biissen ass ofgeleet vun deem vun de fréieren Häre vu Biissen (burelé d'argent et de gueules), deen deem vun deene vun Esch-Sauer gläicht, well si Nokomme vun där Famill waren.

Demographesch Entwécklung

[änneren | Quelltext änneren]
AwunnerJoer5001000150020002500300035004000180018501900195020002050AwunnerEntwécklung vun der Awunnerzuel


Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.

Den Zentrum vu Biissen vum Wobierg aus gesinn.

Bei de Gemengewale gouf, bis 2011 nach mat, nom Majorzsystem gewielt. Zanter 2017 gëllt de Proporzsystem.[5]

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1800 - 1815: Jean-Nicolas Knepper;
  • 1815 - 1830: Nicolas Billig;
  • 1830 - 1836: Antoine Pastoret;
  • 1836 - 1843: Jean-Nicolas Brosius;
  • 1844 - 1848: Jean-Nicolas Faber;[6]
  • 1848 - 1858: Nicolas Engel;
  • 1859 - 1861: Pierre Souvignier;
  • 1861 - 1866: Nicolas Engel;
  • 1867 - 1869: Jean-Pierre Knepper;
  • 1870 - 1881: Georges Glaesener;
  • 1882 - 1908: Jean Souvignier;
  • 1908 - 1910: Emile Souvignier;
  • 1910 - 1940: Nicolas Sinner;
  • 1940 - 1957: Jean Engel;
  • 1958 - 1963: Charles Stoffel;
  • 1964 - 1981: Joseph Wietor, Privatbeamten;
  • 1982 - 1984: Guillaume Feith, Proprietär;
  • 1985 - 1987: Mathias Schmitz, Gewerkschaftler;
  • 1988 - 1999: Ernest Wendel, Privatbeamten;
  • 1999 - 2000: Roger Schmit, Staatsemployé;
  • 2000 - 2001: Arlette Weber ép. Schmit, Staatsbeamtin;
  • 2001 - 2005: Camille Petry, Entreprener;
  • 2005 - 2011: Aloyse Bauer, Elektrikermeeschter;
  • 2011 - 2019: Jos Schummer, Privatbeamten;
  • zanter 2019: David Viaggi, Verwaltungschef

D'Zesummesetzung vum Gemengerot no Lëschten zanter datt 2017 de Proporzsystem adoptéiert gouf:

JoerÄr LeitCSV
201756
202383

Quell: elections.lu

Den aktuelle Gemengerot setzt aus de follgende Leit zesummen (Stand Juli 2026)[7]:

  • David Viaggi, Buergermeeschter
  • Roger Saurfeld, 1. Schäffen
  • Loïc Brune, 2. Schäffen
  • Kevin Englebert, Gemengerot
  • Georges Lucius, Gemengerot
  • Joseph Koecher, Gemengerot
  • Béatrice Horsmans-Kabers, Gemengerot
  • Joe Geisen, Gemengerot
  • Christian Hoscheid, Gemengerot
  • Joëlle Kraus-Fagny, Gemengerot
  • Frank Clement, Gemengerot

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Biissen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Bekannt Leit aus der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Victor Kalmes (ënner der Mataarbecht vum Jos Schummer an dem Arnold Weber), 2001. Bissen seit eh und je. Band 1 (525 S.) an 2 (? S.). Erausgi vun der Gemengeverwaltung Biissen. Sankt-Paulus Dréckerei, Lëtzebuerg.
  • Carlo Mulbach: "Gemeinde Bissen: Traditioneller Industriestandort im Wandel der Zeit." in: nos cahiers, Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 3/4 2011, S.45-58.
 Commons: Gemeng Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. STATEC - Population par canton et commune. STATEC - Population par canton et commune. Institut national de la statistique et des études économiques. Gekuckt den 28. Juli 2026.
  3. An net « Basiccromannum », eng feelerhaft Transkriptioun duerch de Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie, déi leider reegelméisseg ze fannen ass. De Feeler gouf 1929 vum Jules Vannérus publizéiert: Le Chevalier l'Evêque de la Basse-Mouturie et son itinéraire du Luxembourg Germanique. 15 p. Cahiers luxembourgeois. Bourg-Bourger, Luxembourg.
  4. Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 51 (fr).
  5. "Vu Majorz- op Proporzsystem: Biissen." rtl.lu, 06.10.2017, 07:32:38.
  6. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  7. (fr) Conseil communal - Commune de Bissen. bissen.lu Archivéiert den 12.07.2026. Gekuckt den 12.07.2026.