Jean Souvignier
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Jean Souvignier | |
|---|---|
| Gebuer |
16. Abrëll 1847 Biissen |
| Gestuerwen |
4. Januar 1908 Biissen |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Fonctioun | Gemengeconseiller, Schäffen, Buergermeeschter, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Auszeechnungen | Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne |
| Famill | |
| Papp | Pierre Souvignier |
| Kanner | Emile Souvignier |
|
| |
De Jean Souvignier, gebuer de 16. Abrëll 1847 zu Biissen, an do gestuerwen de 4. Januar 1908[1][2], war e lëtzebuergesche Politiker.
Hie war vu Beruff Bauer a Mëller. 1873 gouf hie fir d'éischt an de Gemengerot vu Biissen gewielt. Dat Joer drop gouf e Schäffen, an 1882 Buergermeeschter. Hie blouf dat bis zu sengem Doud.
Vun 1878 bis 1884 a vun 1890 bis 1896 war hien zousätzlech Deputéierten an der Chamber.
1903 war hie Matgrënner an Aktionär vun der Société anonyme générale des eaux minérales de Bel-Val.[Quell?]
Als Erënnerung un hie gouf zu Biissen eng Strooss no him genannt.[3]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Chevalier am Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1902).[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Bissen. viewer.eluxemburgensia.lu 4. Obermosel-Zeitung (7. Januar 1908). Gekuckt de 06.09.2024.
- ↑ Victor Kalmes. Bissen seit eh und je, Band 2. Luxemburg, Gemeindeverwaltung Bissen, saint-paul luxemburg, 2002. ISBN 2-87996-939-5. S. 64.
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: „Äis Stroossennimm (6)“. In: Klautjen. Gemengeblad[sic] Biissen Nr. 6 (2008), S. 2.
- ↑ (fr) Memorial N°51. viewer.eluxemburgensia.lu (24. Juli 1902). Gekuckt de 6. September 2024.
