Op den Inhalt sprangen

Victor Kalmes

Vu Wikipedia
Victor Kalmes
Gebuer 16. Mee 1921
Rammeldang
Gestuerwen 11. November 2014
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Enseignant

De Victor (Vic) Kalmes, gebuer de 16. Mee 1921 zu Rammeldang, a gestuerwen den 11. November 2014 zu Ettelbréck[1], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Zwangsrekrutéierten an Historiker.

Nodeem de Vic Kalmes d'Normalschoul gepackt hat, gouf hien den 1. September 1941 Schoulmeeschter zu Helzen, duerno (1942) zu Bruechtebaach. Am Laf vum Joer 1942, gouf hien zwangsrekrutéiert. Am Summer 1945 ass hien aus der franséischer Gefaangenschaft entlooss ginn an zeréck op Lëtzebuerg komm.

Duerno war de V. Kalmes Schoulmeeschter zu Bauschelt (1945-1948), a vum Hierscht 1948 un zu Biissen, wou hie bis zu senger Pensioun am Joer 1981 enseignéiert huet (Primärschoul a spéider « Complémentaire »).

De Victor Kalmes huet sech en Numm als Lokalhistoriker gemaach an als Spezialist vun der Geschicht vum Schoulmeeschtesch-Syndikalismus. Hie war Member vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal.

Publikatiounen (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 300 Jahre Industrie in Bissen. Gemeindeverwaltung u. Nagelfabrik, Bissen, 1973, 179 S.
  • Bissener Jugend in schweren Zeiten. In: Brochure éditée à l'occasion des festivités du Xe anniversaire du Club des jeunes Bissen. Luxembourg, 1981, S. 14-68.
  • Materielle und soziale Verhältnisse in Bissen wärend des 19. Jahrhunderts. In: Brochure éditée à l'occasion des festivités du Xe anniversaire du Club des jeunes. Luxembourg, 1981, S. 69-132.
  • Über die Anfänge des Lehrersyndikalismus in Luxemburg. Luxembourg, Éditions du Syndicat national des Enseignants, 1983, 179-(1) S. (Sonderdruck verbessert und ergänzt aus: "École et vie": 1974-1980).
  • Die Gemeinde Bissen gestern und heute. In: 60e anniversaire de la Fanfare Bissen. Luxembourg, 1984, S. 79-151.
  • Bissen im Krieg 1914-1918. In: Centenaire du corps des sapeurs-pompiers Bissen. Luxembourg, 1984, S. 123-150.
  • Vom Taglöhnerkittel zum Gehrock. Eine Studie über die materielle und soziale Lage des Luxemburger Lehrers im 19. Jahrhundert. Luxembourg, Éditions du Syndicat national des enseignants, 1990, 440 S. (Sonderdruck verbessert und erweitert aus "École et vie" 1982-1990).
  • Bissener Chronik der letzten 150 Jahre (1839-1989). In: Brochure éditée à l'occasion des festivités du 30e anniversaire du "Dësch-Tennis Bissen". Luxembourg, Print Service: 113-189.
  • Männer aus Bissen, die auf nationalem oder internationalem Plan hervorgetreten sind. In: Brochure éditée à l'occasion des festivités du 30e anniversaire du "Dësch-Tennis Bissen". Luxembourg, Print Service, 1991, S. 191-221.
  • 1866, die Cholera schlägt erneut zu. In: De Klautjen: commune de Bissen, Nr. 12 (Dez. 2000), S. 9-11.
  • Bissen - seit eh und je. Band 1. Luxemburg, Éd. St Paul, 2001, 526 p.[2]
  • Bissen - seit eh und je. Band 2. Luxemburg, Éd. St Paul, 2002, 567 S.[2]
  • Agnes, N., 2014. Dem Victor Kalmes vu Biissen zum Gedenken: Erënnerung un e Schoulmeeschter, Zwangsrekrutéierten, Gewerkschaftler, Veräinsmensch a Lokalhistoriker. Luxemburger Wort 2014, Nr. 302 (30. Dezember), S. 41.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Luxemburger Wort 2014, Nr. 264 (13. November), S. 37 (Doudesannonce).
  2. 2,0 2,1 Bespriechung am Luxemburger Wort 2001-12-27, S. 12 (Neu auf dem Büchermarkt: "Bissen — seit eh und je", Chronik eines Dorfes).