Gemeng Viichten
| Gemeng Viichten | |
|---|---|
|
| |
|
d'Märei vu Viichten | |
| An anere Sproochen |
fr: Vichten de: Vichten |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Kanton Réiden |
| Chef-lieu | Viichten |
| Buergermeeschter | Paul Maréchal |
| Awunner | 1.453 |
| 1. Januar 2026 | |
| Fläch | 1.226 ha |
| Héicht | 283 m |
| Koordinaten |
49° 48’ 9’’ N 05° 59’ 55’’ O |
| LAU-Code | LU0709 |
| Websäit | https://vichten.lu/ |
|
| |
|
D'Gemeng Viichten (orange) am Kanton Réiden (rout) | |
D'Gemeng Viichten ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Viichten vun där se och hiren Numm huet.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften
[änneren | Quelltext änneren]Lieu-diten
[änneren | Quelltext änneren]Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Viichten ass déi ëstlechst Gemeng am Kanton Réiden.
Nopeschgemenge sinn:
- am Norden d'Gemeng Mäerzeg am Kanton Dikrech,
- am Osten, op enger Längt vu knapps 400 m Colmer-Bierg, a Biissen, allebéid Kanton Miersch,
- am Süden Helperknapp am Kanton Miersch,
- am Westen dräi Gemengen aus dem Kanton Réiden: Useldeng, Préizerdaul (op enger Längt vun ca. 450 m) a Groussbus-Wal.
Verkéierstechnesch ass d'Gemeng iwwer e puer Chemin reprisen (CR305, 306 an 360) am Norden un d'N12 an d'N21 an am Süden un d'N22 ugeschloss.
Nopeschgemengen
[änneren | Quelltext änneren]Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]
Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]| Beschreiwung am Originaltext: burelé d'argent et de gueules au pal d'or chargé d'une bande de gueules, ledit pal accosté de deux étoiles à six rais d'or |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vun der Gemeng Viichten gëtt nom Majorzsystem gewielt.
Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]- . . .
- ≤ 1848: Dominique Peckels[2]
- . . .
- 1934: Eugène Hoffmann
- . . .
- 1946 - 1957: Michel Decker
- 1957 - : Felix Peckels
- . . .
- ? - 2013: Nico Maréchal
- 2013 - 2017: Camille Scheuren
- 2017 - 2021: Jean Colombera
- 2021 - 2026: Luc Recken[3][4]
- zanter 2026: Paul Maréchal[4]
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Viichten ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Bekannt Leit aus der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Pierre Grégoire (1907-1991), Politiker, Journalist a Schrëftsteller
- Eugène Hoffmann (1886-1935), Bauer a Politiker
- Jean-Pierre Kayser (1873-1946), Geeschtlechen
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Eng Kopie vum réimesche Buedem-Mosaik dat 1994 zu Viichten fonnt gouf. D'Original ass am Musée fir Geschicht a Konscht an der Stad.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Viichten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert den 11.08.2020. Gekuckt den 21.07.2020.
- ↑ Circulaire du 22 avril 1848 N° 4984-136 concernant la publication de la liste des députés élus lors des élections du 19 avril courant. legilux.public.lu.
- ↑ "Luc Recken ersetzt Jean Colombera als Buergermeeschter." rtl.lu, 13.01.2021.
- 1 2 (fr) Assermentation aux fonctions de bourgmestre et échevin de la commune de Vichten. maint.gouvernement.lu (09.03.2026). Gekuckt den 11.03.2026.
