Jean Colombera

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Colombera
Gebuer 2. Februar 1954
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg, Italien
Educatioun Jongelycée vun Esch,
Universitéit Nanzeg,
Université Nancy-II
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Hausdokter
Partei ADR, PID

De Jean Colombera, gebuer den 2. Februar 1954 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche[1] Politiker, Medezinner an Auteur.

Vun 1999 bis Enn 2012 war hien ADR-Deputéierten an der Chamber. Nodeem hien aus der Partei ausgetruede war, war hie bis September 2013 onofhängegen Deputéierten.[2] Am Juni 2013 huet hien eng nei Partei matgegrënnt, d'Partei fir Integral Demokratie (PID).[3]

Vun 2017 bis uganks 2021 war hie Buergermeeschter an der Gemeng Viichten. Bis 2023[4] war hien do 2. Schäffen.[5]

Den Dokter Jean Colombera ass och President vun der Union francophone pour les cannabinoïdes en médecine (UFCM) an e setzt sech an dësem Beräich och an der Fuerschung an.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Geschicht vun der ADR: 14. Juni 99: Das Luxemburger Wort schimpft: „Was hat sich der Wähler dabei gedacht, diese Demagogen, die sich auf Kosten der Homogenität und des Gemeinschaftsgefühls in der Gesellschaft breitmachen, massiver denn je zu stimmen…usw. usf.“ Daraufhin tritt der neugewählte ADR-Norddeputierte Jean Colombera, der erst kurz vor den Wahlen die luxemburgische Nationalität angenommen hatte, vor dem Hauptgebäude der Sankt-Paulus-Druckerei in den Hungerstreik.
  2. "Jean Colombera trëtt awer aus adr aus a behält säi Mandat." RTL.lu - 21.12.2012, 11:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.12.2012, 14:16.
  3. "De Jean Colombera huet eng nei Partei gegrënnt." RTL.lu - 20.06.2013, 06:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.06.2013, 06:20.
  4. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (18.07.2023). Gekuckt de(n) 19.07.2023.
  5. "Luc Recken ersetzt Jean Colombera als Buergermeeschter." rtl.lu, 13.01.2021.
  6. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004
  7. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/